Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/Februar

Vu Wikipedia

Net wonneren[Quelltext änneren]

Wann eng Kéier ee sech sollt wonneren, firwat ech es sou lues hei genuch hunn, da kann en e Bléck op d' Diskussioun:Kapell Riedgen geheien. --Cornischong 22:59, 5. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

geschicht vu wikipedia.lu[Quelltext änneren]

moien ech sin amgangen en artikel e.a. iwwert d'letzebuergesch am internet ze schreiwen. ech hätt dozou e puer zur entstehungsgeschicht vun wikipedia.lu. kennt dir meg w.e.g. op der e-mail adress corto_lu ad yahoo.com contactéieren. merci

Hunn ech virdru gemaach. --Zinneke 17:25, 7. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Gléckszuel[Quelltext änneren]

Wéi ee mat engem Grapp voll Leit an engem Bot d'Islänner, d'Lëtzebuerger, d'Klingonen an de ganze Rescht fäerten deet: d'Volapük Wikipedia huet iwwer 100 000 Artikelen! Kënne mer deen net naturaliséieren? ;) --Kaffi 22:57, 10. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech hu léiwer en Zingtel dovunner, mee dofir mat Substanz, Relevanz, a mat Léift geschriwwen ... --Zinneke 23:25, 10. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Nëmmen nach Behaaptungen?[Quelltext änneren]

"Dës Streck ass net zu" ..... "Dës Streck war ....": - Mär hunn hei eng "geféierlech" Manéier, mat "Fakten" ëmzegoen. Deen ee schreift eppes an en Artikel an deen aneren schreift, dat wier guer net wouer. Dat ass alles flott, mee "esou" komme mer, fäerten ech ganz, net weider. Et gëtt sou lues ustrengend hei, déi Zäit, déi ee kéint dozou gebrauchen, fir mol en Artikel ze schreiwen, leeft een deem engem hannendrun, deen amgaangen ass Fotoen a Këschtercher ze verpaken, deem aneren, dee kolossal Interessantes ze verbreeden huet (iwwer d'Madame Mayrisch) mol ze soen, et wier net schlecht, mol Quellen unzeginn, an nach engem, dee chronesch alles fir sech hëlt, mol z'erklären, datt et ausser him nach Leit op der Wiki ginn. "mat Substanz, Relevanz, a mat Léift geschriwwen ..." hat ee "behaapt" ... --Cornischong 10:58, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Wat behaapt gouf[Quelltext änneren]

Dës Streck ass net zu.... Dës Stréck war... dat ass hei nozeliesen Diskussioun:Eisebunnsstreck Ëlwen - Sankt Vith.

Als Supplementar Info stinn esou guer am Artikel Kilometragen dran, an déi fänken och net zu Lommersweiler mee zu Sankt Vith un.

Op der aner Säit seet de Cornischong am Artikel d'Streck wier zu Lommersweiler vun der Vennbunn fortgaangen. Deet hie sech elo schwéier dodermatter.

D'Streckennumeréierung huet d'SNCB gemaach. Dat ass ee Fakt deen net ze ëmgoen ass.

Les Meloures 13:15, 13. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


"US-Amerikanesch..." oder "US-amerikanesch..." ?[Quelltext änneren]

Am Sport hat ech elo "US-amerikanesch..." geholl, mee op aner Plazen ass nach "US-Amerikanesch..." ze fannen. (Kategorie:US-Amerikanesche Film) Solle mi elo ëmmer de kléngen "a" bei "US-amerikanesch..." huelen, oder gesäit een do e Problem? Oder huet een eng aner Léisung?--Fliedermaus 18:15, 14. Feb. 2008 (UTC) ([äntweren]

Klengen "a", ouni Diskussioun, Problem oder Zweifel.--Zinneke 00:25, 15. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Bam oder Fruucht[Quelltext änneren]

Mir hate schonn eng Kéier ugefangen iwwert d'Artikelen Maroun, Käscht a Marounebam ze diskutéieren. Mir ass och elo opgefall dass en Artikel iwwert Mango existéiert deen iwwert de Bam an/oder d'Fruucht handelt. Wéi soll mir an all denen Fäll verfueren? En Artikel fir d'Planz an een fir d'Fruucht, oder en Artikel wou d'Fruucht an d'Planz behandelt ginn. Op der franséicher wiki gëtt et en Artikel iwwert de Bam mat Ofstamung ... asw, klasséiert ënnert di jeweileg Planzegattung an en aneren Artikel iwwert d'Fruucht, klasséiert an d'Kategorie Uebst. Di däitsch, déi spuenesch an di englesch wiki ernimmen d'Fruucht am Artikel iwwert de Bam a klasséieren den Artikel dann bei d'Uebst a bei d'Planz. Et wier gudd sëch fir eng Richtung ze décidéieren, dass mir eenheetlech bei all Artikel sinn. Fir d'Interwikien richteg ze machen wier et och wichteg ze wëssen. --Alexandra 08:57, 22. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Perséinlech giff ech dem 2-Artikele-Systeem de Virzuch ginn - ech wir schlecht frunn, wann ech elo misst soen, op e Kiwi op engem Bam oder engem Trausch wiisst... - mee well een "objektiv" esou oder esou verfuere kann, proposéieren ech, "subjektiv" Critèren determinéieren ze loossen: a) de Systeem vun deer Sprooch ze huelen, aus deeër tendenziell déi meeschten Artikelen iwwersat sinn (a wou een dann d'Geronderëms och esou mat iwwerhuele kann) b) d'Preferenz vun deenen déi am meeschten dorunner schreiwen. --Zinneke 09:30, 22. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Perséinlech giff ech och zum 2-Artikele Systeem tendéieren, ech géif et méi iwwersichtlech fannen. Et wier natierlech hëllefräich et festzehaalen op dat eent oder anert, net dass een spéider erëm kann alles änneren. --Alexandra 09:43, 22. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Këschte mat Käppercher[Quelltext änneren]

(aus dem Talk:Alexandra eriwwergeholl)

Beim Wantergréng-Artikel hu mer nees genee dat, iwwer dat schonns dosenemol getootzt gouf: E Mikrobildchen, dat an eng Këscht gesat gouf. Wéi schonns dräi Joer widderholl: Mer kucke, fir u valabel Fotoen ze kommen. Wann déi dann op 180px oder änlech mikroskopesch Gréisste (wat en Ausdrock!) gestaucht ginn, da gi se kee Sënn méi. Datt an der de-Wiki Dausende vu Krätzbiller als Käppercher um Bord pechen, musse mer deen net nomaachen. Firwat loosse mer d'Biller net aus de Këschten eraus, a mer maache se sou grouss, wéi se dem Thema am beschten entspriechen? Esou ass vun de Fruuchtbëmmelcher vum Wantergréng dach näischt méi Rescht! --Cornischong 09:52, 22. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Ok, soll ech da guer keng Foto an d'Këscht setzen?
Moien, ech plënneren des Diskussioun an de Stamminet, well se vun allgemengem Intressi ass.

All Wikien hunn eng Foto an den Taxoboxen, déi eng Zort Identitéitskaart ass vun de Planzen an dem Gedéiesch em déi et geet. Dofir, a well ech dat och gutt esou fannen, sinn ech derfir, wann ëmmer eng do ass, esou eng Foto an d'Këscht ze setzen.

D' Gréisst vun der Foto ass eng aner Saach: Ech hunn emol d'Plaz an der d'Këscht fir d'Planze méi "breed" gemaach, sou dass d'Foto, wéi bei den Déieren och, besser zur Geltung kënnt. Ech hoffen, dat ass eng Kompromëssléisung, mat deer jidderee liewe kann. --Zinneke 10:10, 22. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech sinn do net sou "tolerant", well Krätzfotoe mer déck op de Geescht ginn! Wa mer gär eng Zort Identitéitskaart an déi Këscht kréien, da solle (ech schwätzen elo vun Wantergröng-Fall, bei anere Saachen ass et méiglecherweis anescht, mer eng Erausvergréisserung vun där Foto maachen, déi just een zwéi Blieder mat e puer Bëmmelcher weist, an net e Meter Carré, deen op en Timber verklengert gouf. Ginn et da Leit, déi an hirem ganze Liewe keng schaarf Foto gesinn hunn? Déi biller sollen engem e Begrëff ginn, ëm wat et geet! Et sinn an aneren Wikien Biller ze gesinn, op deenen e Kinneksschlass op engem Bild ass, dat annerhalwen op dräi Zentimeter grouss ass. Esou Topegkeete sinn dach net ze diskutéiren. An der däitscher Wiki gëtt et eng Säit, op déi Fotoe kënne gesat ginn, fir se ze "verbesseren" (vun deenen, déi "sech do auskennen"). Ofgesinn dovun, datt do heiansdo un Doudege gepléischtert gëtt, ass dat eng gutt Saach! Mär hun och sou eng Säit, mee et schéngt mé einfach ze sinn, Commons-Wouscht ze verlinken. Wann ee gär e Beispill hätt, well e mengt, ech wier ze streng: Dat rëffegt Bild am Artikel Bongert. Dat ass dach Krätz. Leider hunn ech am Ament keen Ersatz bei Hand, mee mer wäerten dach eppes valabeles erbäikréien, well dat do eng Schan ass. Mer hunn am Knippsarsenal Leit mat gudden a ganz fudden Appaaraten!! Nach eng Kéier, kommt, mer kucken emol, datt mer eis net blaméieren (dat ass den Ausdrock!) mat eisen Biller. Spill awer lo keen nees de Beleidegten an Erniddregten, well e mengt ech hätt lo just op hie geschoss. Dat ass net de Fall: Ech wollt just ernimmen, datt mer eise Billerniveau sollen halen a wa méiglech verbesseren! Kuckt iech emol un, wat an deene grousse Wikien a punkto Biller leeft. Et gi Bijouen, mee vill zevill Krätz. Wann et nach engem u Beispiller fellet, da soll e mer Bescheed ginn. Dat just sou niewebäi. --Cornischong 10:30, 22. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
E Bléck op den "Schloss Brissac"-Artikel an der de-Wiki (fir déi Aarmen elo mol ze besch...) : Zwee komplett ausgeblatzte Billercher mam Schlass drop an dat drëtt vun uewen "Gestüt und Teil des Parks". Dat muss ee gesinn, fir et ze gleewen! --Cornischong 10:37, 22. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]
Mam Zinneke sénger Léisung kéint ech scho liewen. Ech verstin de Cornichong natierlech och, dass hien di gudd Fotoen gäer esou grouss wéi méiglech am Artikel hätt. Leider hëlleft mir dat mat de Këschten net weider. Ouni Foto gesinn déi och no näischt aus. Ech misst dann awer scho wësse wéi ech et soll machen. Këschten eidel loossen, gudd Fotoen dran oder net dra machen oder einfach aus aner Wikien "klauen" goen, d'Fotoen zweemol drasetzen, guer keng Këschte méi.... asw?
Verfuere mir dann einfach dass, wann d'Fotoe net gudd sinn, einfach keng an den Artikel oder d'Këscht setzen? Mä wou kritt een dann ëmmer gudd Fotoe hier. Ass et dann net besser wann e keng gudd huet eng aner dranzesetzen fir den Artikel trotzdem opzelackeren?

--Alexandra 13:58, 22. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Happ a Malz[Quelltext änneren]

Eng Léisung huet jo net laang op sech waarde gelooss. Eisen treie Mataarbechter Mabus huet eis ouni ze zécken e puer vu senge Pissblummen ofgetrueden. Eng Fro hunn ech awer nach. Ech stelle se aus guddem Grond hei: Wéi stellt ee bei der FinePix A 350 eng "Film- oder Sensorempfindlechkeet" vu 64 ISO an? Ech schwätzen hei vun der Rialtobrécksfoto. --Cornischong 23:12, 22. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Vläicht ass méi hannendrun? E Bléck op dës Website ( http://www.rense.com/general21/mabus.htm ), an d'Schuddere lafen engem d'Boxebeen erof. --Cornischong 05:33, 23. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]


Interwikilinke vu lëtzebuergeschen Artikelen op Structurea[Quelltext änneren]

Et gëtt vun haut un d'Méiglechkeet op dëser Websäit d'Méiglechkeet fir e Link op den Artikel op der lëtzebuergescher Wikipedia derbäi ze setzen.

Matdeelung vum Nicolas Janberg vun haut

Les Meloures 11:28, 24. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

Moien dir Wikipedianer(innen), ech wier ganz frou wann een vun ären Wiki Responsabelen mat mir giff Kontakt ophuelen fir e kléngen Info Austausch. D'Banque Européenne d'Investissement ass drun intresséiert de Wiki als méiglech Alternativ fir d'Erstellen vun Intranet Siten ze considéréieren an dofir misste mir awer emol mat erfahrene Leit ewéi iech diskutéieren. Rufft mech w.e.g. un um GSM 621291956 Villmôls Merci Marc ROMERSA Intranet Project Manager European Investment Bank

De Kontakt ass gemaach an Dir kritt an de nächsten Deeg weider Informatioune per Mail mat beschte Gréiss --Robby 18:34, 27. Feb. 2008 (UTC)[äntweren]

E Vollek vun Anaal-phabeethen ?[Quelltext änneren]

"Virdeischt gi mer mol vun engem Bild wei dat heiten aus. D'Luuten vum Bus sinn vill ze hell, woubei de ganze Recht ze donkel ass. Maat d'Bild am Gimp oder am Photoshop ob. Woubei ech an desem Tutorial The Gimp benotzen." - Aus engem Foto-Tutorial, wéi dat op Lëtzebuergesch heescht, vu "photogen", enger "flotter" lëtzebuergescher Websäit op Lëtzebuergesch (!! à la bonne h...) oder sou. ( http://www.photogen.lu/index.php?page=view_tut&id=83 ) --Cornischong 09:00, 2. Mäe 2008 (UTC)