Vallis Baade

Vu Wikipedia
Vallis Baade (Äerdmounddall)
De Vallis Baade an de Krater Baade (lénks; Foto vum LROC-WAC).
Eegenschaften
Breet -45.56
Längt -77.25
Duerchmiesser 206.79 km
Genannt 1964 nom Krater Baade

De Vallis Baade ass e Mounddall um westleche Rand vun der viischter Äerdmoundsäit, deen iwwer eng Streck vun iwwer 200 Kilometer, vum klenge Krater Bouvard D, nordëstlech vum Krater Baade aus, a südwestlecher Richtung verleeft a beim Krater Inghirami K ophält.

Den Dall verleeft wéi de Vallis Bouvard, als deem seng Fortsetzung e gesi ka ginn, oder den ongeféier parallele Vallis Inghirami dee radial ewech vum groussen Aschlagbecke vum Mare Orientale leeft.

Den Numm ass vum Krater Baade ofgeleet, hie gouf 1964 vun der IAU nom däitschen Astronom Walter Baade genannt.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]