Volvo
Ausgesinn
| Volvo | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Typ | aktiebolag |
| Grënnungsdatum | 1927 |
| Sëtz | Göteborg |
| President | Carl-Henric Svanberg |
| Mataarbechter | 94.914 |
| (2016) | |
| Branche | Automobilindustrie |
| Homepage | https://www.volvogroup.com/ |
|
| |
D'Volvo Group (vum laténgesche volvo "ech rullen") ass haut e schweedeschen Constructeur vun Aarbechtsmaschinnen, Camionen a Busser.
Volvo gouf 1927 als Automobilsconstructeur gegrënnt, wat awer mëttlerweil net méi zur Volvo-Grupp gehéiert. D'Volvo Car Corporation gouf 1999 u Ford, an duerno un de chineeseschen Autosconstructeur Geely verkaaft. Volvo Group a Volvo Car Corporation sinn zwéi komplett vunenee getrennt Konzerner, déi béid awer hire Sëtz um selwechten Terrain zu Göteborg hunn.
D'Volvo-Grupp produzéiert mëttlerweil Busser, Baumaschinnen a Camione fir d'Marke Volvo Trucks, Renault, Mack an Nissan. Och d'Subentreprise Volvo Penta, déi Schëffsmotore baut, gehéiert zur Volvo Group.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Volvo – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Websäit vu Volvo Group.
