Volvo Car Corporation

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Sëtz vun Volvo Car Corporation zu Göteborg

D'Volvo Personvagnar AB (op englesch an am internationalen Gebrauch Volvo Car Corporation) ass e schweedeschen Automobilconstructeur mat Sëtz zu Göteborg. Volvo Personvagnar war ursprénglech e Kärgeschäft vun der Volvo Group, bis et 1999 u Ford an am Mäerz 2010 un de chineeseschen Automobilconstructeur Geely verkaaft gouf.

Volvo Personvagnar fungéiert mëttlerweil eegestänneg an huet näischt méi mat der Volvo Group ze dinn. Den Besëtzer an CEO vun Geely, den Li Shufu ass Präsident vum Verwaltungsrot. Präsident an CEO vun der Volvo Car Corporation ass zënter Oktober 2012 de Schweed Håkon Samuelsson.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Volvo PV444
Volvo Amazon P130 vun 1966
Volvo 240 GL vun 1990

D'Grënner vu Volvo waren den Assar Gabrielsson an de Gustaf Larson. Si hunn allebéid virun der Grënnung vu Volvo bei enger schweedescher Firma geschafft. Déi zwéi schweedesch Entrepreneren hate vun Unfank un d'Iddi fir e schweedeschen Auto ze bauen. 1927 war et du sou wäit, deen éischte Volvo, de Volvo ÖV4 "Jakob", ass de 14. Abrëll 1927 aus dem Wierk zu Lund gerullt. Dat war d'Gebuertsstonn vu Volvo.

Duerno si bis 1958 zéng weider Volvo Modeller gebaut ginn, bis 1946 den éischte kommerziellen Erfolleg fir Volvo mam Modell PV444 koum, deen an Däitschland "Buckelvolvo" genannt gëtt. Weider Versioune vum PV444 sinn den PV445 Duett an säin Nofollger, den Volvo PV544.

Volvo war scho ganz fréi e Virreider a punkto Sécherheet. 1944 war de PV444 deen éischten Auto mat enger viischter Scheif aus Verbondglas. 1959 huet Volvo, duerch den Ingenieur Nils Bohlin, den Dräipunkt-Sécherheetsgurt erfonnt. Volvo war och deen éischten Autosconstructeur deen den Dräipunkt-Gurt och serieméisseg a sengen Autoen, dem PV544 an dem Amazon, verbaut huet. 1956 koum dee ganz seelene Cabriolet P1900 op de Maart. Et goufe just 67 bis 68 Autoe vun deem Typ gebaut.

Eng weider ganz erfollegräich Serie war de Volvo P120, och nach "Amazon" genannt. D'Coupéversioun dovun ass de P1800 a P1800ES, och nach "Schneewittchensarg" genannt. 1966 huet eng nei Ära fir Volvo ugefaangen. Mam Volvo 144 hat déi schweedesch Autosmark dee bis dohi gréissten Erfolleg. Dem 144 seng Linne si bis an d'Modeller aus den 1990er eran ze fannen. Och hei gëtt et verschidde Versiounen, wéi den 142, den 145 (Kombi Versioun) an den 164.

An der Mëtt vun den 1970er Joren huet Volvo déi weltwäit erfollegräich Serie 240 an 260 op de Maart bruecht. D'Serie 240/260 gouf 20 Joer laang bis zu 2,8 Millioune mol gebaut. Volvo huet an de 70er Joren och probéiert kleng Autoen ze bauen. Dat huet awer eréischt funktionéiert wéi Volvo zu engem Drëttel bei der hollännescher Autosmark DAF erageklommen ass. Aus dem DAF 66 ass de Volvo 66 ginn. Duerno sinn nach weider Modeller komm, wéi den 343, den 345 an den 360.

An den 1980er Jore bréngt Volvo déi méi grouss Modeller Volvo 760 raus, déi et och als Kombi gouf. Vum 760 ass de Volvo 740 a 780 (Coupé) ofgeleet ginn. Déi Serie gëllen als immens Zouverlässeg a laanglieweg a bidden duerch hir kanteg Formen immens vill Plaz. Volvo huet sech mat deene Modeller en Numm an der gehuewener Klass gemaach. 1985 koum de Volvo 480, deen eng Hommage un de Volvo P1800ES sollt sinn, op de Maart. Et war deen éischte Volvo mat Frontantrib. Um Enn vun den 1980er koumen och nach zwou Mëttelklass-Versiounen, déi um 480 baséiert hunn dobäi, de 440 an de 460.

1990 huet Volvo de 740 an de 760 duerch de Volvo 940 a 960 ersat. Den 940 war och erëm e Virreider-Auto, well et hei Dräipunkt-Automatikgurter an eng verstellbar Kappstäip an der Mëtt vun der Réckbänk gouf.

1999 ass d'Volvo Car Corporation dunn u Ford verkaaft ginn. Volvo war domat eng vun de ville Premiummarken, déi Ford zu där Zäit hat. Dorënner waren och Jaguar, Land Rover an Aston Matin. Volvo war 10 Joer laang am Besëtz vu Ford, wéi déi duerch d'Finanzkris Volvo huet misse verkafen. Geely ass dun fir 1,3 Milliarden Euro neie Proprietaire ginn.

Volvo Modeller[änneren | Quelltext änneren]

Rezent Modeller[änneren | Quelltext änneren]

Volvo XC90 (2002-2014)
  • Volvo S90 I/ V90 I (1997-1998)
  • Volvo 850/ 850 Kombi (1991-1996)
  • Volvo S70/ V70 I/ V70XC (1996-2000)
  • Volvo S40 I/ V40 I (1995-2004)
  • Volvo C70
    • Volvo C70/ C70 Cabrio (1996-2002)
    • Volvo C70 II (2005-2013)
  • Volvo C30 (2006-2012)
  • Volvo S40 II/ V50 (2003-2012)
  • Volvo V40 II/V40 Cross Country (2012-2019)
  • Volvo S60
    • S60 I (2000-2009)
    • S60 II (2010-2018)
  • Volvo V70/ XC70
    • V70 I/ XC70 I (2000-2007)
    • V70 II/ XC70 II (2007-2016)
  • Volvo S80
    • S80 I (1998-2006)
    • S80 II (2006-2016)
  • Volvo XC60 I (2008-2017)
  • Volvo XC90 I (2002-2014)
Erfollegräiche Volvo XC60 II

Aktuell Modeller[änneren | Quelltext änneren]

  • Volvo S60 III/ V60 II/ V60 Cross Country II (zanter 2018)
  • Volvo S90 II/ V90 II/ V90 Cross Country (zanter 2016)
  • Volvo XC40 (zanter 2017)
  • Volvo XC60 II (zanter 2017)
  • Volvo XC90 II (zanter 2015)

All déi aktuell Modeller si mat Plug-in-Hybridtechnologie ausgerëscht a ginn als Recharge-Modeller bezeechent.

Nennenswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Volvo Museum zu Arendal

Am Volvo Musée zu Arendal an Göteborg stellt Volvo déi meescht a bekanntst Volvo-Modeller, vun Autoen iwwer Camionen bis Trakteren a vill vun hire Sëcherheetsinnovatiounen aus.

Polestar ass eng Joint Venture tëscht den Autosproduzenten Volvo Car Corporation a Geely. Ënnert dem Numm Polestar Engineered funktionnéiert et als markeninternen Tuner a gouf 2017 als Eegemark fir Hybrid an Elektroautoen gegrënnt. De CEO vu Polestar ass den Thomas Ingenlath. De Sëtz ass zu Göteborg an Schweden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Volvo Car Corporation – Biller, Videoen oder Audiodateien

International Websäit vu Volvocars Geschicht vu Volvo op volvocars.lu