Wikipedia:De Staminee/Archiv2008/Mäerz

Vu Wikipedia

Nationale Sproochfeeler[Quelltext änneren]

"Virescht Ënnerscheeder" : Datt d'Lëtzebuerger den däitschen "ch" net ausschwätze kënnen, hëlleft engem alt, se zu Tréier erëmz'erkennen. Datt d'Norah Jones 2006 "den Album mat dem selweschten Numm." erausbréngt, ass interessant, mee et weist nees op den nationale Sproochfeeler hin. Vun 100 Lëtzebuerger, schreiwen der 99 "Arbeschter". Et ass net den A , deen esou schlëmm ass, et ass den "S". Schwätzen déi och esou? Datt mär lo iwwer 3 Joer mat de "Virescht Ënnerscheeder" musse liewen, ass och net dat, wat berouegt. Wiem sollt et opfalen? Et ass "VIREG", wann ee freet. --Cornischong 09:19, 2. Mäe 2008 (UTC)

Da gëtt et elo verbessert. Wéinstens an de Systemmessagen Les Meloures 09:30, 2. Mäe 2008 (UTC)
Äschen op mäin Escher Kapp ;-) Et ass iwregens éischter e Minetter wéi en nationale Sproochfeeler... --Zinneke 09:19, 3. Mäe 2008 (UTC)
Dann ass et nach eng Kéier gutt. Déi Minettsdäpp hate schonns ëmmer hire Kapp. --Cornischong 09:23, 3. Mäe 2008 (UTC)

Op de Buedem kucken[Quelltext änneren]

Et lount sech, e Bléck op de Buedem ze geheien. Ofgesinn dovun, datt d'Honnerteuroschäiner do leien, wuesen och Flechten do! Et wier gutt, wa mer mol Fotoe vu Flechte kéinten zesummerafen. Jo, se däerfen och schoarf sinn. Jo, se wuessen net all "um Buedem". Merci. --Cornischong 11:06, 3. Mäe 2008 (UTC)

Schablounen[Quelltext änneren]

Mir hunn bei de Schablounen op eng Kéier e schéinen Duercherneen. Ass et net vlaicht besser fir ëmmer di selwescht ze huelen a se just all Kéiers unzepassen. Beispiller bei den Uertschaften:

Mir fuere jo mat enger Lännerkëscht, sollt een dann net och eng Stied- oder Uertschaftskëscht hunn a se eben just dem jeweilege Land upassen, soudass den Opbau awer ëmmer dee selweschte bleiwt? --Alexandra 13:41, 6. Mäe 2008 (UTC)

Wann ech mer eleng d'Nimm ukucken, da gesinn ech, datt Logik "eppes anescht" ass. Wann eng "Franséisch Uertschaft" heescht, da kënne mer jo déi spuenesch net "Spuenesch Uertschaft" nennen. Ech weess net, wien de Moustuckert ass, mee, an dat verzapen ech schonns Joren, et geet vill zevill Zäit an Nerve verluer fir déi Saachen. Wann ech gesinn, datt haut een, ouni ee Wuert Erklärung, eppes ännert, an doropshin en aneren dat, ouni ee Wuert Erklärung, zréckännert, da stëmmt eppes net. Well ech, nach ëmmer, keng Anung vun de Schablounen hunn: Ass et méiglech, eng Zort Schabloun fir all Uertschaften vun Hippches a vun Hapches ze hunn? Jo, dat géif mech berouegen, well da kéime mer mol mat valabelen Artikele weider. Merci fir äert Versteesdemech. --Cornischong 14:04, 6. Mäe 2008 (UTC)


Wann ech gesinn, datt haut een, ouni ee Wuert Erklärung, eppes ännert, an doropshin en aneren dat, ouni ee Wuert Erklärung, zréckännert, da stëmmt eppes net.
Kann ee gewuer gi wat dat ass Les Meloures 14:08, 6. Mäe 2008 (UTC)


Et geet an dësem Fall ëm d'Schabloun Schabloun:Coor dms. Um 14.16 setzt d'Alexandra en br dran, an um 14.45 hëlt de Les Meloures de br nees eraus mam "Kommentar" "test".

Ech weess zwar net sécher, ob et eppes domat ze dinn huet, mee wann ech d'Uertschaftsschabloun vun der Gemeng an Uertschaft Bech gesinn, da fannen ech, datt do an der Breet vill Plaz verbëtzt gëtt. Et ass mer opgefall, wéi ech d'Foto vun der Gemeng vergréissert hunn. --Cornischong 14:23, 6. Mäe 2008 (UTC)

Natierlech ass et méiglech eng Schabloun Uertschaft ze machen an se dann un déi verschidde Länner unzepassen. D'Propos hunn ech jo gemacht, fir dass an Zunkunft Zäit gespuert gëtt. Op denen anere Wikie fonktionnéiert et och esou. Wann iergendeppes gemacht gëtt, gëtt ëmmer gesot et gëtt Zäit verluer. Zäit verluer fir wat? Fir nei Artikelen? Jo, stëmmt schonn, mä solle dann déi Artikelen déi mir hunn net och no eppes ausgesinn? Ech hunn d'Gefill wéi wann dat ëmmer méi niewesächlech gëtt. Ech denken dass d'Qualitéit awer genau esou wichteg ass wéi d'Quantitéit. Mä jidderengem séng Meenung. Ech hunn d'Fro schonn eng Kéier gestallt op ech dat mat de Këschte soll ganz si lossen a krut nach keng Äentwert drop. Ech stelle se dann elo nach eng Kéier? A da froen ech an anengems wat vun engem iwwerhaapt nach hei erwaart gëtt? Soll ech just Artikelen ufänken, mat Skizz dran ouni soss eppes fir dass mir op eng bestëmmten Zuel kommen? Wann dat de But ass, mengetwegen. Mä da wier ech frou, wann dat emol giff kloer gesot ginn, dass een net ZÄIT mat Spillereie verléiert, mat denen awer och Leit sinn déi sëch domat vill Méi ginn. --Alexandra 14:15, 6. Mäe 2008 (UTC)


Wann de Meloures e Kommentar Test derbäisetzt kéint dat dann net vläicht eng Erklärung sinn firwat en déi Aktioun mécht.

Kategoriendoublon[Quelltext änneren]

No menger Meenung stinn dës zwou Kategorien Kategorie:Mineralien a Kategorie:Mineraler fir dat selwescht. Wat fir eng hale mir a watfir eng läsche mir freet de Robby 17:41, 8. Mäe 2008 (UTC)

Den DFL seet Mineralien fir d'Méizuel. Wat soen déi aner? Les Meloures 17:51, 8. Mäe 2008 (UTC)
Den DLW kennt dat net. Also Mineralien. --Cornischong 18:18, 8. Mäe 2008 (UTC)
merci --Robby 18:33, 8. Mäe 2008 (UTC)

Alles Daggi oder wat ?[Quelltext änneren]

Ech ginn dovun aus, datt mer eréischt de Kapp aus dem Sand zéien an op den Daggi reagéieren, wann Den Neie Feierkrop drop ageet. Da looss mer mol kucken. --Cornischong 21:44, 8. Mäe 2008 (UTC)

A wien huet an dëser Diskussioun de Kapp an de Sand gestach? Les Meloures 21:51, 8. Mäe 2008 (UTC) Les Meloures 21:54, 8. Mäe 2008 (UTC)
A wéi war et an dëser Diskussioun. Nodeems ech eng Fro gestallt hat gouf en EnCours dragesat mat der Bemierkung Schantjen fir mol an aller Rou weiderzefueren. Dat war den 9. November 2007. Eng Äntwert ass bis elo nach net agelaf. Les Meloures 23:23, 8. Mäe 2008 (UTC)

Dat wéi sst ech emol gär[Quelltext änneren]

Op der Haaptsäit steet riets ënnen eng Foto mam Duebelportal, déi mol verlinkt war op d'Portalesäit. Dee Link huet een ënnerbonnen! Firwat????? Well ech awer nieft dem stonnelaange Verbessere vun ëmmer deen selwechten Topegkeeten (!!) nu guer keng Loscht hunn, deem Kabes do och nach op d'Spur ze goen, froen ech :Wat soll dat dann?! --Cornischong 22:09, 10. Mäe 2008 (UTC)


Et huet keen dee Link ënnerbonnen, aus irgendenger Ursach fonktionnéiert dat net méi, wéi et geduecht war. Wanns de op d'Bild geklickt hues, dann hues de gesinn, datt op der Säit vum Bild de Redirect nach ëmmer drasteet.
D'Alexandra huet sech d'Méi gemaach fir dat op eng aner Manéier un d'Lafen ze kréien. Just op der Haaptsäit gouf de Link nach net ersat. Hatt huet och keng siwen Hänn. Ech huelen dat dann no. Les Meloures 22:20, 10. Mäe 2008 (UTC)
D'Saach fonktionnéiert erëm Les Meloures 22:26, 10. Mäe 2008 (UTC)

Duerch den Ännerungskonflikt houng ech. Hei awer mol mäin Text, deen net méi aktuell ass.

Jo, mäin Tounfall war schäreg. Wann ech e puer Stonnen Idiotië verbessert hunn (ech weess, ech war net deen Eenzegen) an dann trëllen engem och Sproochchaoten hei eran, dann ass et mer net onbedéngt, fir nach no iwwernatierlechen Uersaachen ze sichen, bei eppes, dat "gaangen ass". Vläicht wier et och emol eng Iddi, wann een dat gemierkt huet a probéiert "fir dat op eng aner Manéier un d'Lafen ze kréien" deenen aneren et just emol ze soen. Ech si komplett zoufälleg dropgestouss. --Cornischong 22:35, 10. Mäe 2008 (UTC)
Ech weess och net op se lo iwwerall ersat sinn. Wanns de nach ee solls fannen, dann einfach déi Schabloun wéi se elo op der Haaptsäit steet asetzen. Les Meloures 22:40, 10. Mäe 2008 (UTC)


CCC vum Cornischong senger Diskussiounssäit eriwwergeholl[Quelltext änneren]

Salut, Wiesou get mein Chaos Computer Club Artikel geläscht? Wees du net waat daat ass? wel deng begrennung huet _guer_ keen Senn... En Plus dann mech ze spären, ouni mol den neien Artikel duerchzekuken ass absolut lächerlech. Et geet em Matmachen an net em futti machen, daat ass den Senn vun Wikipedia. Ech muss soen daat ech schon an sou zimmlech all wiki vun der Welt artikel geschriwen hun an nach _nie_ en geläscht gouf. Vun dohier verstin ech net wiesou et hei anescht ass. Erklär mir daat weg an lies den neien artikel weg bis zum schluss.

Absolut lächerlech soen ech zu der ganzer aktioun, sou get de letzebuergegchen wikipedia suguer vun denen leit gemeid dei normalerweis ganz vill posten, cf Chaos Computer Club, weltweit.

Ech hoffen ech kreien eng, des keier rresonabel, änfert.

Bis dann, Chaos Computer Club Letzebuerg

Gudden Owend. Wéi wier et emol mat Lëtzebuergesch? Mer hunn eis dru gewinnt, datt Leit, dé hei matschaffe wëllen, e Minimum u Lëtzebuergesch beherrschen. Dann hu mer eis och mat der Zäit Manéieren zougeluegt, fir mateneen ëmzegoen. "un denen leit gemeid dei normalerweis": Watfir e Verb soll dat sinn? Wéi s de vläicht gesäiss, sinn de Les Meoures an ech zanter de Mueren amgaangen, Schreifweisfeeler ze verbesseren. Am CCC-Artikel stoungen e puer Dose Feeler dran. Dofir meng Fro: Wier et net un der Zäit, mol Lëtzebuergesch schreiwen ze léieren (et gi genuch Coursen uechter d'Land), ier een hei mat der Dier an d'Haus fält? An dat ass an ALL Wikipedia esou. War dat eng " rresonabel, änfert"? --Cornischong 22:22, 10. Mäe 2008 (UTC)

salut, somol... wees du wiesou ech souvill fehler hei hun? an wiesou d'umlaute net duerchkommen? Daat leit dorun daat ech, wells du d'ip hei aus dem ClubSaal gebanned hues, an mir lo iwer en Server an Lynx mussen hei schreiwen... Mee den CCC artikel ass awa duerch den letzebuergegechen Spellchecker gelaaf, vun dohier wees ech net op do wierklech souvill fehler dran waren. (Spellchecker.lu) falls dach deet daat eis leed. mee kanns du eis dann net weg helefen. hei sin och lo rem lauter fehler dran, ech wees, sry.

Merci, Chaos Computer Club Letzebuerg

Salut. Ech schreiwen net vun den Ëmlauten. E Beispill:
"falls dach deet daat eis leed. mee kanns du eis dann net weg helefen. hei sin och lo rem lauter fehler dran, ech wees,"
"wann dach, deet dat eis Leed, mee kanns de eis dann net w.e.g. hëllefen. Hei sinn och elo erëm elauter Feeler dran, ech weess ..." Ech weess gutt, an dat aus Erfarung, datt d'Lëtzebuergescht e grousse Problem ass, wann et ëm d'Schreiwe geet, mee déi puer Leit, déi hei eng Hand mat upaken, kënne ganz einfach net all Dag stonnelaang un Texter verbesseren, well et Leit gëtt, déi keng Anung vun eiser Schreifweis hunn. Wann ee wëll en Artikel iwwer e Club schreiwen, huet eigentlech nach ni een eppes dergéint gehat, mee wöi stellt där iech dat vir? Wann awer e Club hei eng Zort Annonce mat Versmmlungszäiten an deeës méi drasetzt, da gëtt et geläscht, egal wien et ass. An deenen anere Wikipediae si se nach vill méi streng. Kuck der mol déi däitschsproocheg un. Mol e gudde Rot fir d'éischt: Kuck der mol d'Säit Wikipedia:Eis Schreifweis un. Déi ass net grouss, a se léisst sech gutt verschaffen. Wann dat sëtzt, da si mer schonns e Krack weiderkomm. Wat mengt d'Vollek? --Cornischong 22:50, 10. Mäe 2008 (UTC)


Salut, mir ass kloer dat en net kann de ganzen daag lo hei Texter verbesseren. Ech haat halt gemengt daat den Artikel den ech geschriwen hun correct war, wei gesoot haat ech en duerch de Spellchecker vun www.spellchecker.lu laafe geloos. Wei kann ech dat dan besser maachen? Well wann ech dein Text doduerch laafe loosse seet den mir och daat do Fehler sin. Eng aner Meiglechkeet fir en Text verbesseren ze loossen an/oder richteg letzebuergech ze schreiwe kenne mir leider net. D'Idi vun dem Artikel war och net lo massiv Reklamm hei ze maache fir eisen, net kommerziellen, Club, schlisslech soll et eng asbl ginn die als Ziel ennert anerem Informatiounsfreiheet huet. Eis war och net bewosst das et net erlaabt ass, Versammlungsdaten ze verëffentlechen, fir eis fällt dat och ennert Informatiounsfreiheet. Mir geifen dat och dann net mei schreiwen. Do kommen ech dann zu dem nächste Punkt, mir geifen natierlech gäer eisen Artikel verëffentlechen, geet dat dann an rei wa mir die Datume eraushuele (an dann eben op eisen eegene Wiki verlinken, wou se da stin)? Oder riskéiere mir da 'erm dat en geläscht gett?

Merci fir deng helef, Chaos Computer Club Letzebuerg


Salut Chaos,

De Spellchecker ass just eng Léisung fir déi graffste Feeler ze fannen. Op der aner Säit mécht e Feelermeldungen och wa kee Feeler dra steet, well iergend e Wuert am Saz steet, dat en net kennt. De Problem ass, datt wann d'Leit schonns d'Lëtzebuergesch net richteg schwätzen, wéi sollen s'et da schreiwe kënnen. Et geet dermatter un datt Substantiver wéi am Däitsche grouss geschriwwe ginn. Dat kritt een an der Schoul an der éischter Lëtzebuergeschstonn gesot. Ech hu mer emol e puer Minutten Zäit geholl an d'Feeler am Text hei uewendriwwer fett geschriwwenn, datts de eng Iddi kris wat en alles esou falsch ka schreiwen. Ech hunn och nach vläicht den een oder aneren iwwersinn. Les Meloures 07:35, 11. Mäe 2008 (UTC)

Ech ënnerschreiwen dat mat a stellen eng ganz frëndlech Fro: Firwat wëll keng Sau d'Säit Wikipedia:Eis Schreifweis liesen? - --Cornischong 09:53, 11. Mäe 2008 (UTC)

Hey, ech sin jo averstanen... Trotzdem, ech fannen d'art an weis net unbruecht. Ech verstin et net. Wieosu schreift en op der eischter Seit "Si ass gratis a méisproocheg, a jidderee ka matschaffen."? Bislo hun ech ausser Zensur, an jo daat ass Zensur, sugud wei neicht hei gesin. Dir reid lo de ganzen Zeiten op dem Argument mat der Sproch, ok am Artikel waren vlait 5 Fehler, mee den Artikel haat jo guer keng Chance vun aner User verbessert ze gin well en mol keng 2 Minuten Online war an no 5 Minuten gouf mein User Gepsaart an Meng IP geblockt. Ech hun och nach eng Fro: Wiesou änfert dir net op meng Fro(en)?

Moien, just séier tëschenduerch vu menger Säit: De "si" am Saz "Si ass gratis a méisproocheg a jidderee ka matmaachen" bezitt sech op d'Wuert "Enzyklopedie". An eng Enzyklopedie ass kee Blogg, keng Facebooksäit, kee Poesiealbum a keng "Houmpéitsch", wou ee schreiwe kann, wat engem an de Sënn kënnt. Do ginn et nun eemol Konventiounen, wat Stil, Inhalt, an eeben och d'Presentatioun, dorënner déi schrëftlech, ubelaangt. Kuck der mol Artikeln op de Wikipediaen an anere Sproochen un, gär iwwert dat Thema, wou s De schreiwe wëlls, an huel der eng Nuesvoll vun do mat. Ech entspären dech elo, an da kanns D'eis gär weisen, nodeems de der déi Säiten Wiki-Tour an Eis Schreifweis gelies hues, wat s de kanns a weess - an ob s de dat och verstanen hues ;-) --Zinneke 11:29, 11. Mäe 2008 (UTC)

Den Chaos Computer Club Lëtzebuerg (C3L) ass nach keen agedroenen Veräin, et ass eng Grupp vun Computer Interesséierten Individuen. Wei den Numm schon seet orientéiert sech den Veräin um Chaos Computer Club aus Däitschland. Intressegebidder vum Veräin sinn Informatiounsfräiheet, Spaass un der Technik, Vernetzung, Datensecherheet an Verschlësselung.

Aktuelles Veräinstreffen ass all Méinden (ausser Feierdeeg) um 20:00 biss Feierowend beim Sepple um Lampertsbierg. Jiddereen ass agelueden fir bei eis ze kommen an dobei nei Individuen kennen ze leieren.

Eis éischt Treffen war den 04.02.08, also mer sinn nach een zimmlech neien Veräin ansouzesoen nach am Opbau an mer ginn eis all Mei.

Biss lo fannen dech am Veräinssall 4-6 Leit zesummen fir iwert verschidden Themen ze diskutéieren.

Am Text uewendriwwer kann een déi vläicht fënnef Feeler déi am zweeten Text stoungen dee presentéiert gouf, gesinn.
Nach eng Remarque zu der Form vum Text. Artikelen an der Wikipedia ginn net an Ech-Form oder an der Mir- an Onsform geschriwwen .
Et heescht also net jiddereen ass agelueden bei eis ze kommen. Et heescht jidderen dee wëllt kann dohinner kommen. Et ass och net eis éischt Treffen. Et heescht dat éischt Treffen. Just fir déi Beispiller erauszegräifen Les Meloures 10:30, 11. Mäe 2008 (UTC)

Hallo, Weilo? "Chaos Computer Club Lëtzebuerg" gouf geläscht: Text op Auslännesch. An der lb-Wikipedia steet alles op Lëtzebuergesch. Jo also ech verstin dach richteg daat, wei et op der index Seit steet:

D'Wikipedia ass e Projet vun enger fräier Enzyklopedie. Si ass gratis a méisproocheg, a jidderee ka matschaffen. 

Daat net jidderen duerf matmachen, ok, kruten mir jo well letzt keier erklärt, mee "méisproocheg" heescht dach daat en an MEI Sprochen duerf schreiwen, an Englech as dach eng Sproch, och wann vlait net jidderen se kann! Chaos Computer Club Lëtzebuerg

Léiwen CCC. Et ass der vläicht nach net opgefall, awer an der italieenescher Wikipedia stinn elauter Texter op Italieenesch dran. An d'selwecht ass et mat deenen aneren. Speziell Fäll sinn déi engleschsproocheg oder déi däitschsproocheg. Eng däitsch gëtt et aus gudde Grënn net. Dann emol eng Fro sou ganz ënner eis: Geet et der drëm, en Artikel an d'Wikipedia ze schreiwen, oder piddels de gär um Spaweck hin an hier? Sollt dat Wuertspillche mat méisproocheg originell sinn? Neen, dat ass et net. --Cornischong 22:44, 17. Mäe 2008 (UTC)

Schued daat et hei keng Meiglechkeet get an irgendenger Form en Artikel an den Wikipedia Letzebuerg ze kreien. Mir hun anscheind eng aner Opfassung vun Informatiounsfreiheet. Chaos Computer Club Lëtzebuerg

Eng Meenung vum Karo[Quelltext änneren]

Ech sin elo durch Zoufall heihinner gerooden, mee nodems ech dat wat hei sou steet gelies hun muss ech meng Meenung lass gin. Ech mengen de Senn vum Site ass jo nei Anträg vun Leit ze kreien, fiir den lëtzebuergeschen Wikipedia ze vergreisseren an de Leit dobausse Informatioune ze liweren. Et soll jo keng Seit sin wou kee menshc drop geet well net vill drop ze fannen ass. Ech mengen Leit dei un C3L interesseiert sin ass et egal op do e puer schreiffehler stin, haaptsach si kreien Informatiounenn dei se sichen. An ech fannen wann ee Leit, dei sech welle Mei man de wikipedia.lu hëllefen ze erweiteren, sou onfrendlech behandelt, brauch ee sech net ze wonnere wann kee mei drun interresseiert ass sei Wessen hei opzeschreiwen! A jo hei stin elo och Fehler dran! Jo mee wat ass dann,ech mengen den den et liest versteet et jo trotzdem a dat ass wourober et ukennt! Karo

Lihbe Karo, isch schraibe dihr auf doitch darmidddu ferstees was isch maine: natührlich fersteessdu wass ich hir schreibe, aber mal ährlich: würde es disch wundern, wenn ein dermahssen geschrihbener täxt aus einer doitschspraachigen feröffentlischung rausgeschmissen wuürde??
Hei ka jidderee matmaachen, mee et ass e Minimum u Respekt un anere Lieser, sech u stilistesch an orthographesch Regelen ze halen, an net direkt mat der Dier an d'Haus ze falen an déck Baken ze maachen, wann een eppes kritiséiert. Wann ech en Text an eng Zeitung schécken, an déi schécke mer en zeréck, froen ech och virwat an ännerenen et, amplaz direkt d'beleidegt Liewerwurscht ze spillen. Nach eng Kéier: En Artikel iwwer de CCC ass wëllkomm, wann en an engem akzeptabele Format ass. Wat dat ass, gouf jo laang a breet erkläert. --Zinneke 10:00, 26. Mäe 2008 (UTC) 14:28, 25. Mäe 2008 (UTC)

De Spellchecker a seng Wurschteler[Quelltext änneren]

Nierft wesentleche Performanz-Optiméierungen déi virun allem béi groussen Texter bemierkbar wäerte sinn: - Dat ass e Saz vun der Spellchecker-Säit ( http://www.spellchecker.lu/ ): Do steet nierft : Domat dierft wuel nieft gemengt sinn. Do steet wesentlech, dat misst wiesentlech" sinn. Do steet ...Optiméierungen déi .. Dertëscht misst e Komma kommen, well mam Wuert "déi" e Relativsaz ugeet. A mat esou Trëllerte wëlle mer e Spellchecker (hu mer kee Wuert op Lëtzebuergesch dofir???) maachen? --Cornischong 09:25, 11. Mäe 2008 (UTC)

Koordinateschablounen[Quelltext änneren]

Moien alleguer,

Et ass vläicht deem engen oder aneren opgefall datt d'Koordinateschabloun liicht verännert gouf an deem Sënn datt se an de Këschten an zwou Reie steet. Dat war eng Méiglechkeet fir d'Këschten an der Breet ze reduzéieren. An deem Sënn war dem Alexandra seng Initiativ ganz gutt.

Leider hu mer duerno festgestallt, datt an Artikelen déi keng Këschten hunn, dat sech e komesch ugesäit. Dofir gouf eng nei Schabloun gemaach, déi an esou Artikelen ze gebrauchen ass.

Gebraucht dofir w.e.g. an de Këschten, wann se net duerch de Modell vun der Këscht schonns matagebaut ass, d'Schabloun {{Coor dms}} a sooss an den Texter d'Schabloun {{Coor dms1}}

Wann een an engem Text mierkt, datt d'Koordinate sech op zwou Reie verdeelen, einfach op Änneren klicken, an hanner dem dms an der Schabloun einfach eng 1 bäiflécken.

Merci am Viraus fir all Mathëllef an deem Sënn Les Meloures 10:52, 11. Mäe 2008 (UTC)

P.s. Schreift w.e.g Ären Numm hei ënnen drënner wann der dëst gelies hutt. Les Meloures 11:53, 11. Mäe 2008 (UTC)

Dës Matdeelung gouf bis elo gelies vum:

  • --88.207.254.126 16:26, 11. Mäe 2008 (UTC)
  • --Alexandra 08:15, 12. Mäe 2008 (UTC)
  • --Zinneke 17:37, 12. Mäe 2008 (UTC) (mat der Propos, dës dach éischter kryptesch Messagen op enger Hëllefssäit ze versuergen an anzebauen, fir dass een s'einfach erëmfannen an noliese kann; hei gi se an e puer Wochen ewech an d'Archiv geraumt).
  • --Otets 00:07, 7. Abr 2008 (UTC)
Moien, dat hei gouf uewendriwwer reklaméiert:
Wann ech gesinn, datt haut een, ouni ee Wuert Erklärung, eppes ännert, an doropshin en aneren dat, ouni ee Wuert Erklärung, zréckännert, da stëmmt eppes net.
Doropshinn gouf no dem Geänners an nodeems eng zweet Schabloun gemaach gouf eng Erklärung heihinner gesat. Dat schéngt de Reklamant awer dann net méi z'intresséieren, soss hätt e sech vläicht bei Gelies agedroen. Wann ech da gesinn wéivill Intressi un esou Matdeelungen ass froen ech mech, op se iwwerhaapt en Zweck hunn, oder gëtt nëmme just reklaméiert fir d'Leit ze nerven. Les Meloures 17:19, 27. Mäe 2008 (UTC)

Eng Klackfir eis Sprooch[Quelltext änneren]

D'Klacke sinn do ( http://webplaza.pt.lu/friedjan/KLACKEN.html } ze liesen. --Cornischong 22:18, 17. Mäe 2008 (UTC)

Wa mer eppes net fannen gëtt geläscht[Quelltext änneren]

Wann ee "Maroun" net kennt, da soll en emol am Luxemburger Wörterbuch kucken. Do steet et op der Säit 93 am Band 3! Hu mär se nach all?? Waarde mer lo nach op een, deen d'Wuert Mullebutz "net fënnt"? Ass et zevill Aarbecht, fir e Redirect ze maachen? Hei ass, glécklegerweis, net alles Daggi, wat an den Artikele steet! --Cornischong 14:38, 18. Mäe 2008 (UTC)

Moien,

Et geet net vun der Maroun riets déi stoung ni zur Diskussioun. An der Diskussioun ëm de Marounebam geheits de mat dem Klees ëm dech, a wanns de da gefrot gëss op de Klees de Marounebam kennt, muckst de dech net méi. Alles no zeliesen an Diskussioun:Séisskäschtebam.

Et dréint sech och net ëm d'Mullebutz mee ëm de Mullebutzestrauch. An engem Artikel hues de dech iwwer de Strauch opgereegt. (Et wier villäicht eng Iddi nëmmen dat ze "verbesseren", wat falsch ass! E "Strauch" ass op Lëtzebuergesch en Trausch an kee Strausch,)

Hei schéingt en der net opgefall ze sinn

Et gëtt dovunner ofgesinn en etlech Traisch déi d'Mullebutz als Fruucht hunn. Du kanns eis jo dann informéieren, waatereen datt hei gemengt ass.

Soubal wéi mer dat wëssen engagéieren ech mech den Artikel ze maachen, an esouguer ee mat méi wéi 20 Sätz.

Wat dann nach ganz aartlech ass: deejéinegen deen de Mullebutzestrauch an den Artikel gesat huet mellt sech net op d'Fro, awer soss talken der en etlech, awer eng seriös Äntwert kënnt net. Les Meloures 16:39, 18. Mäe 2008 (UTC) Les Meloures 15:13, 18. Mäe 2008 (UTC)

Mëller a Mëlles[Quelltext änneren]

Salut. Ech hunn hei scho vill Mëller a Mëlles materlieft, awer déi Lǎozǐ -Saach halen ech "am Kapp net aus". Ech hat gemengt, déi Daggi-Affär wier den Orgasmus gewiescht, ----- 'schéngt es net. --Cornischong 18:20, 24. Mäe 2008 (UTC)

Salut och esou huet jiddereen aner Opfaassungen ech hat gemengt et wier de Marounebam gewiescht. Les Meloures 18:56, 24. Mäe 2008 (UTC)

Wéi schonns eng Kéier gesot et dréint sech dach guer net ëm d'Maroun et huet sech ëm de Marounebam gedréint deen neirens ze fannen ass. Mer wäerten dach nach déi zwou Saachen an enger Diskussioun kënnen ausernanerhalen.

Dann nach eng Saach: Hal op déi aner Benotzer Mëller ze tituléieren. Deng Frechheete kanns de der fir aner Saache spueren. Les Meloures 08:36, 25. Mäe 2008 (UTC)

E prinzipielle Problem[Quelltext änneren]

Neen, ech gefale mer net an der Roll, de Stamminet vollzeschreiwen. Et geet mat dëser Saach awer ëm e prinzipielle Problem, deen ech gär geklärt hätt, ier ech mat eppes anescht wëll weiderfueren:
Gëscht gouf den Artikel Arthur C. Clarke ugeluecht. Den Auteur gëtt un, datt hien den Text aus der "Simple English"-Wikipedia hier huet. Dat ass eng onglécklech Saach, well an deem text sou zimmlechalles falsch ass, wat dra steet. Dat schreiwen ech dunn op d'Diskussiounssäit, well ech mer net grad glécklech virkommen, wa mer Falsches an den Artikelen hunn. D'Reaktioun ass Null. Well ech gëscht keng Zäit hat, fir den Artikel z'änneren (dat geet net an engem Saz!) hat ech d'Wiel: Maach, wéi wa guer näischt wier oder setz "iwwerschaffen" driwwer. Ech hunn doropshin iwwerschaffen driwwergesat. Wat ass doropshi geschitt. Guer näischt. Lo bleiwen net vill Léisungen. Ech huele mer Zäit fir aus deem "Déngen" en Artikel ze maachen, oder ech läschen et. Wann ech et läschen ass et 1. schued, well de Mann ass wierklech wichteg 2. si mer de "Fouss an der Dier " lass, a mer hunn näischt méi.
De Problem ass, ofgesi vun den IP-Erscheinungen" (iwwer déi ech op der Diskussiounssäit vum Veiner Bistro-Kino mäint geschriwwen hunn), déi ëmmer dann opdauchen, wann d' Responsabilitéit eng Laascht kéint ginn, datt déi Artikel-Doudgebuerten mol einfach leiegelooss ginn. Also meng Fro: Wat maache mer mat deene Kadaveren? IP-Äntwerten sinn elo hei NET wëllkomm. --Cornischong 09:12, 26. Mäe 2008 (UTC)

De kleespere Clarke-Artikel war vu mär (ech war eng Woch "fort", an mäi Ageloggs war erausgeflunn, ouni datt ech et ufanks matkritt hat). Ech wollt emol déi 3 Nekrologe vun der leschter Woch (de Claus feelt nach) opsetzen, ier nees neier derbäikommen. Ech war mer bewosst dass et net vill rares ass, mee léiwer en Ufank wéi guer näischt. Ech hat gëschter Owend keng Zäit derno ze kucken, setze mech awer gär an deenen nächsten Deeg derhannert, do méi draus ze maachen (wann iwwerdeems ee sech dem Hugo Claus unhuel willt: gär!)--Zinneke 09:56, 26. Mäe 2008 (UTC)

--Zinneke 11:00, 26. Mäe 2008 (UTC)

Wéi ech dat gesinn, ginn et am Moment an di 80 esou Artikelen. Bis elo huet nach nie een sech wierlech vill dofir intresséiert. Et kann een also Iwwerschaffen dra schreiwen (hunn ech och scho gemacht) an drop hoffen, dass den Auteur e verbessert. Wann dat net de Fall ass ginn et nach 2 Méiglechkeeten, et verbessert oder et mëcht ee wat dra steet: et läscht een en. --Alexandra 10:02, 26. Mäe 2008 (UTC)

"80 esou Artikelen": Da gëtt et Zäit, mol eppes kloer ze stellen. Mer hunn Artikelen, déi "ganz kuerz" sinn. Ee Beispill: Mikrometerschrauf. Deen huet leider nëmmen ee Saz, mee do stëmmt alles, wat drëm an drun ass!! An all Wiki gëtt et dat. An ech gesinn doran näischt "Schlechtes". Mer mussen awer déi Embryo-Artikelen net an een Dëppe geheie mat Artikelen, an deene "Feeler" oder Topegkeete stinn!!! Ech sionn zimmlech allergesch vis-à-vis vun Artikelen, an deene Saache stinn, déi "e schlecht Liicht" op déi ganz Wikipedia fält. Wann ech vu seriéise Leit gesot kréien "Hu där se nach all?", da fillen ech mech ugeschwat. An et gi Fäll, an deenen (an ech schreiwen dat elo mol ganz duuss) déi Fro "op der richteger Plaz" war. Jidderee ka sech ieren! Jiddereen ass op "Quellen" ugesisen, déi wënsch kënne lafen. Dann hu mer Artikelen, an dat ass den "nevralgesche Punkt", déi "falsch" Donnéeën agepaakt kruten. Mat deene "muss" direkt (jo, direkt) "eppes" geschéien. E gudd Beispill ass de Clarke-Artikel. "nach nie een sech wierlech vill dofir intresséiert" liesen ech. Sou séier geet et mat Behaaptungen. Dat Beispill vum Kino mat de Rullstill ass wierklech ganz interessant! Mä dat ass joo eng aner Saach. --Cornischong 10:35, 26. Mäe 2008 (UTC)


Mat 80 an esou - Artikelen hat ech gemengt, déi wou Iwwerschaffen dra steet. Ech war se natierlech net kuken fir kënnen ze soen op dat Iwwerschaffen elo gerechtfertegt ass oder net. Ganz sëcher ginn et Artikelen déi an der Rei sinn, och wann net vill dra steet. D'Iwwerschaffen hunn ech allerdéngs och ëmmer nëmmen dra gesat wann et z.B. net iwwersat war, oder Feeler dra stongen ... asw. Fir dat war d'Schabloun Iwwerschaffe jo och geduecht. Net fir en Artikel deen ugefang ginn ass an de Wiki-Kriterieënn entsprécht, fir deen ass jo d'Schabloun Skizz geduecht. --Alexandra 13:00, 26. Mäe 2008 (UTC)

Gudde Moien,

Just datt déi net solle vergiess ginn.

Hei uewe geet vun IP-Erscheinunge riets. Dat sinn awer net déi eenzeg Erscheinungen déi et op der lb:Wiki gëtt.

Hei ginn nämlech déi agedroe Benotzer vergiess déi nach ni en Artikel geschriwwen hunn a just diskutéiere kommen. Et sinn der och do, déi sech ageloggt hunn a weder en Artikel gemaach hunn, nach eng Verbesserungen. Firwat dat gutt soll sinn, wëssen och just si selwer.

De Cornischong seet:

Bei de Pseudonyme kann ee wëssen, datt een et mat engem Bestëmmten ze dinn huet. Bei den IPen kritt ee mat DSl bei all Aloggen eng nei Nummer, an et weess een net, mat wiem een et ze dinn huet.

Ech kann dozou just soen datt ech vun de 1 490 agedroenene Benotzer der net vill kennen. Mat weem hu mer ze dinn, bei deenen déi just Froe stelle kommen oder diskutéieren? Ech hu vläicht en einfache Geescht, dofir maachen ech mer och keng Méi fir Identitéite vu Benotzer oder IPë wëlle parforce erauszefannen. Fir mech ass anonym dat selwecht op IP ode Benotzer.

Ganz abstrus ass dann nach, datt een oder eng Benotzer(in), Dat Krappegt vu Sëll, dat och kee kennt, hei behaapt den 81.244.xxx ass de Mëlur. Wat soll dat aussoen? Datt an Zukunft all IP déi hei opdaucht a mat 81.244 ufänkt de Mëlur ass. Dat fänkt dann awer op eemol un dem Mëlur ze domm ze ginn. De Mëlur huet genuch Zivilcourage fir dat wat e schreift ze ënnerschreiwen, an en huet och nach a kenger Dikussioun de Schwanz bäigezunn, a sech dout gestallt. (Ausser am Daggis-Artikel, wou en hätt sollen äntwerten, et awer net gemaach huet, well hie selwer nach op eng Parti Froen ni eng Äntwert krut.)

Les Meloures 16:44, 26. Mäe 2008 (UTC)

Nëmme fir déi Firwëtzeg[Quelltext änneren]

Neen, net deen ale Schäiss, mee eppes ganz Neies: Dat gëtt zwar als "Beta-Versioun" virgestallt, et schéngt awer eppes richteges ze sinn. Eng Statistiksmaschinn, déi et erlaabt fir ze gesinn wéi dacks eng Säit an der lb-Wikipedia opgeruff gouf!!!!! Tjëft namol, interessant ass et op alle Fall. Wou dat ass? Ma hei ( http://stats.grok.se/lb/200803/Esch-Uelzecht ). --Cornischong 16:16, 27. Mäe 2008 (UTC)

Fändelschablounen[Quelltext änneren]

Moien,

Mer hu fir Däitschland zwou Fändelsschablounen. Eng déi heescht DEU an déi aner GER. Watereng solle mer halen? Les Meloures 18:00, 28. Mäe 2008 (UTC)

Salut,

Esou vill ech an Erënnerung hunn gouf sech eng Kéier hei décidéiert fir sech op de Code ISO 3166-1 festzeleeën, an do steet "DEU". Well et awer nach vill "GER"-Schablounen ginn, misst een e "Redirect" bäibehalen.--Fliedermaus 18:20, 28. Mäe 2008 (UTC)

Resalut,

Merci fir d'Info. Da kënne mer GER lues a lues ersetzen a wann se kee Link méi huet fléie lossen. Les Meloures 19:01, 28. Mäe 2008 (UTC)


Ech profitéiere vu dëser Geleeënheet fir nach eng Kéier drun z'errënneren datt wa festgestallt gëtt datt eppes falsch ass, et mat dem Redirect net duergeet. De falsche Lemma muss iwwerall op de Säite op déi e linkt verbessert ginn, an da geläscht ginn, soss geet et mat dem Gewurschtels weider.

Dat heiten ass en typesche Fall. De GER gouf am Februar 2006 ugeluecht a 6 Méint duerno gouf e geréckelt. An der Lëscht vun de Schabloune mat den Nationalfändelen ass de GER stoe gelooss ginn, an an den Artikelen och. Dorunner huet sech natierlech jiddereen, deen déi Schabloun gebraucht huet, orientéiert. Wann déi neideg Verbesserungen deemols direkt gemaach gi wieren, an d'Schabloun GER geläscht gi wier, hätte mer elo keng 250 déi op engem falsche Redirekt stinn. Les Meloures 20:07, 28. Mäe 2008 (UTC)

Elo ass et awer esou datt de "Comité Olympique International" fir Däitschland de Code GER huet. Et wier duerfir net schlecht datt ee bei engem Tableau dee mat Sport ze dinn huet (besonnesch fir d'Olympech Spiller) a wou een als Lieser vum Text de Lännercode gesäit, een nach ëmmer op de "GER" zréckgräife soll.--Fliedermaus 13:20, 31. Mäe 2008 (UTC)

Ech gesinn do kee Problem fir de Code GER am Text vun de Sportsartikele bäizehalen. Wann et néideg ass kann een eng Schabloun GER + Fändel maachen déi mat Däitschland verlinkt ass, déi dann esou géif ausgesinn GER

Les Meloures 13:45, 31. Mäe 2008 (UTC)

Eigentlech wieren esou Schablounen an de Sportartikelen déi beschte Léisung well se ëmmer déi selwecht Breet an den Tabellen hunn. Dat géif awer vill Geflécks ginn. Mee vläicht léiwer elo wéi wa mer nach 300 Artikele weider hunn. Les Meloures 13:51, 31. Mäe 2008 (UTC)

D'Engelen an d'Waasserleef[Quelltext änneren]

"De Warmbeek ass eng ...": Wëssenschaftlech kréie mer dat hei, fäerten ech, net geléist: Ech hunn e komescht Gefill mat de männleche Waasserleef. Sou wäit wéi ech dat matkréien, hunn all (...) lëtzeburgesch kleng a grouss Baachen e "weiblechen" Numm; Sauer, Blees, Mamer .... Wann ee géif vun dem Mamer schwätzen, krit en de Bols gemooss. Hätte mer net besser, mer kucke fir déi exotesch och doropshin auszeriichten? Ech weess, de Mississippi, den Nil, den Hudson an de Räin brauche mer sécher net z'operéieren. An "de" Rhône an "de" Semois hëllefen eis och net gutt weider. Wat mengt d'Vollek?--Cornischong 10:39, 31. Mäe 2008 (UTC)

Moien
Hate mer net schonns eng Kéier doriwwer riets? Les Meloures 11:18, 31. Mäe 2008 (UTC)
De Semois hunnech iwwregens net op der lb:Wiki fonnt. Les Meloures 11:20, 31. Mäe 2008 (UTC)

Merci, Vollek, dat sinn natierlech Argumenter, déi jiddereen iwwerzeegen. --Cornischong 11:34, 31. Mäe 2008 (UTC)

Et ass gär geschitt. Et gëtt esouguer zwou Diskussiounen op der lb:Wiki doriwwer. Gi mer hei net Problemer sichen déi am Fong keng sinn. D'Fransouse fuere mat den auslännesche Flëss am Prinzip mat dem Genus deen se an hirem Heemechtsland hunn. Bsp. Dommel a
Kleine Dommel. D'Fransousen hu wéi et schéngt verstanen datt an Holland d'Waasserleef männlech sinn. Eis däitsch Noperen hunn se allerdéngs an der weiblecher Form.
Hei hannendrun och déi zwou aner Dikussiounen iwwer d'Waasserleef. N°1 an N°2.
D'Fro ob mer net solle bei den auslänneschen Nimm sollen dee Genus bäibehalen dee se bei sech doheem hunn, hat ech och viru Kuerzem gestallt an zwar de 17. Mäerz hei. Wa mer ons doriwwer eens wieren, bräichte mer an Zukunft net méi driwwer ze diskutéieren. Eng Äntwert steet awer nach ëmmer aus.
Perséinlech wëll ech mech net géint eng Léisung wieren déi vun der Allgemengheet geholl gëtt. Les Meloures 12:07, 31. Mäe 2008 (UTC)
Ob dat iwwerall klappt, weess ech net, mee hie emol eng Proppos, wéi een dat Geschlecht bestëmme kinnt:
    • bei Fléissgewässer a Länner, deenen hir Sprooch méi Genera huet, an deem Genus wéi do ("beek" op hollännesch ass männlech, dofir "de Warmbeek");
    • bei deenen a Länner ouni esou Ënnerscheeder (engleschsproocheg, etc.) oder, wou et net bekannt ass, esou, wéi een am Lëtzebuergesche giff soen (D'XY ass eng Baach; den XY ass e Floss)

Kinnt een domatter liewen?

--Zinneke 12:17, 31. Mäe 2008 (UTC)
(Ech gesi grad, de Les Meloures hat änleches geschriwwen, iwwerdeems ech am Gaang war, dat hei ze schreiwen)


Ech stellen dann am Allgemengen dozou fest datt bei dëser Diskussioun d'Zopp muss dräimol opgewiermt ginn fir datt vläicht eppes wat enger Lésung gläicht erauskënnt. Ech si gespaant ewéi en ale Prabbeli, a schwätzen an dëser Saach och net méi mat well ech meng Meenung gesot hunn.
Ech hunn duerch d'Grammaire de la Langue Luxembourgeoise gebliedert an näischt fonnt wat ons kéint weiderhëllefen, an am Josy Braun sengem Bichelchen hunn ech och näischt fonnt . Les Meloures 12:45, 31. Mäe 2008 (UTC)


Ech melle mech awer nach eng Kéier zréck, well et mer och géint de Strich geet wann eppes net stëmmt. Ech hunn elo an zwee Iwwersetzungsbicher fr/nl nogekuckt. Eent gëtt bei beek kee Genus un an dat anert seet v fir vrouwelijk. Deemno wir et emol bei de Waasserleef mat der Endung beek kloer datt den Numm weiblech ass. Wéi et mat den aneren ass hunn ech just bei e puer erausfonnt.

De Floss Waal ass z.B weiblech deemno d'Waal an net de Waal. Wéi et mat den aneren ass hunn ech nach net erausfonnt. De Rhône féieren se als männlech. Et schéngt deemno do och keng fest Regel ze ginn.

Ech pilgere mar emol an d'Schoul wou ech ugefaangen hat hollännesch ze léieren, a klappe beim Professer un, fir méi iwwer d'Nimm vun den hollännesche Waasserleef gewuer ze ginn. Am Noutfall gëtt sech en ordentlecht gescheit Buch geleescht. Les Meloures 18:11, 31. Mäe 2008 (UTC)

D'Äntert dann och heihinner

Ech kommen dann och op déi hollännesch zréck. Ech krut vum Hollännesch-Prof gesot datt am Prinzip d'Flëss an Holland weiblech sinn, bis op e puer Ausnahmen déi een dann ebe kenne misst. Domatter war ech bal esou wäit wéi virdrun. Do muss dann een ordentlecht Buch bei Hand leien. Ech hunn en nämlech gefrot, beim Geer deen an der Belsch le Geer heescht an an Holland de Jeker, ob deen dann elo männlech oder weiblech wier, an e konnt mer net drop äntwerten. Les Meloures 10:29, 9. Abr 2008 (UTC)


Dir meng léif Leit. Sinn dat se all, déi hei op engem verreente Sonndeg eppes Klenges schreiwen? Ech kommen erëm, wa mer zu méi sinn. A nach eng Fro. Hei uewendriwwer schreift eng Persoun, se géif "mar" säi Professer froen. Wa se dat gemaach hätt, da misst eppes dovun ze fanne sinn. Vläicht ass et och Staminetsgespréich. Nujee. den Dirlidapp, dee sech eng Grëtz eleng virkënnt.

Nujee, och wann ee sech eleng virkënnt, muss een net gläich schizophren ginn an alt nees e Kont ënnert engem aneren Numm opmaachen... --Zinneke 14:25, 6. Abr 2008 (UTC)
an dann och nach eng sëllegen Artikelen mat engem Saz opmachen, nëmme fir ze soen et hätt ee vill nei Artikele geschriwwen.... keng kat, keen interwiki.... asw --Alexandra 18:01, 6. Abr 2008 (UTC)
Léiwen Dirlidapp
Wanns d'et net solls gemierkt hunn.... Vun de moien 8 Auer un bis zu denger Bemierkung hei um 16:03 si 77 Ännerungen oder Verbesserunge gemaach ginn. Natierlech bei iwwer 1.400 agedroene Benotzer ass dat relativ wéineg. Ech verstinn deemno net wéis du als ganz Neien der esou veloosse virkënnst. D'Wikipedia ass e grousse System bei deem vill Hannergrondaarbecht muus gemaach ginn, déi net direkt esou artikelsméisseg an d'A fällt. Mee kuck emol wéivill Leit hei effektiv schaffen, a wee wat opweises huet. Ech si gespaant op deng Presenz an der Zukunft.
Mee fir der eng Äntwert wéinst dem Professer ze ginn, deen ech wollt froen, do ass et mir gaang wéi ganz villen anere Leit déi wollten e Professer an der Ouschtervakanz an enger Schoul opdreiwen. Meng Chance fir deen an deeër Zäit do ze fanne, war esou gutt wéi null. Ech hunn et leider och eréischt gemierkt wéi ech virun enger zouener Dier stoung.
Ech wonnere mech allerdéngs och, datt Leit déi sech just ugemellt hunn, sech Gedanken iwwer Staminetsgespréicher maachen. Anscheinend ass dat dann och hir éischt grouss Suerg op der Wiki. Mee an engem Stamminet fillt ee sech net méi sou eleng, och wann d'Gepoters näischt bréngt. Froestellerte goufen et der schonns vill hei, déijéineg déi konsequent all Dag hei schaffe sinn op enger viischter Patt opzezielen. Les Meloures 18:06, 6. Abr 2008 (UTC)