Observatoire vu Stroossbuerg
|
| |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Datum vum Bau | 1881 |
| Opgaangen | 22. September 1881 |
| Websäit | https://astro.unistra.fr/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Frankräich |
| Regioun/Gemeng | Stroossbuerg |
| Koordinaten | 48°35'0"N, 7°46'5"O |
| Héicht | 142 m |
|
| |

Den Observatoire vu Stroossbuerg ass en astronomeschen Observatoire um historesche Campus vun der Universitéit Louis Pasteur zu Stroossbuerg am Bas-Rhin a Frankräich. E gouf tëscht 1876 an 1880 gebaut an den 22. September 1881 ageweit.
Den Observatoire ass e Centre de recherche et d'enseignement an deem et och e Planetarium an e Centre de données astronomiques gëtt.
Et ass den drëtten Observatoire deen am Laf vun der Zäit zu Stroossbuerg gebaut gouf. Den éischte gouf 1673 an engem Tuerm vun de Stadmaueren ageriicht, an den zweeten 1928 um Daach vum Akademiesgebai.
Den éischten Direkter war vun 1872 bis 1886 den däitschen Astronom August Winnecke. Aner bekannt Astronomen, déi am Stroossbuerger Observatoire geschafft hunn, waren de Julius Bauschinger (Direkter vun 1909 bis 1919), de William Lewis Elkin, den Ernest Esclangon (Direkter vun 1919 bis 1929), den André Danjon (Direkter vun 1929 bis 1945), de Pierre Lacroute (Direkter vun 1946 bis 1976), den Ernst Hartwig, den Otto Tetens, de Carl Wilhelm Wirtz an de Walter Wislicenus.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Observatoire vu Stroossbuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
