Wangari Maathai
| Wangari Maathai | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Wangarĩ Muta |
| Gebuer | 1. Abrëll 1940 |
| Gestuerwen |
25. September 2011 Nairobi |
| Doudesursaach | Eeërstackkriibs |
| Nationalitéit | Kenia |
| Educatioun |
Universitéit vu München, Justus-Liebig-Universität Gießen, University of Pittsburgh |
| Aktivitéit | Enseignante, Politikerin |
| Fonctioun | Ëmweltministesch vum Kenia |
| Member vun | Alpha Kappa Alpha |
| Gielercher | Friddensnobelpräis, Chevalier vun der Légion d'honneur, Right Livelihood Award, Elizabeth Blackwell Award |
| Bestuet mat | Mwangi Mathai (–1978) |
|
| |
D'Wangari Muta Mary Jo Maathai, gebuer den 1. Abrëll 1940, a gestuerwen de 25. September 2011[1], war eng kenianesch Wëssenschaftlerin, déi sech fir d'Ëmwelt an och op politeschem Plang engagéiert huet. Si huet an den USA op der Mount St. Scholastica Universitéit an op der University of Pittsburgh, an am Kenia op der University of Nairobi studéiert. An den 1970er Joren huet si de Green Belt Movement gegrënnt, eng Netregierungsorganisatioun am Ëmweltberäich, déi als Zil huet, Beem ze planzen, d'Ëmwelt z'erhalen an d'Fraerechter ze stäerken.
1986 krut si dofir de Right Livelihood Award, an 2004, als éischt afrikanesch Fra de Friddensnobelpräis fir "hir Kontributioun zu Nohalteger Entwécklung, Demokratie a Fridden". D'Wangari Maathai gouf an d'Kenianescht Parlament gewielt, a war Delegéiert Ministesch fir Ëmwelt an Natierlech Ressourcen an der Regierung vum President Mwai Kibaki tëscht Januar 2003 an November 2005.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- The Green Belt Movement: sharing the approach and the experience (1985)
- The bottom is heavy too: even with the Green Belt Movement: the Fifth Edinburgh Medal Address (1994)
- Bottle-necks of development in Africa (1995)
- The Canopy of Hope: My Life Campaigning for Africa, Women, and the Environment (2002)
- Unbowed: A Memoir (2006)
- Reclaiming rights and resources women, poverty and environment (2007)
- Rainwater Harvesting (2008)
- State of the world's minorities 2008: events of 2007 (2008)
- The Challenge for Africa (2009)
- Replenishing the Earth (2010) ISBN 9780307591142
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wangari Maathai – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Nobel peace laureate Wangari Maathai dies in Nairobi. Daily Nation (03.07.2020). Gekuckt de 25.09.2025.
