Vindobona

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der keltescher an duerno réimescher Siidlung Vindobona am haitege Wien. Fir aner Bedeitunge vu Vindobona, kuckt wgl. Vindobona (Homonymie).
Dat réimecht Wien
Réimesch Iwwerreschter bei der Hofburg um Michaelerplatz

Vindobona war ursprénglech eng keltesch Siidlung, a spéider e réimescht Legiounslager am haitege Wien. Ëm 15 v. Chr. gouf d'Kinnekräich Noricum an d'Réimescht Räich opgeholl. D'Donau gouf zu der Grenz vum Imperium, an d'Réimer hunn um Donauufer Befestegungen a Siidlungen ugeluecht.

Der Geograph Ptolemäus ernimmt Vindobona a senger Explicatio geographica. De Geschichtsschreiwer Aurelius Victor erzielt, datt de Keeser Marcus Aurelius, deen hei wärend de Markomannekricher ee vu sengen Haaptquartéieren hat, de 17. Mäerz 180 zu Vindobona gestuerwen ass. Nach haut gëtt et zu Wien an der Géigend vum Hohen Markt eng Marc-Aurelstrasse. Vindobona huet zu der réimescher Provënz Pannonia gezielt. D'regionalt Verwaltungszentrum war Carnuntum.

Vindobona war e Militärlager mat "ugebauter" Zivilstad (Canabae). Um aneren Donauufer konnt eng germanesch Siidlung mat enger grousser Handelplaz zanter dem 2. Joerhonnert nogewise ginn.

Den Ëmrëss vum Militärlager kann een haut nach um Stroosseverlaf erkennen: Graben, Naglergasse, Tiefer Graben, Salzgries, Rabensteig, Rotenturmstrasse. Den Numm Graben soll op de Befestegungsgruef vum Lager zeréckgoen. Et gëtt ugeholl datt en Deel vun dëse Maueren nach stoungen, wéi am Mëttelalter d'Stroossen ugeluecht goufen, an domat de Stroosseverlaf virginn hunn. An engem Eck vum Lager ass spéider de Berghof entstanen.

Vindobona gouf vu réimeschen Häff (Villae rusticae) aus der Ëmgéigend mat Iesse versuergt.

Op ville Plazen zu Wien goufen Iwwerreschter aus der Réimerzäit fonnt: Op der Freyung ass eng schmuel Sträif vun enge Réimerstrooss fräigeluecht ginn. Um Michaelerplatz gouf e rechteckegen Ausschnëtt queesch duerch verschidden historesch Schichten ausgegruewen, dorënner och Deeler aus der réimescher Stad [1]. Ënner der Pompjeeszentral um Hof ass en Deel vun der réimescher Kanalisatioun [2]. Um Hohen Markt ass den Agank zu engem Keller mat réimesche Fundamenter, warscheinlech Deeler vun Offizéiersquartéieren [3].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vindobona – Biller, Videoen oder Audiodateien
Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.