Op den Inhalt sprangen

Observatoire vun Nice

Vu Wikipedia
Observatoire vun Nice
D'Kuppel Bischoffsheim
Typ Astronomeschen Observatoire
MPC-Code 020
Architekt(en) Gustave Eiffel, Charles Garnier, Honoré Aubert
Opgaangen 1887
Websäit https://www.oca.eu
Instrumenter
Geographesch Situatioun
Land Frankräich
Regioun/Gemeng Nice, La Trinité
Koordinaten 43°43'38,8"N, 7°17'56,7"O
Héicht 372 m
De 76 cm Teleskop

Den Observatoire vun Nice ass en astronomeschen Observatoire zu Nice, Frankräich, um 372 m héije Bierg Mont Gros.

Den Observatoire gouf 1879 vum Banquier Raphaël-Louis Bischoffsheim op eege Käschte finanzéiert. Et ass den eelsten europäesche Biergobservatoire a war 1879 den éischten dee bestänneg bedriwwe gouf. Den Architekt war de Charles Garnier an de Gustave Eiffel hat d'Haaptkuppel gebaut.

Déi schwéier Kuppel aus Metall war mat hire 26 Meter Duerchmiesser déi gréisst an Europa. D'Baukäschten hat e Paräisser Banquier duerch eng Geldspend gedeckt.

Den Teleskop mat 76 cm Ëffnungswäit goung am Joer 1888 a Betrib. Et war zu där Zäit de gréissten Teleskop vun der Welt. E gouf awer am Joer duerno vum Teleskop mat 91 cm Ëffnungswäit vum Lick-Observatoire iwwertraff.

Als wëssenschaftlech Ariichtung existéiert den Observatoire vun Nice haut net méi an där Form. E gouf am Joer 1988 mam Observatoire du CERGA zum Observatoire vun der Côte d'Azur zesummegeluecht.

Portal Astronomie

 Commons: Observatoire vun Nice – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]