Observatoire vu Calern
|
| |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Frankräich |
| Regioun/Gemeng | Caussols |
| Koordinaten | 43°45'10,59"N, 6°55'21,35"O |
|
| |
Den Observatoire vu Calern ass en Observatoire a Frankräich, nërdlech vun der Stad Grasse an den Alpes-Maritimes. E läit um Plateau Calern op enger Héicht vun 1.270 m, e puer Kilometer ewech vum Plateau Caussols.
Den Observatoire huet bis 1988 zum Centre d'études et de recherches géodynamiques et astronomiques, kuerz CERGA gehéiert. Bei der Reorganisatioun an der Opléisung vum CERGA gouf den Observatoire de Calern en Deel vum neigegrënnten Observatoire vun der Côte d'Azur.
Instrumenter
[änneren | Quelltext änneren]Den Observatoire huet eng Schmidtkamera mat 90 cm Ëffnungs- an 1,52 m Spigelduerchmiesser. Ënner dem Antoine Labeyrie goufen eng Rei Interferometeren entwéckelt, dorënner den I2T[1], GI2T[2], de leschte bestoung aus zwee Spigelteleskope mat engem Duerchmiesser vun 1,5 Meter, déi iwwer Schinnen op Basislängten tëscht 13 a 65 Meter opgefouert konnte ginn. Donieft gëtt et Prototyppe vun Eenzelteleskopen deenen hir Kombinatioun fir e giganteschen Teleskop-Projet (Optical Very Large Array, OVLA) ënnersicht goufen. E weideren Interferometer ass de Soirdete[3] deen duerch zwee 1-Meter-Teleskope gebilt gëtt.
Weider sinn am Observatoire zwee Laser fir d'Distanzmiessung vum Äerdmound oder zu Satellitten opgebaut.
Entdeckungen
[änneren | Quelltext änneren]| (3913) Chemin | 2. Dezember 1986 |
| (4602) Heudier | 28. Oktober 1986 |
| (4603) Bertaud | 25. November 1986 |
| (4892) Chrispollas | 11. Oktober 1985 |
| (5576) Albanese | 26. Oktober 1986 |
| (5671) Chanal | 15. Dezember 1985 |
| (5769) Michard | 6. August 1987 |
| (6375) Fredharris | 1. Oktober 1986 |
| (6587) Brassens | 27. November 1984 |
| (6820) Buil | 13. Dezember 1985 |
| (7928) Bijaoui | 27. November 1986 |
| (8080) Intel | 17. November 1987 |
| (8636) Malvina | 17. Oktober 1985 |
| (9553) Colas | 17. Oktober 1985 |
| (13499) Steinberg | 1. Oktober 1986 |
| (13500) Viscardy | 6. August 1987 |
| (13739) Nancyworden | 16. September 1998 |
| (17405) 1986 VQ2 | 4. November 1986 |
| (27704) 1984 WB4 | 27. November 1984 |
| (55734) 1986 WD6 | 27. November 1986 |
| (65660) 1985 PM1 | 14. August 1985 |
| (100122) Alpes Maritimes | 15. August 1993 |
| (164766) 1998 XQ13 | 15. Dezember 1998 |
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Observatoire vu Calern – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) CERGA Observatory
- Saha, S. K., Morel, S.: Perspective of long baseline optical interferometry, Bull. Astron. Soc. India (2000) 28
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Faucherre, M., Bonneau, D., Koechlin, L., Vakili, F.: Stellar interferometry - Diameters and effective temperatures of five giant stars Astronomy and Astrophysics, vol. 120, no. 2, April 1983, p. 263-268.
- ↑ Mourard, D.; Tallon-Bosc, I.; Blazit, A.; Bonneau, D.; Merlin, G.; Morand, F.; Vakili, F.; Labeyrie, A.: The GI2T interferometer on Plateau de Calern 1994, Astronomy and Astrophysics, vol. 283, no. 2, p. 705-713
- ↑ Mekarnia, D., Gay, J. Infrared multispectral interferometry, Astronomy and Astrophysics, vol. 238, no. 1-2, Nov. 1990, p. 469-474.
