Vanessa Jopp

Vu Wikipedia
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Vanessa Jopp
Gebuer 28. Februar 1971
Leonberg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

D'Vanessa Jopp, gebuer den 28. Februar 1971 zu Leonberg, ass eng däitsch Filmregisseurin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Vanessa Jopp huet fir d'éischt dräi Semestere laang Wirtschaftswëssenschafte studéiert ier se 1993 un der „Hochschule für Fernsehen und Film München“ opgeholl gouf. Do sinn d'Aarbechten One Night Suicide a Café True Romance entstanen.

Bekannt gouf d'Jopp virun allem duerch d'Filmer Vergiss Amerika (2000) mam Franziska Petri, dem Marek Harloff an dem Roman Knižka an Engel & Joe (2001) mam Robert Stadlober an dem Jana Pallaske. A Koregie mat dem Florian Gallenberger an anere jonke Regisseuren ass 2001 den Episodefilm Honolulu entstanen. D'Jopp huet och den Tatort-Krimi Der schwarze Troll, erëm mam Marek Harloff, inzeenéiert. Op der Berlinale 2006 ass hiren Drama Komm näher mat dem Meret Becker, dem Stefanie Stappenbeck an dem Marek Harloff gelaf. De Film krut zwou Nominéierunge fir den Däitsche Filmpräis.

Hir Filmaarbechten[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]