Véronique Kolber
Ausgesinn
| Véronique Kolber | |
|---|---|
| Gebuer | 15. November 1978 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Fotografin |
| Auteursrechter | Wierker sinn duerch Auteursrechter geschützt |
|
| |
D'Véronique Kolber, gebuer de 15. November 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Fotografin.
Fotografie huet si fir d'éischt zu Bréissel an der Le 75: École Supérieure des Arts de l'Image geléiert. Duerno huet se Plastesch Konscht op der Université Marc Bloch zu Stroossbuerg studéiert, wou si 2005 hire Master gemaach huet.
D'Véronique Kolber wunnt a schafft an der Buerg.
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Kolber, Véronique, 2002. Reflections, Centre national de l'audiovisuel, Diddeleng. ISBN 2-919873-72-5.
