Summerzäit

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Wanterzäit)
Fréijoer: Ëmstellung vun der  Normalzäit op d'Summerzäit – d'Auer gëtt ëm eng Stonn virgestallt.
Hierscht: Ëmstellung vun der Summerzäit op d'Normalzäit – d'Auer gëtt ëm eng Stonn zeréckgestallt.

Ënner Summerzäit versteet ee gemenkerhand d'Auerzäit, déi géintiwwer der Zonenzäit meeschtens ëm eng Stonn no vir gestallt gëtt. D'Summerzäit zielt normalerweis wärend engem bestëmmten Zäitraum am Summerhallefjoer, heiansdo och e bësse méi laang, als gesetzlech Zäit. Eng Summerzäit-Reegelung gëtt et bal nëmmen an de Länner vun de gemäässegten Zonen.

D'mëtteleuropäesch Summerzäit (MESZ) fänkt de leschte Sonndeg am Mäerz um 2:00 Auer MEZ un, andeems d'Auer ëm eng Stonn - vun 2:00 Auer op 3:00 Auer - virgestallt gëtt. Se dauert bis de leschte Sonndeg am Oktober um 3:00 Auer MESZ, da gëtt d'Auer nees ëm eng Stonn - vun 3:00 Auer op 2:00 Auer - zeréckgestallt.

Géintiwwer der Summerzäit gëtt d'Zonenzäit – déi gemenkerhand déi gesetzlech Zäit an der jeeweileger Zäitzon ass – als Normalzäit oder Standardzäit bezeechent. Well a villen europäesche Länner zanter ongeféier 1980 all Joer d'Summerzäit gëllt an d'Normalzäit deemno nëmmen nach am Wanterhallefjoer gebraucht gëtt, huet sech dofir och d'Bezeechnung Wanterzäit agebiergert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Benjamin Franklin hat 1784 am Journal de Paris erkläert, datt en ausgedeent Nuetsliewe wéinst dem kënschtleche Liicht, Energie verbëtze géif. Fir deem entgéint ze wierken, sollt ee fréi opstoen an och fréi an d'Bett goen. D'Iddi vun enger staatlech reglementéierter Summerzäit koum ongeféier e Joerhonnert méi spéit op. Onofhängeg vuneneen haten de George Vernon Hudson 1895 an de William Willett 1907 eng saisonal Zäitverschibung proposéiert. Béid Virschléi sinn awer séier erëm de Vergiess geroden.

Eng éischt Zäitëmstellung gouf et den 30. Abrëll 1916 am Däitsche Räich an an Éisträich-Ungarn. D'Summerzäit sollt deemno déi energieintensiv „Materialschluechten“ vum Éischte Weltkrich ënnerstëtzen: et goufe sech Energieerspuernisser bei der kënschtlecher Beliichtung op laange Summerowenter erhofft. Als Reaktioun dorop, hu vill aner europäesch Länner nach am selwechte Joer och d'Summerzäit agefouert. Lëtzebuerg hat sech och ugeschloss an d'Summerzäit vum 15. Mee bis den 1. Oktober 1916[1] a vum 1. Mee bis de 17. September 1917[2] agefouert.

1919 gouf déi onbeléift Krichsmesure an Däitschland nees ofgeschaaft.

Am Zweete Weltkrich huet Däitschland 1940 d'Summerzäit nees wéinst den Energieerspuernisser agefouert. Schonn am Grënnungsjoer vun de zwéin däitsche Staaten 1949, gouf ee sech eens, fir op déi alljärlech Zäitëmstellung ze verzichten.

Duerch d'Petrolskris 1973 gouf Europa haart getraff. Wéinst den héijen Energiepräisser ass Europa an eng Rezessioun gefall an huet misse spueren. Mä nëmmen een eenzege westeuropäesche Staat huet d'Summerzäit mat der Begrënnung vun den Energieerspuernesser agefouert: Frankräich am Joer 1976.[3] Obwuel no Frankräich nach aner Länner aus der Europäescher Gemeinschaft no koumen, huet et bis 1996 gedauert, bis déi ënnerschiddlech Summerzäitreegelungen an der Europäescher Unioun vereenheetlecht goufen. D'eenheetlech Summerzäit gëllt zënterhier an allen EU-Memberstaaten. Ausgeholl sinn awer Landesdeeler, déi net um Gebitt vum europäesche Kontinent selwer leien, wéi zum Beispill Franséisch-Guayana.

Zu Lëtzebuerg gouf d'mëtteleuropäesch Zäit duerch e Gesetz vum 17. Mäerz 1977[4] als legal Zäit confirméiert. D'Periodë wéini datt d'Summerzäit gëllt, gi gemenkerhand am Fënnefjoresrhythmus duerch e Règlement grand-ducal definéiert[5].

Vir- an Nodeeler vun der Summerzäit[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Auswierkungen op d'Ëmstellung[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Politesch Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Den 8. Februar 2018 hat d' EU-Parlament d'EU-Kommissioun ugestallt, eng „grëndlech Analys vun der Direktiv iwwert Reegelung vun der Summerzäit ze maachen a wann néideg e Virschlag virzeleeë fir d'Direktiv z'iwwerschaffen“. Vum 5. Juli bis de 16. August 2018 konnten iwwer 500 Milliounen EU-Bierger online hir Meenung an hir Erfarunge mat der Summerzäit matdeelen a soen ob se fir oder géint d'Bäibehale vun der Zäitëmstellung wieren. No eegenen Aussoen, krut d'Kommissioun méi wéi 4,6 Milliounen Äntwerten, wat am Verglach zu aneren ëffentlechen Enquêten e Rekord duerstellt. An der Ëmfro hunn sech 84 % vun de Participanteë fir d'Ofschafe vun der Summerzäit ausgeschwat.

Duerno huet den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker bekannt ginn, datt sech d'EU-Kommissioun - op Grond vun de Resultater vun der Ëmfro - dofir asetze wäert, datt d'Ëmschalten tëscht Summer- a Wanterzäit ofgeschaaft gëtt. Zanterdeem läit de Ball bei de Memberlänner, déi sech awer net eens sinn, ob d'Summer- oder Wanterzäit als 'fest' Zäit bäibehale soll ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Summerzäit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi du 10 mai 1916 concernant l'unification de l'heure légale de la saison d'été am Mémorial A Nr 37/1916, op legilux.lu, gekuckt den 29. Oktober 2018
  2. Loi du 27 avril 1917 concernant l'unification de l'heure légale de la saison d'été am Mémorial A Nr 36/1917, op legilux.lu, gekuckt den 29. Oktober 2018
  3. "Sommerzeit ab 3. April 1977." In: Luxemburger Wort, 130. Jg., n° 57 (10.03.1977), p. 7. Digitised by the National Library of Luxembourg.
  4. Loi du 17 mars 1977 concernant l'heure légale am Mémorial A Nr 13/1977, op legilux.lu, gekuckt den 29. Oktober 2018
  5. Règlement grand-ducal du 28 juillet 2017 fixant la fin de l'heure légale d'été pour l'année 2017 et fixant la période de l'heure légale d'été pour les années 2018, 2019, 2020, 2021 et 2022 am Mémorial A Nr 730/2017, op legilux.lu, gekuckt den 29. Oktober 2018