Westdäitschland

Vu Wikipedia
Westdäitschland als Synonym fir den Territoire vun der Bundesrepublik Däitschland wéi se bis 1990 bestoung (blo).

De Begrëff Westdäitschland ass meeschtens politesch gemengt a bezeechent dann de westlechen Deel vun Däitschland (d'Bundesrepublik Däitschland), dee bis 1990 politesch an ideologesch vum ëstlechen Deel (déi Däitsch Demokratesch Republik; DDR) getrennt war. Geographesch gëtt de Begrëff manner gebraucht an ass och méi schwéier ofzegrenzen.

De Begrëff Westdäitschland gouf politesch zënter 1945 gebraucht, fir déi dräi Westzonen ze bezeechnen, deemno déi US-amerikanesch, déi brittesch an déi franséisch Besatzungszonen, respektiv, wéi déi 1949 gegrënnt gouf, d'Bundesrepublik Däitschland.

Dës huet sech virun 1990 zesummegesat aus de Bundeslänner Schleswig-Holstein, Hamburg, Bremen an Niedersachsen, Nordrhein-Westfalen, Hessen, Rheinland-Pfalz, dem Saarland (no sengem Bäitrëtt 1957), Baden-Württemberg a Bayern. Baden, Württemberg-Baden a Württemberg-Hohenzollern haten 1952 zu Baden-Württemberg fusionéiert. 1990 sinn d'Länner aus der DDR duerch den Däitschen Eenegungstraité der Bundesrepublik bäigetrueden, an d'DDR gouf opgeléist.

Zënterhir gouf dacks, besonnesch an engem sozio-ekonomesche Kontext, vum virege Westdäitschland als den "ale" Bundeslänner geschwat, wann et drëm goung, Ënnerscheeder zu deenen aus der fréierer DDR ("den neie Bundeslänner") ze definéieren; mä dëse Gebrauch ass, 25 Joer no der Erëmvereenegung, lues a lues am Verschwannen.