Wallstreet (Museksgrupp)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wallstreet (Band))

Wallstreet ass eng belsch Coverband, déi och zu Lëtzebuerg ganz aktiv ass.

Wallstreet gouf 1987 gegrënnt a besteet zanter 1997 an der aktueller Formatioun. Nodeem se ufanks nëmmen an der Belsch gespillt huet, gouf se no an no och iwwer d'Grenzen eraus bekannt. Wallstreet huet all Joer iwwer 70 Optrëtter an der Belsch, an Däitschland an zu Lëtzebuerg.

Bandmemberen[änneren | Quelltext änneren]

Numm Funktioun Member säit
Jenny Palm Gesang 1997
Roger Feyen Gesang, Keyboards 1987
José Peters Gittar 1993
Marc Catteeuw Gittar, Gesang 1987
Frank Pint Keyboards, Background Gesang 1987
Pascal Den Tandt Drums 1989
Lucio Torino Bass, ACDC Gesang 1996

Repertoire[änneren | Quelltext änneren]

Wallstreet huet e Programm, deen all Zort vu Musek enthält; sief et haart Saache vun z. B. Rammstein, AC/DC, Rage Against the Machine, Böhse Onkelz; al Klassiker an Oldies; méi modern Saache vu Rihanna, Justin Timberlake, Mika; oder Stëmmungsmaacher wéi Liquido, Nena, Faithless an nach vill anerer.

Zum Bünebild an Ekipement gehéieren nieft de Museker an hiren Instrumenter, och méi speziell Saache wéi z. B. eng Siren, Parrécken, Sonnebrëller, e rosa Prabbeli (deen iwweregens vum Fanclub geschenkt gouf), Projekteren, Flamewerfer, Niwwelmaschinnen an eng Loftgittar.

Aner Spezialitéite vu Wallstreet sinn z. B. hir "Wallstreams", kleng Videoen déi op de Baler vun de Leit, an och vun der Band selwer gemaach ginn.

Fanclub[änneren | Quelltext änneren]

Am Juni 2007 gouf e Wallstreet Fanclub gegrënnt. De Wallstreet-Fanclub ass den éischte lëtzeburgesche Fanclub vun der Coverband Wallstreet, an war am Ufank just eng Iwwerraschungsiddi vu knapps 10 Leit fir Wallstreet.

Wéinst groussem Interessi ass de Club dunn offiziell ginn, an e gëtt vu bal 50 Memberen ënnerstëtzt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]