Wendelstein-Seelbunn

Vu Wikipedia
Biergstatioun vun der Seelbunn.
Vue iwwer de Südwesthank mat enger Kabinn

D' Wendelstein-Seelbunn ass eng Gondel- oder och Pendelbunn mat grousse Kabinnen déi 1970 a Betrib geholl gouf. D'Dallstatioun ass am Leitzachdall, am Uertsdeel Osterhofen zu Bayrischzell a Bayern a si féiert vun do mat enger Längt vun 2.953 Meter iwwer d'Südwestflank vum Bierg op de Wendelstein am Mangfallmassiv.

An enger Kabinn hu 50 Leit Plaz. Et ass eng Seelbunn déi en Droseel (ø 50 mm) an en Zuchseel (ø 30 mm) huet.

Mat enger Vitess vu 36 km/h bréngt se hir Passagéier a 7 Minutten op d'Biergstatioun déi 932 Meter méi héich, op der ënneschter Plattform vum Wendelstein steet.

Well eng Kopp op der Hallschent vun der Streck läit, huet do misse wéinst dem Duerchhänke vun de Seeler e 75 Meter héijen Dromast gebaut ginn.

De maximalen Ofstand vun de Kabinnen zum Buedem ass 170 Meter.

De Bau vun dëser Seelbunn huet et méiglech gemaach, datt d'Touristen op der Südwestsäit vum Bierg kënnen eropfueren, an op der Südostsäit mat der Zännradbunn erëm kënnen eroffueren, an da mat dem Bus ëm de Bierg erëm bei d'Dallstatioun zeréckkomme kënnen.

Donnéeën[änneren | Quelltext änneren]

  • Bedreiwer: Wendelsteinseilbahn, 83098 Brannenburg, Kerschelweg 30
  • Kontakt: www.wendelstein.de
  • Opgaangen: 1970
  • Héicht vun der Dallstatioun: 792 m
  • Héicht vun der Biergstatioun: 1724 m
  • Héichtenënnerscheed: 932 m
  • Schréi Längt: 2953 m
  • Droseelduerchmiesser: 50 mm
  • Zuchseelduerchmiesser: 30 mm
  • Pilieren: 1 (Héicht:75 m)
  • Maximal Leeschtung vum Gedrif: 490 PS
  • Kabinnen: 2 Stéck fir all Kéier 50 Leit
  • Vitess: 10 m/s
  • Fuerzäit: 6,5 Minutten
  • Capacitéit: 450 Passagéier an der Stonn an enger Richtung
  • Plang a Montage: Pohlig - Heckel - Bleichert (PHB)
  • Héichspannungsanlag: AEG
  • Liwwerant vun de Seeler: Vereinigte Drahtwerke Köln
  • Signaler a Kommunikatiounsarichtungen: E. Schrack Elektrizitäts-AG Wien
  • Rettungswon: VÖEST Linz
  • Pilier & Fëllement: SAG Landshut

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wendelstein-Seelbunn – Biller, Videoen oder Audiodateien