Wäibau an Éisträich

Vu Wikipedia
Wéngert am Süde vun der Steiermark

De Wäibau an Éisträich konzentréiert sech haaptsächlech op den Oste vun Éisträich. D'Land ass do flaach an hiwweleg, d'Klima ass méi dréche wéi an den alpine Gebidder.

Opdeelung[änneren | Quelltext änneren]

Bis 2009 gouf et an et Éisträich je no Auteur an Zäitraum 3 (Weinland, Steirerland, Bergland) oder 4 (Nidderéisträich, Wien, Steiermark, Burgenland) Wäiregiounen déi sech dann och deemtspriechend an tëscht 16 an 19 Wäibaugebidder opgedeelt hunn.

Dat neit Wäigesetz vun 2009 hält 5 Wäiregioune fest, mat am Ganzen 22 Wäibaugebidder an deenen et 13 kontrolléiert Appelatiounen Districtus Austriae Controllatus (DAC) gëtt, déi fir besonnesch gebiddstypesch Qualitéitswäiner däerfe gebraucht ginn.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Regioun Nidderéisträich[änneren | Quelltext änneren]

Nidderéisträich ass mat 28.145 ha déi gréisst Wäiregioun an Éisträich. Si ëmfaast d'Wäibaugebidder Carnuntum, Kamptal, Kremstal, Thermenregion, Traisental, Wachau, Wagram a Weinviertel.

Carnuntum[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 906 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner, den Zweigelt, de Blaufränkischen an de Cabernet. D'Klima ass pannonesch mat killem Wand vun der Donau an Aflëss vum Neusiedlerséi. De Buedem besteet aus Sand, Leem, Schotter a Löss.

Wachau[änneren | Quelltext änneren]

D'Wachau gehéiert wéinst senger Kulturlandschaft zum Weltkulturierwen. D'Rieffläch huet 1.390 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner,de Riesling, den Neuburger an de Chardonnay. D'Klima huet kontinental Aflëss. Wat et méi no Weste geet wat de Wäi méi saierzeg schmaacht. D'Biedem bestinn haaptsächlech aus Urgesteen, wéi Gnei, Granit a Schifer. An der Héicht mëscht sech och nach Löss dobäi. A flache Lage sinn et sandeg Biedem mat Löss.

Donauland[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 2.730 ha an d'Riefzorte sinn hei de Grénge Veltliner, de Wäissburgunder, den Zweigelt and de Roude Veltiner. Hei herrscht et staarke pannoneschen Afloss. De Buedem besteet zu 95 % aus Löss.

Kremstal[änneren | Quelltext änneren]

Krems ass eng vun den eelsten Wäistied an Éisträich. D'Rieffläch huet 2.170 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner,de Riesling an de Roude Veltliner. Den Afloss vum Bësch setzt sech hei duerch a d'Klima gëtt ëmmer méi rau wat ee méi wäit vu Krems ewech ass. An den Häng ass Urgesteenbuedem, soss Löss. Südlech bei der Donau mëscht sech ënner de Löss och nach Kisel a Schotter.

Thermeregioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 2.330 ha an d'Riefzorte sinn de Wäissburgunder, den Neuburger, den Zierfandler an de Routgipfler. En Drëttel vun der Fläch huet rout Riefzorten: de Pinot Noir, de St. Laurent an de Merlot. D'Klima ass pannonesch an de Buedem ass stengeg, karg, deelweis och leemeg a schwéier.

Kamptal[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 3.870 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner an de Riesling. Ëmmer méi kënnt hei och nach de Wäissburgunder, den Zweigelt, de Chardonnay an de Bloburgunder. Et gëtt hei zwou Klimazonen. Dat dréchent a waarmt Klima an déi rau Loft vum nordwestleche Bësch. De Buedem besteet haaptsächlech aus Gneis mat enger décker Schicht Löss driwwer. An den Toplage gëtt et nach Toun, Schifer, Schotter, Leem a Sand- a Vulkangestengs.


Wäivéirel[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet ongeféier 16.400 ha an d'Riefzorte sinn de Grénge Veltliner, de Welschriesling, de Wäissburgunder, den Zweigelt, de Chardonnay an de Bloe Portugis. D'Klima ass mëll a pannonesch an de Buedem besteet aus Granit, Leem, Löss a Muschelkallek.

Burgenland[änneren | Quelltext änneren]

Neusiedlerséi[änneren | Quelltext änneren]

D'Rieffläch huet 8.310 ha an d'Riefzorte si virun allem den Zweigelt an de Blofränkeschen. Et gëtt hei awer och nach Merlot, Bloburgunder a St. Laurent a wäiss Riefzorte wéi de Chardonnay, de Wäissburgunder an de Welschriesling.

Neusiedler-Hiwwelland[änneren | Quelltext änneren]

Mëttelburgenland[änneren | Quelltext änneren]

Steiermark[änneren | Quelltext änneren]

Weststeiermark[änneren | Quelltext änneren]

Südsteiermark[änneren | Quelltext änneren]

Südoststeiermark[änneren | Quelltext änneren]

Wien[änneren | Quelltext änneren]