Victor Klees
Ausgesinn
| Victor Klees | |
|---|---|
| Gebuer |
18. Oktober 1907 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen | 15. Abrëll 1995 |
| Alter | 87 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Waasserballspiller, Foussballspiller |
| Huet matgemaach bei | Olympesch Summerspiller 1928 |
|
| |
De Victor Klees, gebuer den 18. Oktober 1907 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 15. Abrëll 1995, war e lëtzebuergesche Schwëmmer, Olympionik[1] a Foussballspiller, dee bei der Spora ënner Vertrag stoung.[2]
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1928 zu Amsterdam am Waasserball vertrueden.[3]
Hien huet de 25. Januar an den 1. Mäerz 1931 fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[4]
De Victor Klees hat en zimmlech kräftege Schoss: 1930 an der Finall vun der Coupe des 3 Nations géint den FC Mannheim, huet hien e Fräistouss aus 60 Meter Entfernung verwandelt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ De Victor Klees op der Websäit vu sports-reference.com
- ↑ De Victor Klees op der Websäit Weltfussball.de
- ↑ De Victor Klees op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt de 27.04.2014.
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Victor Klees op der Websäit european football
