Unité de garde et de réserve mobile

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Unité de garde et de réserve mobile (ofgekierzt UGRM) ass déi lëtzebuergesch Bereetschaftspolice an ee vun den zentrale (landeswäit agesatene) Servicer vun der Police grand-ducale[1]. D'UGRM ass ënnerdeelt an de Service Palais, de Support aérien, de Groupe canin an de Groupe de garde et de protection, déi all landeswäit ënnerstëtze sollen an och spezifesch Aufgaben hunn, virun allem Gard, Protektioun, etc.

Ënnerdeelung an Aufgaben[änneren | Quelltext änneren]

Service Palais[änneren | Quelltext änneren]

De Service Palais këmmert sech virun allem ëm d'Site vun der groussherzoglecher Famill:

  • Gard vun de Residenze vun der groussherzoglecher Famill (Groussherzogleche Palais, Schlass Bierg, Schlass Fëschbech)
  • Zougangskontroll op de Site
  • Peripheriesiwwerwaachung
  • Sécherheets- an Éieremissioun
  • Uerdnungs- a Verkéiersservice
  • Empfänke vu Schrëftverkéier a Päck
  • Dierwiechtersservice fir d'Geriicht Dikrech

Support Aérien - SUPA[änneren | Quelltext änneren]

De Policehelikopter mat der Registréierung LX-PGA um Findel

De Support Aérien (ofgekierzt SUPA) erfëllt seng Missioune mam eenzege lëtzebuergesche Policehelikopter, enger MD-902, déi vu LAR-Pilote geflu gëtt a mat Opérateure vum SUPA gesat gëtt. D'Rufzeeche vun dësem Helikopter ass Police 1. D'Aufgabe vum SUPA sinn:

  • Generell Iwwerwaachung vum nationalen Territoire
  • Präventiv Flich géint d'Kriminalitéit
  • Ënnerstëtzung vu Buedemunitéiten aus der Loft
  • Sich no vermësste Persounen
  • Encadrement vu Groussevenementer
  • D'Huele vu Fotoen
  • Evaluatioun an Iwwerwaachung vum Stroosseverkéier
  • Iwwerwaachung vu verschiddene Geldtransporter
  • Ënnerstëtzung vu Grenzregiounen (Belsch, Däitschland) op Ufro

Groupe canin[änneren | Quelltext änneren]

De Groupe canin schafft mat 16 däitsche Schéiferhënn a Malinoishënn (eng Varietéit vum belsche Schéiferhond), wouvun der 8 op d'Siche vun Drogen, 5 op d'Siche vun explosive Stoffer an 2 op d'Siche vu Brandbeschleuneger trainéiert sinn. Et gi 15 Hondsmeeschteren. D'Missioune vum Groupe Canin sinn:

  • Sich no Rauschgëfter
  • Präventiv Sich no explosive Stoffer
  • Opspiere vu Persounen an Objeten
  • Verteidegung
  • Präventiv Patrullen a Kontrollen
  • Sich no Brandbeschleuneger
  • Fänke vun ausgebrachenen oder agressiven Hënn
  • Betäube vun aneren Déieren a kritesche Situatiounen

Groupe de garde et de protection - GGP[änneren | Quelltext änneren]

Cadre permanent

  • Ausbildung an Encadrement vu GIBs-Memberen
  • Koordinatioun an Iwwerwaachung vum Transport vu Gefaangenen
  • Gestioun a Kontroll vun den Avertissements taxés (Protokoller)
  • Gestioun vum Fuhrpark, vun den Equipementer a vun den de Policelokaler
  • Koordinatioun an Iwwerwaachung vun den äußere Grenze vum Centre des Conférences Kirchberg
  • Réckféierung vu Persoune fir déi en Haftbefeel ausgestallt gouf
  • Speziell Missiounen: Réckféierungen (Ofschiebungen), Ausliwwere vu Gefaangenen un Ambassaden
  • Verantwortlech während der Permanence

Groupe des inspecteurs et brigadiers (GIB)

  • Service fir Gard, Sécherheet a Protektioun
* Transport vu geféierleche Gefaangenen a Veruerteelten
* Gard vu Gefaangenen a festgehalene Persounen am Spidol (7 Deeg op 7, 24 Stonnen op 24)
* Dierwiechterservice fir d'Geriichter Lëtzebuerg an Dikrech
* Sécherheetsposte beim Ausseministère
* Uerdnungsservice bei der Chamber (während den ëffentleche Sëtzungen)
* Sécherheetsposte bei der US-Ambassade a beim EU-Conseil um/zu Kierchbierg/Senningen
  • Verschidde Patrullen
* Protektioun vu sensible Plazen
* Begleedung a Kontrollen an nationalen Zich
* Verstäerkung mat motoriséierte Patrullen oder zu Fouss fir déi regional Bezierker
  • Verstäerkung vun den zentrale Servicer a regionalen Direktiounen
* Réckféierunge vun Asylanten (no der Regelung vun Dublin)
* Speziell Servicer (Manifestatiounen, Fussballsmatcher, etc.)

Referenzen[Quelltext änneren]