Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon
Ausgesinn
|
Sonnenobservatiounstuerm vum Observatoire Meudon | |
| Typ | Sonnenobservatoire |
|---|---|
| Datum vum Bau | 1963 |
| Instrumenter | |
| Geographesch Situatioun | |
| Land | Frankräich |
| Regioun/Gemeng | Meudon |
| Koordinaten | 48°48'15,8"N, 2°13'39,0"O |
|
| |
De Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon ass e 36,47 Meter héije Stolbëtongstuerm um Areal vum Observatoire vu Meudon am Departement Hauts-de-Seine. Am Observatiounsraum vum Tuerm ass e Spektrograph fir d'Ënnersiche vum Sonneliicht agebaut.
Den Tuerm gouf an de Joren 1964/65 opgeriicht. En huet e Schaftduerchmiesser vu 6,6 Meter an dréit an 30,57 Meter Héicht en Observatiounsraum mat 18,4 Meter Duerchmiesser. Well deen am Tuerm installéierte Spektograph och bei staarkem Wand keng Schwankunge weise soll, besteet den Tuerm aus zwéin anenee verschachtelte konzentresche Stolbëtongsréier, déi duerch eng 10 Zentimeter breet Loftspléck getrennt sinn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Sonnenobservatiounstuerm vu Meudon – Biller, Videoen oder Audiodateien |
