Walter Wislicenus

Vu Wikipedia
Walter Wislicenus
Gebuer 5. November 1859
Halberstadt
Gestuerwen 3. Oktober 1905
Stroossbuerg
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Universitéit vu Leipzig,
Universitéit vu Stroossbuerg
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser

De Walter Friedrich Wislicenus, gebuer de 5. November 1859 zu Halberstadt, Sachsen-Anhalt a gestuerwen den 3. Oktober 1905 zu Stroossbuerg, Elsass, un Typhus, war en däitschen Astronom.

Vum Joer 1880 u war hien Astronom um Observatoire vu Stroossbuerg, vun 1889 Privatdozent a vun 1894 bis 1897 ausseruerdentleche Professer fir Astronomie op der Universitéit Stroossbuerg.

1899 grënnt hien e Referatenorgan, den Astronomischer Jahresbericht an huet déi éischt Joergäng publizéiert. Dat Joerbuch gouf 1969 mat den Astronomy and Astrophysics Abstracts ersat déi zweemol am Joer erauskommen.

No him sinn den Asteroid (4588) Wislicenus an e Krater um Mars genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • H. W. Duerbeck: Walter F. Wislicenus and Modern Astronomical Bibliography. In: André Heck (Hrsg.): The Multinational History of Strasbourg Astronomical Observatory. Astrophysics and Space Science Library. Volume 330, Springer, Dordrecht 2005, ISBN 978-1-4020-3643-9, S. 153–165.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie