The Rolling Stones

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
The Rolling Stones
Museksgenre Rockmusek, Bluesrock, Psychedelic Rock, Rhythm and Blues, Rock 'n' Roll, Blues
Land Vereenegt Kinnekräich
Grënnung 1962
Websäit https://rollingstones.com
The Rolling Stones 2018 zu London.
The Rolling Stones 1965: Brian Jones, Charlie Watts, Mick Jagger, Keith Richards, Bill Wyman

The Rolling Stones (dacks just d'Stones) ass eng englesch Rockband, déi 1962 zu London gegrënnt gouf. Et war eng vun den éischte Beatmusek-Bands.

Den Numm vun der Band kënnt vun engem Lidd vum Muddy Waters, "Rollin' Stone". D'Stones hu sech ëmmer um Blues inspiréiert. De Chef Brian Jones an den Pianist Ian Stewart sinn ersat gi vum Sänger Mick Jagger an dem Gittarist Keith Richards. De Bassist Bill Wyman an de Batteriespiller Charlie Watts maachen déi Band komplett.

Den Jagger an de Richards hunn zimmlech séier zesumme am Duo geschafft a si lues a lues Cheffe vun der Band ginn anplaz vum Brian Jones, deen net ëmmer seriö geschafft huet.

D'Stones hunn amerikanesche Blues a Rhythm and Blues gespillt. Nodeem si et an England scho waren, si si och an Amerika berüümt ginn als British Invasion an der Mëtt vun den 1960er Joren. No hirem Lidd (I can't get no) Satisfaction (1965) si se an der ganzer Welt bekannt ginn.

No 1966, nom Album Aftermath, zeechne sech d'Lidder vum Jagger a Richards, instrumental begleet vum Brian Jones, duerch hir divers Stiler aus. Den Jones ass am Juli 1969 a senger Schwämm erdronk, e besse méi spéit, nodeem en aus der Grupp erausgeheit gi war. Hie gouf duerch de Mick Taylor ersat. Dësen huet bei 5 Studio-Albume matgespillt, éier en d'Stones 1974 verlooss huet. E gouf du vum Gittarist Ronnie Wood ersat. De Bill Wyman huet d'Stones 1993 verlooss. De Bassist Darryl Jones ass an d'Plaz komm, mä war keen offizielle Member vun der Band.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Concertstouren[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Si si bis ewell eng Kéier, de 27. August 1995, am Kader vun der Voodoo Lounge World Tour, zu Lëtzebuerg virun enger 60.000 Leit opgetrueden.[1] Bei där Geleeënheet hat de Mick Jagger incognito mat sengem Bouf Veiane besicht; bei hirer Faart um Sessellift goufen s'op enger automatesch gemaachener Foto veréiwegt[2], déi haut an engem Restaurant hängt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: The Rolling Stones – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Il y a 25 ans, les Rolling Stones enflammaient le Kirchberg." rtl.lu, Actualisé: 28.08.2020.
  2. Robert Schneider: " Vor 25 Jahren: Als die Stones Luxemburg rockten." tageblatt.lu, 27 . August 2020.