Observatoire de Haute-Provence
|
| |
| Typ | Astronomeschen Observatoire |
|---|---|
| MPC-Code | 511 |
| Architekt(en) | Paul Robert-Houdin |
| Datum vum Bau | 1937 |
| Websäit | http://www.obs-hp.fr/ |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Frankräich |
| Regioun/Gemeng | Saint-Michel-l'Observatoire |
| Koordinaten | 43°55'51"N, 5°42'48"O |
| Héicht | 650 m |
|
| |
Den Observatoire de Haute-Provence (OHP) ass en Observatoire bei Saint-Michel-l'Observatoire an den Alpes-de-Haute-Provence, am Südoste vu Frankräich, ronn 90 km ëstlech vun Avignon an 100 km nërdlech vu Marseille, op engem Plateau an enger Héicht vu 650 m. D'Observatiounsbedéngunge si mat ronn 60 % ausnotzbaren Nuechten an engem Seeing ëm 2" zefriddestellend fir eng kontinentaleuropäesch Standplaz. Bei Mistral verschlechtert sech de Seeing signifikativ.
Den OHP gouf 1937 als national Ariichtung fir déi franséisch Astronomie gegrënnt an hat 1943 mam 1,20-m-Teleskop de Betrib opgeholl.
Den Observatoire schafft am optesche Beräich an huet dräi grouss Spigelteleskope mat 1,2 bis 2 m Ëffnung.
Teleskopen
[änneren | Quelltext änneren]Déi véier Haaptinstrumenter vum OHP si Spigelteleskopen:
- Den 1,93-m-Teleskop gouf vum Grubb-Parsons gebaut an am Joer 1958 installéiert. Seng bedeitendst Entdeckung ass déi vum éischten Exoplanéit déi de Michel Mayor an den Didier Queloz mat Hëllef vum ELODIE-Spektrograph 1995 gemaach hunn.
- Den 1,52-m-Teleskop ass bal identesch zum fréieren 1,52-m-Teleskop vum ESO op La Silla. En ass zanter 1967 a Betrib an déngt haaptsächlech fir spektroskopesch Ënnersich.
- Den 1,20-m-Teleskop gouf als éischten op der Standplaz installéiert an ass zanter 1943 a Betrib. Virdru gouf e vun 1872 un am Paräisser Observatoire bedriwwen.
- Den 0,80-m-Teleskop gouf vun 1932 un am noe Forcalquier fir Tester vun Observatiounsbedingungen an der Regioun benotzt an 1945 an den Observatoire verluecht.
Weider Teleskopen op der Standplaz vum OHP gi vum Genfer Observatoire a vum CNES bedriwwen.
Geophysik
[änneren | Quelltext änneren]Um Terrain vum Observatoire sinn och zwou Statioune fir geophysikalesch Fuerschung. Eng Grupp ënnersicht d'Mesosphär an d'Thermosphär, eng weider benotzt de LIDAR fir de Studium vun zum Beispill Aerosol- an Ozongehalt an der Troposphär an an der Stratosphär.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Observatoire de Haute-Provence – Biller, Videoen oder Audiodateien |
