Wiener Riserad

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Wiener Riserad

D'Wiener Riserad am Wiener Prater ass e weltbekannt Symbol vun der Stad Wien an et war eng Zäit laang dat gréisst Riserad vun der Welt.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Bei Geleeënheet vum 50. Trounjubiläum vum Keeser Franz Joseph I. gouf 1897 um Terrain vum Prater e Riserad mat 30 Gondelen opgeriicht. Technesch verantwortlech war den engleschen Ingenieur Walter B. Basset. D'Rad sollt 1916 nees ofgerappt ginn; mä dozou ass et net komm. Well keng Suen do waren, ass et emol stoe gelooss ginn. Nom Anschluß krut de Proprietär, den Edouard Steiner, d'Riserad vun den Nazien ewechgeholl. Sechs Joer drop gouf hien am KZ Auschwitz ëmbruecht.

Am Zweete Weltkrich gouf d'Riserad duerch Bombardementer bal komplett zerstéiert. Vun 1945 un gouf et erëm lues a lues opgebaut, a konnt 1947, mat der Hallschent vun de Gondelen, nees dréien.

Technesches[änneren | Quelltext änneren]

Wiener Riserad beliicht

D'Eisekonstruktioun huet e Gewiicht vu 430 Tonnen. D'Rad selwer weit 244 Tonnen, huet en Duerchmiesser vu 60,96 Meter an deen héchste Punkt ass 64,75 Meter iwwer dem Buedem. D'Achs eleng ass 10,78 Meter laang, 50 Zentimeter déck a weit 16,3 Tonnen. D'Vitesse mat där sech d'Rad dréint ass 2,7 Kilometer an der Stonn.

D'Riserad an de Film[änneren | Quelltext änneren]

Filmer an deenen d'Riserad eng Roll spillt:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Riesenrad, Vienna – Biller, Videoen oder Audiodateien