Wandelstär

Vu Wikipedia
De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.

Ënner Wandelstäre versteet een an der Observatiounsastronomie déi Himmelskierper, déi hir Positioun a kuerzen Zäitraim visuell veränneren. Dozou zielen d'Planéiten, den Äerdmound, d'Sonn souwéi d'Asteroiden an d'Koméiten. Dës wandelnd Himmelskierper stinn am Géigesaz zu de Fixstären, déi um Stärenhimmel visuell ëmmer déi selwecht Positioun hunn.

De Begrëff vun de Wandelstären an hire Bezuch zu de Fixstäre war en zentralen Aspekt vun der viranticker an anticker Protoastronomie a -Kosmologie[1] bis an d'Neizäit. Hie spillt nach am Kepler sengem astrologesche Wierk eng bedeitend Roll, geneesou wéi a sengem wëssenschaftleche Wierk, wéi z. B. d'Harmonice mundi.[2] D'Berechnung vu Stäreplazen ass fir Wandelstäre vill méi schwéier wéi fir Fixstären (kuckt och Ephemeriden).


Den Ausdrock Fixstär ass an der Astronomie allgemeng normal (obwuel och schonn iwwerlieft, zanter d'Eegebeweegung vun de Stäre bekannt ass). Den Ausdrock Wandelstär notzt kee Fatz an der preziser Fachsprooch vun der Astronomie. Trotzdeem huet de Begrëff an der elementarer Astronomiedidaktik bis haut seng Plaz, well hie vill speziell Problemstellunge vun der theoreetescher Himmelsmechanik, der astronomesche Phenomeenologie, der astronomescher Zäitmiessung wéi och der numerescher Modelléierung oder der Konstruktioun vu Planetarien bildlech illustréiert.[3],[4],[5]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • M. Jeitler: Transformation heliozentrischer in geozentrische Wandelgestirnkoordinaten. Verschärfung der "Ahnert-Tafeln". Referat, in: Gebrauch astronomischer Jahrbücher. 2. Sternfreunde-Seminar, 1974. Zeiss Planetarium der Stadt Wien an Österreichischer Astronomischer Verein 1974
  • Wolfgang Vollmann: Wandelgestirnörter; Physische Wandelgestirn-Daten; Hermann Mucke: Wandelgestirn-Parallaxen; Abschätzung der Sichtbarkeit der hellen Wandelgestirne und Sterne – erdweit, stündlich, von −2000 bis +4000; Norbert Pachner: Die Hauptstellungen der Wandelgestirne. Alle Beiträge in: Hermann Mucke (Hrsg.): Moderne astronomische Phänomenologie. 20. Sternfreunde-Seminar, 1992/93. Zeiss Planetarium der Stadt Wien und Österreichischer Astronomischer Verein 1992, div. S. (Weblink).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Beispillsweis Michael Tirabassi: (en) Plato. Greek Science course, Prof. Gregory Crane, Tufts University, 1995
  2. Vgl. (en) Introduction to Astronomy - Kepler's Discovery; Christian Pinter: E Spigelbild vum Universum
  3. Vgl. Carl Zeiss AG: SKYMASTER® ZKP 4 LED – De Klengplanetarium fir dat digitalt Zäitalter (PDF; 912 kB), S. 3
  4. Vgl. de Begrëff Wandelstäre op der Websäit vum Planetarium Stuttgart
  5. David Colarusso: Wandering Stars. How to Calculate the Positions of the Planets (als Beispill am Engleschen)