Vera (Virnumm)
Ausgesinn
Vera ass e weibleche Virnumm.
Originn a Bedeitung vum Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den Numm kënnt aus dem slawesche Sproochraum (russ. Вера) an heescht op Lëtzebuergesch iwwersat "Glawen, Zouversiicht, Vertrauen".
Et ass ee vun den dräi no de Chrëschtlechen Dugende benannte russesche Virnimm (kuckt och Ljubow an Nadejda).
Et handelt sech ëm eng Iwwersetzung vum griicheschen Numm Pistis ("Glawen", lat. fides), dee mat der Veréirung vun der Hellege mam selwechten Numm a Russland koum. Donieft existéiert Vera am Laténgesche mat der Bedeitung "wouer" respektiv "déi Wouer".
D'maskulin Form Verus gouf et just an der Antikéit.[1]
Déi familiär Form vu Vera ass Verka.
Namensdag ass de 24. Januar.
Varianten
[änneren | Quelltext änneren]- Serbesch: Vera (Bepa)
- Bulgaresch: Vera (Вера)
- Finnesch: Veera
- Litauesch: Verute
- Polnesch: Wiera
- Slowakesch: Viera
- Tschechesch: Věra
Bekannt Veraen
[änneren | Quelltext änneren]- Vera Balser-Eberle (1897–1982), éisträichesch Schauspillerin
- Vera Felicitas Birkenbihl (1946–2011), däitsch Saachbuchauteurin a Managementtrainerin
- Vera Böhnisch (* 1986), éisträichesch Sängerin
- Vera Bohle (* 1969), däitsch Fernseeredakteurin und Mineraumerin
- Věra Čáslavská (* 1942), tschechesch Konschtturnerin
- Věra Chytilová (1929-2014), tschechesch Filmregisseurin und Drehbuchauteurin
- Véra Clouzot (1913–1960), franséisch-brasilianesch Schauspillerin
- Vera Dua (* 1952), belsch Politikerin
- Wera Sergejewna Iljina (* 1974), russesch Waasserspréngerin
- Vera Ferra-Mikura (1923–1997), éisträichesch Kannerbuchauteurin
- Wera Frydtberg (1926–2008), däitsch Schauspillerin
- Vera Henriksen (* 1927), norwegesch Schrëftstellerin
- Wera Michailowna Inber (1890–1972), russesch Schrëftstellerin
- Wera Michailowna Jermolajewa (1893–1938), russesch Molerin
- Wera Jakowlewna Komissowa (* 1953), russesch Liichtathleetin
- Wera Wassiljewna Korsakowa (* 1941), russesch Liichtathleetin
- Wera Küchenmeister (* 1929), däitsch Schrëftstellerin
- Vera Lengsfeld (* 1952), däitsch Politikerin
- Věra Linhartová (* 1938), tschechesch Schrëftstellerin
- Vera Lischka (* 1977), éisträichesch Politikerin a fréier Schwëmmerin
- Věra Ludíková (* 1943), tschechesch Dichterin
- Vera Lynn (* 1917), brittesch Sängerin
- Vera Menchik (1906–1944), russesch Schachspillerin
- Vera Miles (* 1929), US-amerikanesch Filmschauspillerin
- Wera Ignatjewna Muchina (1889–1953), russesch Sculptrice
- Vera Nikolić (* 1948), serbesch Liichtathleetin
- Wera Apollonowna Obolenskaja (1911–1944), franséisch Partisanin
- Věra Pospíšilová-Cechlová (* 1978), tschechesch Liichtathleetin
- Vera Rubin (* 1928), US-amerikanesch Astronomin
- Vera Russwurm (* 1959), éisträichesch Fernseemoderatorin
- Werka Serdjutschka (* 1973), ukrainesche Sänger
- Vera Spautz (* 1963), lëtzebuergesch Politikerin
- Věra Suková (1931–1982), tschechesch Tennisspillerin
- Wera Igorewna Swonarjowa (* 1984), russesch Tennisspillerin
- Vera Tschechowa (* 1940), däitsch Schauspillerin a Produzentin
- Vera Weisgerber (* 1971), lëtzebuergesch Kënschtlerin
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Konrat Ziegler, Der Kleine Pauly, Lexikon der Antike, Band 5. DTV, München 1979, ISBN 3-423-05963-X