Usson

Vu Wikipedia
Usson
Usson vu Weste gesinn

Usson vu Weste gesinn
Usson vu Weste gesinn
Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Puy-de-Dôme
Arrondissement Clermont-Ferrand
Kanton Sauxillanges
Postcode 63490
Gemengecode 63439
Koordinaten 45° 31’ 42’’ N
      03° 20’ 24’’ O
Fläch  543 ha
Bevëlkerung  194 (1999)

Usson ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Puy-de-Dôme an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.

Usson ass en typescht Duerf vun der Basse Auvergne, dat am Süd- a Südwesthank vun enger Vulkankopp läit.

Wéi vill Dierfer an der Géigend, huet et sech ëm eng Buerg forméiert. D'Haiser sinn aus schwaarzem Basaltsteen gebaut a mat roude Kanalzille gedeckt. Ze bemierken ass datt déi Diech keng Kullangen hunn, mä den Ofschloss eng Corniche a Form vu Génoise ass. An dem Duerf steet nach den Iwwerrescht vun engem Dauwentuerm.

D'Wäiproduktioun déi fréier grouss war, limitéiert sech hautdesdaags nach just op de klenge regionale Verbrauch an d'Wéngerte goufen am flachen Deel a Felder oder Wisen transforméiert.

D'Wënzerhaiser hu keng besonnesch déif Kelleren, seele méi wéi 2 Meter, an d'Fässer leien op Bassoiren déi an de Fiels geha goufen.

No Norden hin, hält d'Duerfstrooss bei der klenger romanescher Kierch op, an duerno fënnt een nach just e puer verfalen Haiser déi vun der spontaner Vegetatioun iwwerwuess ginn.

Vun der Buerg, déi relativ grouss war, se hat dräi Réng vu Festungsmauere mat 20 Tierm, stinn nach juste e puer Reschter op der Kopp, op där eng grouss Statu vun der Muttergottes steet, déi um Enn vum 19. Joerhonnert opgeriicht gouf, a bei déi all Joer de leschte Sonnden am Mee eng Nuetspressioun geet.

D'Buerg gouf op Uerder vum Kardinol Richelieu zerstéiert, well hien dorënner eng Gefor fir d'Zentralautoriéit gesinn huet.

An der Mëtt vum Duerf ass nach d'Gardegebai erhalen an där d'Wiechter vun der Kinnigin Margot déi do 19 Joer am Exil verbruecht huet, gewunnt hunn.

Nopeschuertschaften[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Usson – Biller, Videoen oder Audiodateien