Wikipedia:De Staminee/Archiv2007/Juni

Vu Wikipedia

Apropos .... Medien in Luxemburg[Quelltext änneren]

De Service Information et Presse vun der Regierung huet eng nei Brochure erausginn iwwer d'Mdien zu Lëtzebuerg. Déi op Däitsch ass hei ze fannen: ( http://www.gouvernement.lu/publications/luxembourg/ap_medias_2007/AP_medias_2007_DE.pdf ).Domat kënne mer eis Artikelen appdéiten. --Cornischong 08:13, 5 Juni 2007 (UTC)

Wann nach een d'Oploe vun den Zeitunge kinnt an déi eenzel Artikele bäisetzen - ech muss elo bei d'Stones ;-) --Zinneke 14:46, 5 Juni 2007 (UTC)
Halli. Ech hunn der mol derbäigesat. Sou ganz geheier ass et mer net mat deenen Zuelen. Et geet bis op eng Ausnam ëmmer nëmme vun Oplo Rieds. Just beim Télécran steet wéivill der "verkaaft" ginn. Ob déi aner elo Drockoploe sinn oder d'Zuel vu verkaafte Bliedercher, gëtt op eng "komesch" Manéier "verheemlecht". An: De Kommentar haut beim Wort-online war "zimmlech kloer". --Cornischong 15:44, 5 Juni 2007 (UTC)
Moien, a merci fir den Update. Dat mat deenen Oploen ass effektiv eng Kriddeleg (Den Télécran an d'Revue hunn sech an der Zäit alt Prozesser dowéinst gefouert!). D'verkaaften Oplo läit gemenkerhand e gudde Véierel ënnert der gedréckter. Wann näischt dobäi steet, wäert et d'gedréckte sinn. Mee sécherheetshalber giff ech et och esou maache, wéi s du et gemaach hues an einfach vun "Oplo" schwätzen, wann net méi geneeës gewosst ass.

Wat genee sot d'Wort online (a wou)? --Zinneke 09:20, 6 Juni 2007 (UTC)

Et Voilà: Kleines Land - bunte Medienlandschaft --Kaffi 11:13, 6 Juni 2007 (UTC)

Un all d'Adminnen[Quelltext änneren]

Gudde moien

Bei mir fonctionnéiert de Blockéier log net. Ass dat bei iech och esou Les Meloures 15:59, 12 Juni 2007 (UTC)

Moien, ech verstinn net ganz, wat s de mengs? Déi Lëscht hei: Special:Ipblocklist? Oder d'Méiglechkeet, engem de Krunn zou ze dréinen (bei Rezenten Ännerunngen hannert dem Numm op "blockéier" klicken)? Béides geet bei mär... --Zinneke 16:12, 12 Juni 2007 (UTC)


Salut

Et war geduecht fir engem de Krunn zouze dréinen. Dann hunn ech e Probleem denn ech net eraus fonnt hunn. Merci fi d'Äntwert. Les Meloures 16:20, 12 Juni 2007 (UTC)

Moien och. Ech hu genau deeselwechte Probleem a wees mer och kee Rot. Wann ech d'Zäit an de Grond agesat hunn an dann de Blockéierkneppchen drécken, kënnt eng rout Schrëft Gültegkeet invalid dohinner stoen. --Pecalux 16:47, 12 Juni 2007 (UTC)
Ech mengen do kréie mer nach eng Noss ze knacken. Menger Meenung no hänkt et mat de rezente Sproochchangementer zesummen. Bei de Kategorien hate mer och de Fall. Du stoungen déi op emol rout do. Da siche mer alt emol wateree Changement dat sollt mat sech bruecht hunn. Les Meloures 17:09, 12 Juni 2007 (UTC)
Ech hunn deeselwechte Problem mam "Gültegkeet invalid." Et wäert aus deem selwechten Nascht kommen, wéi d'Saach mat de "Category", déi ni als "Kategorie" konnt gebraucht ginn. Souwisou ass d'Wuert "Gültegkeet" och en Exot. --Cornischong 17:46, 12 Juni 2007 (UTC)
Bon, ech hat ze séier (uewe) geschwat: "gültegkeet invalid" och bei mär. --Zinneke 19:54, 12 Juni 2007 (UTC)
Da musse mer déi Ännerungen, déi gemaach si ginn, fir d' Spärsäit op Lëtzebuergesch ze kréien nees zréckuertesch maachen. --Cornischong 20:03, 12 Juni 2007 (UTC)


Gudden Owend
No laanger Sich de Feeler fonnt. De Systeem hat d'Changementer op lëtzebuergesch mat den Zäiten net verdro beim Blockage. Ech krut de Mänchen aus dem Artikel Mexiko elo blockéiert also misst et erëm fonctionnéieren.
Les Meloures 20:52, 12 Juni 2007 (UTC)
Merci, Les Meloures, fir Déng Beméiungen! Ech giff soen, mer loossen dat, wat elo nach op englesch doruechter steet, stoen; d'Gefor, datt mer do u Coden drugeroden, déi da vun der Software net méi verstane ginn, ass ze grouss.
--Zinneke 08:40, 13 Juni 2007 (UTC)

Ech déit soen, datt wann ee ganz virsiichteg ëmgeet mat Systemmessagë wou en $-Zeechen derbäisteet, da wier eng schrëttweis Iwwersetzung (fir datt ee bei engem eventuelle Problem séier weess wou en hierkënnt) trotz allem net ze verkéiert. --Otets 20:47, 13 Juni 2007 (UTC)

Ech schléisse mech dem Otets unn a wäert et net verpassen eisen Adminen weider meng Proposen vun Iwwersetzungen ze mailen. Ech sinn nämlech der Meenung datt mir wa mir déi Messagen op lëtzebuergesch hunn all dene Lëtzebuerger entgéintkommen déi net esou staark an dem Shakespear senger Sprooch sinn. An ech invitéieren och eis Adminen déi puer Messagen déi elo nees op Englesch zréckgesat gi sinn nees op lëtzebuergesch drannze setzen. Bei dem Message deen de Feeler generéiert huet proposéieren ech dem Otets eng Versioun nees hierzestellen. --Robby 21:12, 13 Juni 2007 (UTC)

Gudde moien
Gouf um Otets seng Versioun zréckgesat a fonktionnéiert nach. Ech fro mech just firwat datt dat hätt misste geännert ginn. Den Otets hat jo schonns probéiert an et ass net gaangen wann ech den Historik richteg gesinn.
Ech géif dann och jidderee bieden deen eng Ännerung mecht och probéiert water Auswierkungen datt se huet. Mat de Special categorys fonctionnéiert d'Iwwersetzung nämlech net. Also wa méiglech ganz kritesch drun eru goen. Ech hunn nämlech keng Loscht nach eng Kéier en etlech Ännerungen duerchzetesten an zwou Stonnen drun ze hänken nëmme just wéinst engem Saz deen e souwisou nëmmen all Schaltjoer eng Kéeier gesäit. Les Meloures 21:33, 13 Juni 2007 (UTC)

Gudde Moien

Weess vläicht een eppes iwwer d'SODEC Société d'Electricité déi den 20. Dezember 1938 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf. Den Text am Mémorial vun der Grënnung hunn ech fonnt. Awer duerno näischt méi.

Merci am Viraus

Les Meloures 14:29, 14 Juni 2007 (UTC)

1980/81 ass se opgeléist ginn. Fir de Rescht weess ech leider näischt Besseres wéi sech op Legilux op d'mannst déi rezentste Mémorialsreferenzen erauszesichen an domat dann an d'Nationalbibliothéik ze pilgeren. --Otets 21:46, 15 Juni 2007 (UTC)

Nix giel Dunn[Quelltext änneren]

Zënter ongeféier e puer Deeg kréien ech keng giel Dunn méi uewe stoen, nodeems ee mer eppes op menger Diskussiounssäit geschriwwen huet. Ech gleewe kaum, datt ech deen Eenzege sinn. --Cornischong 15:32, 14 Juni 2007 (UTC)

Bei mir geet et. --Pecalux 15:59, 14 Juni 2007 (UTC)
Virgëscht hat ech och nach eng. --Otets 21:46, 15 Juni 2007 (UTC)
Alles nees ok. --Cornischong 01:07, 16 Juni 2007 (UTC)

Grëff an den Afferstack[Quelltext änneren]

An den Artikelen: Belsch Euromënzen, Däitsch Euromënzen an esou weider sinn zënter enger Zäitche praktesch all Biller vun de Commoniste verschwonne gedoe ginn. Maache mer weider, wéi wann näischt gewiescht wier? --Cornischong 22:27, 19 Juni 2007 (UTC)

A fir déi, déi wëlle wëssen, wéi et zu sou idioteschen (meng Meenung) Decisioune kënnt (vu 4 Leit gestëmmt!!!!). déi kucken hei ( http://commons.wikimedia.org/wiki/Commons:Deletion_requests/Template:Eurocoins ). --Cornischong 22:47, 19 Juni 2007 (UTC)
Wa mer keng Méiglechkeet hunn fir déi Biller erëm ze kréien, proposéieren ech déi Artikelen ze läschen. Wann ee weess wou een se ka knäipe goen, da soll en dat maachen, oder mir Bescheed soen, da maachen ech et. Les Meloures 22:41, 19 Juni 2007 (UTC)
Halli. 23 MB Euro-Mënze sinn ënnerwee. --Cornischong 23:10, 19 Juni 2007 (UTC)

Wikimedia Election Notice[Quelltext änneren]

If you are able, please translate this notice to as many possible languages and post it anywhere applicable.

The Wikimedia Election Committee is accepting candidates for the 2007 Wikimedia Foundation Board of Trustees election. Please see [1] for more information.

There is still time for a new candidate to be considered for election, and you may now endorse the candidate of your choice (up to 3 candidates) on the endorsements page, [2]. Please read the instructions carefully prior to endorsing. If you can translate the instructions, please do.

If you have any questions, please contact any member of the election committee, who are listed here [3].

Posted on behalf of the Election Committee,
Philippe

Nach eng lëtzebuergesch Wikipedia ??[Quelltext änneren]

Kuckt och: ( http://www.freezoo.org/index.php?q=aHR0cDovL2xiLndpa2lwZWRpYS5vcmcvd2lraS9JbWFnZTpRc2ljb25fVWViZXJhcmJlaXRlbi5wbmc%3D ) --Cornischong 08:19, 30 Juni 2007 (UTC)

Meuh non, alt nees e Spam-Staubsauger, dee mengt, iergend ee giff esou op säi Reklamms erafalen. Z.