Op den Inhalt sprangen

We' meng Mamm nach huet gesponnen

Vu Wikipedia
We' meng Mamm nach huet gesponnen
Sprooch Lëtzebuergesch
Komponist Edmond Lentz
Text Michel Lentz
Éischt Zeil We' meng Mamm nach huet gesponnen
Auteursrechter ofgelaf

We' meng Mamm nach huet gesponnen (haiteg Schreifweis: Wéi meng Mamm nach huet gesponnen) ass e lëtzebuergescht Lidd aus dem 19. Joerhonnert. D'Wierder stame vum Nationaldichter Michel Lentz (1820-1893), d'Musek gouf vu sengem Fils Edmond Lentz (1852-1899) komponéiert.

Text an der Schreifweis vun 1914[1]

We' meng Mamm nach huet gesponnen,
an ech bei dem Riedche so'ss.
Dun huet lauter se'leg Stonnen
D'Fred mir bruecht an hirem Scho'ss.
A we' sche'n dé' golden Dräm
an der Kannerzeit dohem.
We' meng Mamm nach huet gesponnen.

We' meng Mamm nach huet gesponnen,
Wat hat ech du d'Mënsche gier;
Ech hunn net verstoe konnen,
Dat e Be'sen drënner wier.
Voll Vertraue wor mein Hierz,
Ech wosst näischt vun Tré'n a Schmierz.
We' meng Mamm nach huet gesponnen.

We' meng Mamm nach huet gesponnen,
Du wor d'Welt mäi Paradeis;
Lëschteg hunn ech sange konnen
We' de Villchen op dem Reis.
Oft hätt ech gier we' verzëckt
D'ganz Natur un d'Broscht gedrëckt.
We' meng Mamm nach huet gesponnen.

Zanter ass meng Mamm gesponnen,
An um Speicher d'Riedche stet,
Si meng golden Dräm verschwonnen,
An ech wêss vun Tre'n a Led.
Gott, wann ech nach emol se'ss
Bei dem Riedchen hir zu Fe'ss!
We' meng Mamm nach huet gesponnen.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Quell: Welter, Nik, 1914. Das Luxemburgische und sein Schrifttum.