Weepunkt

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Weepunkt (Aviatioun))
Verschidde Weepunkten a Routen fir bei de Fluchhafen Zürich.

De Begrëff Weepunkt, kuerz WP (engl. waypoint), beschreift an der Navigatioun vu Fligeren a vu Schëffer eng spezifesch Navigatiounskoordinat.

An der Aviatioun[änneren | Quelltext änneren]

An der Aviatioun gi Weepunkte benotzt fir Un- an Offluchrouten (SIDs, STARs) souwéi Loftstroossen ze definéieren. E Weepunkt kann dobäi selwer eng Funknavigatiounshëllef (VOR, NDB) sinn, oder nëmmen duerch Koordinate festgeluecht sinn. Jee no Ekipement vun engem Fliger kann e Weepunkt ënnerschiddlech ugesteiert ginn. De Weepunkt NEGRA am Bild kann z. B. sou ugesteiert ginn:

  • Standardekipement: De Fliger flitt mat engem Steierkurs vun 267° op de VOR TRASADINGEN zou. Wann de Radial 66° vun ZÜRICH EAST gekräizt gëtt, ass de Weepunkt NEGRA arreecht.
  • mat Hëllef vum DME (Distanzmiessung): De Fliger flitt mat engem Steierkurs vun 267° op de VOR-DME TRASADINGEN zou. An enger Distanz vu 40,2 NM zum VOR-DME ass de Weepunkt NEGRA arreecht.
  • Mat GPS (Flächenavigatioun, RNAV): De Fliger ka vu jiddem beliebegen Ausgangspunkt de Weepunkt NEGRA uffléien, well e sech uerte kann.

Bei deenen éischten zwee Beispiller ass eng definéiert Ausgangslaag erfuerderlech, dat heescht de Weepunkt NEGRA kann net vun egal wou ugeflu ginn. Bei der Flächenavigatioun (RNAV) sinn d'Koordinate vum Weepunkt a vum Fliger bekannt an domat ass en direkt Usteiere vun all Punkt aus méiglech.

Weepunkte gi vun der Fluchsécherung vum jeeweilege Land publizéiert. Prinzipiell eegne sech awer all d'Punkten, déi wéi uewe festgeluecht kënne ginn, als Weepunkten. Mat Hëllef vu Flächenavigatioun loosse sech belibeg Weepunkte programméieren an d'Funknavigatiounshëllefe gi net méi oder nëmmen nach gebraucht fir ofzegläichen. A moderne Flight Management Systemer si schonn all d'Weepunkte mat dem Numm an de Koordinate gespäichert, sou datt se séier duerch d'Agi vun hirem Numm (am Beispill uewen NEGRA) an de Fluchplang integréiert kënne ginn.

Beim Ufléie vun engem Weepunkt gëtt normalerweis schonn e puer Kilometer virum Weepunkt op de Kurs fir de nächste Punkt gedréit (Fly-by Waypoint). Dëst verhënnert en Iwwerschéisse vun der geplangter Route, wat uschléissend Kurskorrekture néideg géif maachen. Wann de Punkt soll iwwerflu ginn, schwätzt ee vun engem Overfly-Weepunkt.

An der Séifaart[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.