Vendresse
Ausgesinn
| |||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | Grand Est | ||||
| Departement | |||||
| Arrondissement | Charleville-Mézières | ||||
| Kanton | Nouvion-sur-Meuse | ||||
| Postcode | 08160 | ||||
| Gemengecode | 08469 | ||||
| Koordinaten | 49° 36’ 17’’ N 04° 47’ 41’’ O | ||||
| Fläch | 4 322 ha | ||||
| Bevëlkerung | 494 (2010) | ||||
Vendresse ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Ardennes an der Regioun Grand Est.
Verkéier
[änneren | Quelltext änneren]Strooss
[änneren | Quelltext änneren]D'Uertschaft ass iwwer zwou Departementsstroossen un de Stroosseverkéier ugeschloss, an zwar d'D333 an d'D12.
Eisebunn
[änneren | Quelltext änneren]Bis uganks vum Zweete Weltkrich war Vendresse iwwer zwou Schmuelspuerbunnen un d'franséischt Eisebunnsnetz ugeschloss. Um Territoire vun der Gemeng waren dräi Halten an zwar Terron-lès-Vendresse a Vendresse op der Streck vu Poix-Terron op Raucourt an eng zu La Cassine op der Streck fir op Le Chesne.
Schëffsverkéier
[änneren | Quelltext änneren]De Canal des Ardennes mécht d'Verbindung tëscht dem Canal de la Meuse mat Uschloss zu Pont-à-Bar an dem Canal latéral à l'Aisne mat Uschloss tëscht Vieux-les-Asfel an Neufchâtel-sur-Aisne.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Reschter vum Schlass zu La Cassine
-
D'Schleis um Canal des Ardennes zu La Cassine
-
Déi fréier Eisebunnshalt