Uergel Muttergotteskapell Iechternach

Vu Wikipedia
D'Uergel.

D'Uergel an der Muttergotteskapell zu Iechternach ass eng Uergel mat engem Manual. Si steet an der Muttergotteskapell, an der Rue de la chapelle.

1993 gouf se vum Lëtzebuerger Uergelbauer Jean Siweck restauréiert. Zanterhier steet se net méi um Duxall, mä lénks am Chouerraum. Bis viru kuerzem war just gewosst, datt se 1845 vum Kinnek-Groussherzog Wëllem II. gestëft gi war. Bis dohi stoung se am Walfer Schlass, der Summerresidenz vum Kinnek.

D'Uergel huet follgend Dispositioun:

  • Bass (lénks): Holpijpe 8', Fluit 4', Quint (B/D) 3', Salicionaal 2', Forte
  • Diskant (riets: Holpijpe 8', Viola 8', Prestant 4', Fluit 4', Octaaf 2'
  • Manualëmfang: C-f3, mechanesch Spill- a Regëstertraktur

Trotz ettleche Recherchë war et bis elo net méiglech, de Constructeur vun der Uergel eendeiteg z'ermëttelen. Bannendra sti verschidden Nimm. Warscheinlech gouf d'Gehais vun enger Firma Müller aus Limburg gebaut, déi fir d'hollännesch Firma J. Bätz & Co. - deem Uergelbauer, dee fir d'hollännescht Kinnekshaus geschafft huet - Aarbechte gemaach huet. Dofir gëtt si och "Oranier-Uergel" genannt. Vun deem Typ gëtt et der nëmme 5 op der ganzer Welt.

D'Uergel gouf den 11. Dezember 2002 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Norbert Thill, Orgeln und Orgelbau in Luxemburg, Ed. Borschette, Larochette 1993, S.177-182.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).