Wikipedia:De Staminee/Archiv2010/September-Dezember

Vu Wikipedia

"fräi fir all Wikipedia"[Quelltext änneren]

"Hi is "fräi fir all Wikipedia" a valid license on lb-wiki? If yes I can use my bot to fix the images with that text. I think a template is better than just text, so if you have a matching template I think we should add that instead of doing like this [1]. If the template is just removed then a) the bot will tag them again next time or b) it would make it hard to do a search for images without a license in the future if that should be needed. --MGA73 10:13, 9. Sep. 2010 (UTC)"[äntweren]

Dëst krute mer vum MGA73 gefrot, deen am Gaang ass, ze hëllefen, Uerdnung a Biller ze brénge mat Lizenzen, déi aus der Rei danzen. Meng Meenung dozou: Wann Een eppes "fräi fir all Wikipedia" declaréiert, ass meng Interpretatioun, datt, well déi allermeescht Wikipediaen nom Prinzip vum fräie Contenu fueren, eppes, wat "fräi fir all Wikipedia" ass, och par Déduction eng "fräi" Lizenz misst hunn; d.h., de Commons no, eng kombinéiert GFDL-CC-by-sa-Lizenz.

Ween dëst net novollzéie kann, kann dat gär hei explizéiern, wéi dëst soss ze verstoe wier. Als Alternativ wier allerdéngs just "Lizenz onbekannt" an d'A ze faassen (an enger laangfristeg onsécherer Zukunft). Wa keng Awänn wieren, kéinnte mer den MGA73 froen, mat sengem Bot déi Biller erauszekropen an eng méi konform Lizenz ze ginn.

(For MGA: I propose (for discussion) to change the Licence of such Images to a 'more waterproof' combined GFDL/CC-by-sa licence. We'll let you know about the result of the discussion.) --Zinneke 14:13, 9. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien, ech si ganz mam Zinneke senger Interpretatioun averstanen: Biller déi 'bei ass hei' mat "fräi fir all Wikipedia" markéiert sinn, sollen also nodréiglech, duerch dem MGA73 säi Bot, eng kombinéiert GFDL-CC-by-sa-Lizenz kréien. --Cayambe 15:00, 9. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Och dermatter d'accord. Ech gesinn och net wéi een dat anescht interpretéiere kann.
Jiddwereen deen e Bild op den Intenet setzt, muss sech souwisou bewosst sinn datt et op laang Weil iergenwou op der Welt eng Kéier e Vull fir d'Kaz ka sinn. Wann een dat net wëll, domat schwätzen ech och fir d'Zukunft, soll e seng Biller einfach doheem am Schaf loossen. Dee Grappvoll mat den net konforme Lizenze wäerte mer och nach ersat kréien. Déi meescht Saachen déi um Buedem ugstréckt sinn lafen net sou séier fort. :-) --- Les Meloures 15:20, 9. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
och domat daccord. --Christian Ries 17:11, 9. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Ma ja, dat ass dach eng gutt Saach --Jwh 20:11, 9. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Wann ech liesen, datt den Tomateus als Lizenz fir seng Foto "fräi fir all Wikipedia" uginn huet, da gesinn ech net wisou een do eppes wëll interpretéieren, well méi kloer geet et jo net. De Gebrauch ass komplett fräi, mee op d'Wikipedia (an alle Sproochen) beschränkt. Déi Lizenz "danzt aus der Rei", mee et ass nawell eng. Se nodréilech ze änneren ass eng Violatioun vun den Droits d'auteur, ausser den Auteur géif deem zoustëmmen.

Richteg "fräi" ass just d'Lizenz "Bild-PD-Auteur".

Datt Lizenzen dacks mat Féiss getrëppelt ginn ass gewosst, mee de Fait datt mer esou eng Lëscht hu beweist, datt dat - zu Recht - net egal ass.

Wann elo ee "Bild-PD-Auteur" net wëll benotzen (oder net méi un den Tomateus ze komme wier), da giff ech seng Foto awer trotzdem net läschen (aus deem Grond gëtt et eng Alternativ zu Commons, an d'en-wiki notzt dat extensiv), well soss hu mer guer keng Foto, déi awer wéi ech fannen deen Artikel exzellent illustréiert.
--Otets14:20, 10. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

An deem Sënn kann ech dem Otets net sou onrecht ginn.
Awer: Wann den Tomateus schreift fräi fir all Wikipedia awer keng Lizenzschabloun derfier benotzt (well et keng gëtt, och an Zukunft net), an esou kee frieme Wikipedianer erkenne kann, watereng Lizenz hien eventuell op senger Wiki fir dat Bild ka gebrauchen, ass déi Ausso fräi fir all Wkipedia net ze verwäerten, a passt net an de Wikikonzept vun de Lizenzen. Ech proposéieren dofir déi Biller mol einfach opzelëschten, de Benotzer ze froen ob en eng wikikonform Lizenz wëll derbäisetzen a wa keng Äntwert kënnt, en Ersatz fir dat Bild ze besuergen, an et duerno läschen. Les Meloures 14:43, 10. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

Hi! I put the files in Kategorie:Bild-fräi fir all Wikipedia so we can see how many files are licensed like that and who uploaded these files. --MGA73 17:12, 16. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]


Real-Life Wikipedianer Treffen[Quelltext änneren]

Wann ech hei ennerdrënner liesen, dass "All Initiativ, déi d'Wiki méi bekannt maachen, an dofir potentiell nei Mataarbechter ulackele kéint, [...] a priori intressant [ass], wann se proportionell zum Opwand ass", dann denken, bzw. hoffen, ech, hei mat menger Propose en oppent Ouer ze fannen. Ech hat dat well eemol proposéiert, mä d'Fakten hunn sech säitdeem geännert: Wann d'Communitéit vun de Wikipedianer zu Lëtzebuerg Interessi huet sech heiansdo, méi oder manner oft am RL op eng Diskussiounsronn, en Erfahrungsaustausch, an déi eng oder aner Béier (Club-Mate/Cola) ze treffen, wiere mir frou iech am Hackerspace ze gesinn. De Fakt, deen sech säit der leschter Kéier wou ech dat hei (ech mengen engem eenzelne Wikipedianer) virgeschloen hat, ass ganz einfach, dass mir an Zwëschenzäit eng Platz, also effektiv e Space hunn.

Vläit besteet keen Interessi sech ze treffen, oder dir mat dat schon an hudd äre Stammcafé schon ausgesicht, mä d'Offer steet op allefall. Éischtens woën ech ze behaapten, dass eise Space dach relativ gemitterlech [2] ass, zweetens benotze mir wéi dir gesidd och ganz intensiv Mediawiki a programméiren zum Deel selwer Extensions an drëttens ging ech mengen, dass sech deen een oder anere Member vum Hackerspace fir d'Matschaffen un der lb.wikipedia begeeschtere misst loossen.

Natierlech ass och en Hoken dobäi, an zwar kascht de ganze Space natierlech och Geld an dofir ging pro Treffen (ausser et wieren öffentlech Virtreeg) 6 € ufalen. Mä et geet eis elo heimat guernet dorems Geld ze scheffelen, (well 6 € si jo nach net d'Welt), mä éischter de Raum méi, ville verschiddenen Interessensgemeinschaften zur Verfügung ze stellen. MfG, --Clausekwis 23:06, 20. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

D'lb-Communitéit gesäit sech heiansdo op eng Diskussiounsronn. D'lescht Joer war et am Europahaus a sou wäit ech mech entsënne war dat gratis. --Otets09:04, 21. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]
Sorry fir den top-posting. OK, no harm done. Wéi gesoot, e groussen Deel vun Interêt vum Space ass natierlech, dass et wuel bessi méi heemlech wéi d'Europahaus wärt sinn an d'Gedrénks méi interessant a bëlleg. An dass ee vläit aner Leit kéint fir déi eege Faszinatioun begeeschteren, den Community-Aspekt. Mä et war jo just eng Propose, dir sidd ëmmer wëllkomm (mailt eis), mä et ass natierlech keng Musse-Saach. --Clausekwis 22:18, 21. Sep. 2010 (UTC)[äntweren]

2010 Fundraising Is Almost Here[Quelltext änneren]

Hello Wikipedians, I am Dan Rosenthal and I am working for the Wikimedia Foundation during the 2010 Fundraiser. My job is to be the liaison between your community and the Foundation. This year's fundraiser is intended to be a collaborative and global effort; we recognize that banner messages which may perform well in the United States don't necessarily translate well, or appeal to international audiences.

I'm contacting you as I am currently looking for translators who are willing to contribute to this project by helping translate and localize messages into different languages and suggesting messages that would appeal to your readers on the Fundraising Meta Page. We've started the setup on meta for both banner submission, statistical analysis, and grouping volunteers together.
Use the talk pages on meta, talk to your local communities, talk to others, talk to us, and add your feedback to the proposed messages as well! I look forward to working with you during this year's fundraiser. If someone could translate this message I would really appreciate it so that everyone is able to understand our goals and contribute to this year's campaign.
Drosenthal 17:05, 25. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Nei Schabloune fir Kolonnen[Quelltext änneren]

Mojen, vläischt ka sech en Admin mat Erfahrung déi zwou Schablounen "Div col" an "Div col end" ukucken. Et ass eventuell méi einfach fir e Benotzer, dee schonns méi dacks Schabloune gemaach huet. Si stamen vun der Englescher Wiki (http://en.wikipedia.org/wiki/Template:Div_col) a splécken eng Oplëschtung a Kolonnen woubäi een d'Zuel vun de Kolonnen an d'Schrëftgréisst ka festleeën. Ech hunn si am Artikel Hugo Gernsback agebaut. --Christian Ries 08:04, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Kanns de vläicht e konkret Beispill op enger Artikelssäit an enger aner Wiki uginn? Da kann ee sech dat emol ukucken, datt ee sech och virstelle ka wat s de wëlls. Dat géif d'Saach méi einfach maachen. Les Meloures 09:02, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Kuck emol d'Oplëschtung hei, ech mengen mir géifen hei op der lb-wiki och vill onnëtz Tabellen domat erspueren. http://en.wikipedia.org/wiki/Hugo_Gernsback#List_of_magazines_edited.2Fpublished_by_Gernsback --Christian Ries 14:54, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Remoien, ech gesinn do keen Ënnersched, wat ass dann un deenen hirer Opzielung anescht wéi bei onser.?
A waterengem Sënn kéinte mer do eppes spueren. Les Meloures 15:34, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Reremoien, Ech gesinn elo datt dat sech am Firefox an am Google-Chrome als duebel Kolonn uweist. A mengem Internetexplorer weist en nëmmen eng un. Wéi ass dat bei anere Benotzer. ?
Moien, hei d'selwecht wéi bei Dir: eng Kolonn am Internet Explorer, zwou Kolonnen am Firefox. Hunn net am Chrome gekuckt. --Cayambe 16:41, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien, MSie: 1 Kolonn --Jwh 16:53, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech hunn elo mol deen ale System gebraucht fir 2 Kolonnen ze maachen an d'Zäit fir déi Aarbecht gestoppt. Ech hunn am Ganze genee 90 Sekonnen duerfir gebraucht. Am Zäitverglach zu dem wat ech op der Wiki maachen sinn dat waarscheinlech 0,00000000000001 Prozent. Kann ee mer soe wat do nach ka gespuert ginn. An där Zäit wou mer u Schabloune schaffen, déi sou komplex sinn datt ee waarscheilech e ganzen Dag dru schafft fir se un d'Lafen ze kréien, wann iwwerhaapt, wa keng komplizéiert Parserfunktiounen agebaut sinn, kann e vill esou Tabellen op déi al an einfach Manéier ëmanneren.

Wann natierlech ee sech wëll domat ameséieren, mäi Seegen huet en. Les Meloures 16:57, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech wollt just e coup de main vun Adminen mat Erfahrung fir eng sënnvoll Verbesserung, an däer Zäit wou hei diskutéiert gouf, wier déi Schabloun vläischt schonns fäerdeg gewiecht. Fir déi déi nach ëmmer beim MSIE hänke bliwwe sinn, ofgesinn datt et sech ëm en onzouverlässege Browser handelt, dee sech kaum un Standarte hällt, just dës Info: de Service informatique vum Staat huet virun e puer Méint offiziel all ëffentlech Instanzen zu Lëtzebuerg opgefuerdert, den MSIE net méi ze benotzen, mä op méi sécher Browseren wéi z.B. Firefox ze wiesselen. Egal, esou eng Schabloun déi eng Oplëschtung automatesch a Kolonnen andeelt a selwer fir eng gläichméisseg Opdeelung vum Inhalt an déi Kolonnen suergt, fannen ech nach ëmmer méi sënnvoll wéi Tabellen an d'Zielen vun den Elementer vun de Felder, sou datt si gläichméisseg verdeelt sinn. --87.240.247.145 19:25, 31. Okt. 2010 (UTC) Sorry, ech war net ageloggt. Hei deemno meng Ënnerschrëft: --Christian Ries 19:27, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Ofgesinn dovun, datt déi Tabell, déi elo am Artikel Hugo Gernsback steet, besser layoutéiert wier... --Christian Ries 19:28, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien,
Ech hu schonns en etlechmol probéiert fir där komplizéierter Schabloune vun den Englänner z'iwwerhuelen an hu mech all Kéiers derbei krepéiert fir se un d'Lafen ze kréien. Bei e puer ass et gaangen, bei aneren net. Et muss een all déi aner Schablounen déi dermat verbonne sinn och installéieren. An dësem Fall feelt op d'mannst eng. Déi steet och schéi rout do wann een déi aner asetzt. War dat net opgefall? Et ass dës Schabloun: Schabloun:Column-count. Wann déi bis installéiert ass funktionnéiert et vläicht. Wann net fënnt ee waarscheinlech nach anerer déi och nach mussen installéiert ginn. Well déi Saache mär ze komplizéiert sinn an ech och net méi déi néideg Begeeschterung dervir hunn, iwwerlossen ech léiwer de Leit déi dat méi intresséiert, déi Beschäftegung. Les Meloures 19:54, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Merci fir den Hiweis, Les Meloures, mat där zousätzlecher Schabloun Schabloun:Column-count funktionnéiert dat Ganzt elo. Vu que dass CSS 3 demnächst offizielle Standard gëtt, kann ee rouheg des Schabloun asetzen, et ass wierklech praktesch, virun allem bei Oplëschtungen, wou ëmmer nees nei Saache dobäikommen. --Christian Ries 08:18, 1. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Fazit[Quelltext änneren]

Ech hu follgend Schablounen geschafen (Quell: englesch Wiki) an hunn hir Nimm op Englesch gelooss, dann ass de Lien zum Original erhalen an et versteet ee souwiesou wat gemengt ass: Schabloun:Div col, Schabloun:Div col end, Schabloun:Column-count‎‎, Schabloun:Column-width. Ech hunn och déi entspriechend Dokumentatiounssäiten geschriwwen. Et ass net schlëmm, wann des Funktiounen den Ament um Internet explorer net funktionnéieren, well den CSS 3 gëtt demnächst Standart an all zukünfteg IE-Versioun wäert sech dann (hoffentlech) och drunn halen. An der Tëschenzäit gesinn d'IE-Benotzer eng normal Oplëschtung. --Christian Ries 09:16, 1. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien et schéngt es zwar wéi wann se géif funktionnéieren. Mä et schéngt es eben nëmme just. Wann net all déi Schablounen déi dermatter zesummenhänken och op d'lb:Wiki transferéiert ginn, klappt eben net alles. D'Explicatioun op der Diskussiounsäit amplaz op enger Dokumentatatiounssäit bréngt mat sech datt verschidden Interaktiounen net klappen. Wa mer bei den Noper esou eppes knäipe ginn muss alles geknäipt ginn an zwar hoergenee d'selwecht, soss behale mer ëmmer iergendwou en Hoken dran. Ech weess datt dat vill Aarbecht ass, a well ech d'Nerven net derfir hunn maachen ech esou Saachen och net. Mä wann een et wëll maachen da soll et zerguttst a komplett gemaach ginn, soss ass et iergendwann eng Kéier awer kee Paff wäert. Les Meloures 16:47, 1. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
Feelend Schablounen
ech sinn do keen Expert, dofir wier ech dem Les meloures dankbar, mir déi Schablounen unzeginn, déi nach feelen, ech wäert mech da beméien, déi an d'lb-wiki anzeféieren. Merci am viraus, --Christian Ries 09:58, 2. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
Dokumentatioun vun de Schablounen
Souwäit ech konnt gesinn, sinn déi meescht Schablounen op der lb-wiki net dokumentéiert. D'Schabloun fir op d'Dokumentatioun hinzeweisen heescht Schabloun:Schablounendokumentatioun an redirigéiert op déi Diskussiounssäit vun der Schabloun. Ech hunn deen Tool du benotzt, well keen aneren do war. Ech sinn mat dem Les Meloures d'accord, datt eng Léisung mat enger uerdentlecher Dokumentatiounssäit als déi eenzeg richteg unzegesinn ass, mä déi muss dann och existéieren. Et wier dofir flott, wann en Admin mat den néidege Kenntnisser sech géif däer wichteger Saach unhuelen, sou datt Schablounen an Zukunft dann och dokumentéiert kënne ginn. --Christian Ries 09:58, 2. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien,
Et wier emol flott wann s de einfach den Telefon géifs an de Grapp huelen. Ech hu keng Loscht fir mer hei stonnelaang d'Fangere kromm ze tippen, fir Informatiounen déi een an 2 Minutten um Telefon ka ginn. Les Meloures 10--188.81.121.50 11:03, 2. Nov. 2010 (UTC):44, 2. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
Kann net uruffen, sinn am Ausland...
Ok. Da waarde mer bis de erëm am Land bass. Et leeft jo net op e puer Deeg fort. Les Meloures 11:54, 2. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Agnus Dei zu Kielen op der fr-Wiki[Quelltext änneren]

Moien nach eng Kéier,
wien et intresséiert: muer op Allerhellege kënnt - wéi ech op Commons matgedeelt krut -, den Altor mam Agnus Dei vun der Mëlleschkapell zu Kielen op der Haaptsäit vun der franséischer Wiki als Image du jour zu Éieren. Beschte Gréiss, --Cayambe 18:49, 31. Okt. 2010 (UTC)[äntweren]

Felicitatioun! --Christian Ries 09:21, 1. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]
Merci, Christian. --Cayambe 14:03, 2. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Dem Jimmy säin Opruff[Quelltext änneren]

Moien, ech hunn dem Jimmy säin Opruff fir Donen (deen äis vun der Metawiki dohigesat gouf) emol vum Däitschen iwwersat. Déi englesch a franséisch Versioune si liicht méi kuerz, ech weess net, wat déi "richteg" ass. Wann ee besser Tournurë fënnt kann en déi gär an den Text heidrënner asetzen.

Falls keen eppes méi drun auszesetzen huet, kéinnt de Robby en "erop"setzen, dass en iwwerall ze gesinn ass.

--Zinneke 11:49, 15. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Hei ass en:

"Wéi ech virun zéng Joer anere Leit vu Wikipedia erzielt hunn, hunn déi meescht just de Kapp gerëselt. Loosse mer just soen, se ware skeptesch, datt Fräiwelleger aus der ganzer Welt sech zesumme kéinten doen, fir eng bemierkenswäert Sammlung vum Wësse vun der Mënschheet ze schafen, mat als eenzeger Motivatioun dem Gedanke vum Deelen.

Keng Reklammen. Keng Profitter. Keng Hannergedanken.

Haut, ee Joerzéngt dono, gebrauche 400 Millioune Mënschen all Mount d'Wikipedia an hir Sëschterprojeten – dat ass bal en Drëttel vun alle Mënschen déi Zougank zum Internet hunn.

D'Wikipedia steet op der fënnefter Plaz vun deene beléifste Websäiten op der Welt. Déi aner véier goufe mat Milliardenzommen op d'Bee gestallt, gi bedriwwe vun Entreprisë mat Dausende vun Employéën, a mat engem enormen Opwand u Publicitéit.

Mä d'Wikipedia huet näischt mat enger kommerziell bedriwwener Websäit ze dinn. D'Wikipedia gëtt duerch d'Communautéit geschafen – geschriwwen an ënnerhale vun enger Onmass vu Fräiwëllegen – Artikel fir Artikel, Saz fir Saz. Dir, deen Der dëse Bréif liest, maacht Gebrauch vu Wikipedia – a sidd domat en Deel vun dëser Communautéit.

Ech schreiwen Iech haut, fir Iech ze bieden, datt Der d'Wikipedia ënnerstëtzt an erhaalt.

Zesumme kënne mir erreechen, datt d'Wikipedia gratis an ouni Reklamme bleift. An zesumme kënne mer derfir suergen, datt d'Wikipedia fir jiddweree fräi zougänglech bleift – Dir kënnt all Informatiounen ouni Limitte benotzen, souvill wéi der wëllt. A mir kënnen d'Wikipedia viru wuesse loossen, Wëssen op der ganzer Welt verspreeden, a jiddwereen, dee wëllt, dozou invitéieren, matzemaachen.

All Joers ëm déi selwecht Zäit adresséieren ech mech un Iech, Dir déi d'Wikipedia benotzt, a bieden Iech, äis bei eiser gemeinsamer Aarbecht z'ënnerstëtzen. Hëlleft äis mat Ärem Don, wéi héich och ëmmer en ass.

Wann Iech d'Wikipedia als Quell vun Informatiounen an heiansdo och als Inspiratioun wichteg ass, dann hëlleft äis hei an elo.

Mat beschte Gréiss,

Jimmy Wales

Grënner vu Wikipedia

P.S.: D'Wikipedia ass de Beweis, datt Leit wéi mir kënnen Aussergewéinleches erschafen: Mënsche wéi mir schreiwen an der Wikipedia, Wuert fir Wuert. Mënsche wéi mir spende fir Wikipedia, Euro fir Euro. Gëtt et e bessere Beweis dofir, datt mer kapabel sinn, mateneen d'Welt ze veränneren?

Ech hunn den Text elo grad op Meta kopéiert an op der Säit [3] fir d'Publikatioun fräiginn. Sorry fir de Retard. --Robby 15:18, 11. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Pälzisch Wikipedia[Quelltext änneren]

Es gibt es jetzt auch eine Pälzische Wikipedia, fast in Eurer Nachbarschaft. Viele Grüße, --Holder 17:18, 16. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

oder: vun der Stad direkt op Nidderkäerjeng
Am Le Jeudi vun haut, dem 18. Nov. 2010 ass op S. 27 e Bild vun der Gëlle Fra ze gesinn, dat, wann net alles mech täuscht - d'GF gläicht jo kengem anere méi wéi sech selwer - vun der lb-Wiki-Säit geknäipt ass... ouni awer datt d'Quell genannt ass.
Fir weider ze schmuunzen, ënner der Foto steet: La «dame en or» («Gëlle Fra») posée à même le sol, à hauteur d'homme, dans le hall 75 de Bascharage. :-) --Cayambe 15:15, 18. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Op hirem Site huet de Jeudi de selwechten Text ënner enger anerer Foto, bei déi dat éischter passt. Do schéngt et engem beim Layout fir d'Zeitung e Strapp ze séier gaange sinn.--Zinneke 17:14, 18. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Dem Frust e bësselche Loft gemaach[Quelltext änneren]

Am Géigendeel zu deem wat verschidde Mataarbechter ze menge schéngen wëll ech just dat heiten mol eng kloer an däitlech soen:

Neen et ass kee Spaass bei verschidden Auteuren ëmmer erëm déi selwecht Feeler an Eifeler ze verbesseren.

Les Meloures 11:39, 19. Nov. 2010 (UTC)[äntweren]

Luxembourgish Wikiquote[Quelltext änneren]

There is an ongoing discussion about closing this project. - Xbspiro 05:14, 4. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech hu mir dat emol ugekuckt, tatsächlech stinn do praktesch nëmmen Zitater op Däitsch op am Ganzen 21 Säiten. Et wier awer schued, wann doduerch dee ganze Site géif einfach geläscht ginn. Ech huelen un datt d'Iwwersetzen vum Interface schonns vill Aarbecht war. Ech hunn dee Projet och net kannt bis elo. Wat soen d'Adminnen dozou? --Christian Ries 06:03, 4. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Effektiv, ass dat, wat do steet, net vill rares. Anersäits wat bréngt et, mam Kand gläich d'Bidde mat ewechzegeheien (d.h de Site ze läschen)? Da kënnt sécher näischt bäi... Bis ewell schéngt de Site ke kgestéiert ze hunn. Firwat kannn en net einfach esou stoe bleiwen (schappeg wéi en ass, mee ëmmerhinn 'ass' en)? --Zinneke 12:11, 4. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
D'Fro ass hei, wat kënne mer kuerzfristeg dorunner änneren, fir datt de Site bestoe bleift. Wéivill beluechten Zitater op Lëtzebuergesch stinn ons zur Vefügung fir dee Site auszebauen. ?????? Les Meloures 12:26, 4. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Wa mer elo higinn a mir geheie mol all Zitat, wat net op Lëtzebuergesch ass, eraus, da fäerten ech steet iwwerhaapt näischt méi do. D'Fro ass déi, huet déi Zitatesammlung iwwerhaapt am Kontext vu Wikipedia e Sënn? Wa jo, mussen dann déi, déi de Projet lb:Wikipedia betreien, doniewent automatesch och nach de Projet lb:Wikiquote mat betreien? Ass dat esou geduecht?
Ech si net géint dee Projet. Mä da sollen déi, déi mengen e wier wichteg, sech och drëm këmmeren. --Pecalux 13:28, 4. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Verlinke vun Datummen[Quelltext änneren]

Diskussioun vun enger User-Diskussiounssäit heihi geplënnert.

Moien,

ech gesinn, datt Dir ganz fläisseg am Beräich vum Film sitt. Eng kleng Remark just: ech géng d'Joreszuelen an den Abschnitter vun der Filmographie net als Interwikilink schreiwen, well deen entspriechende Film fir dat Joer net speziell wichteg ass. Als Fauschtregel gëlt sou wäit ech weess, datt ee Joer just verlinkt gëtt, wann deen Evenement, an deem sengem Zesummenhang d'Joer genannt gëtt, esou bedeitend ass, datt et op der Säit vun deem Joer ernimmt gëtt resp. ernimmt kéint ginn. --Volvox 07:06, 9. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien,
Wou soll déi Fauschtregel ze fanne sinn??
Wéi soll ee Mattarbechter eventuell deen iiergendeppes an deem Sënn wëll mathëllefen, liicht en Artikel erëmfannen, wann et am Artikel an deem dee Sujet ernimmt gëtt, kee Link gëtt deen drop hiweist. Les Meloures 00:36, 10. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Esou eng Fauschtregel ass am Buch "Wikipedia. Das Buch", wat d'däitsch Wikipedia 2006 erausginn huet, ze fannen. Do steet geschriwwen:
Daten verlinken – Die Datumsangaben wichtiger geschichtlicher Ereignisse sollten verlinkt werden – vielleicht will der Leser wissen, was damals noch alles passiert ist. Also: »am 11. September 2001 … (11. September 2001)«. Es ergibt keinen Sinn, jedes Kalenderdatum und jede Jahreszahl zu verlinken, dadurch leidet nur die Übersichtlichkeit des Textes. Vorchristliche Daten sollten mit »v. Chr.« ausgezeichnet werden, zum Beispiel 2. Jahrtausend v. Chr. Weitere Hinweise zu Jahreszahlen und den Datumsseiten finden Sie im Kapitel »Datumskonventionen.
--Pecalux 08:20, 10. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Wat sinn ech frou datt ons Noperen esou onsécher an hiren Aussoe sinn an emol keng Léisung zu anere Méiglechkeeten ubidden.
Si proposéieren hire Mataarbechter e Link ze setzen am Fall wou ee Lieser vläicht eppes wëll gewuer gewuer ginn. Se soen awer dem Artikelschreiwer, dee vläicht net weess, wat de Lieser vläicht intresséiert, wéi an dat vläicht kann erausfannen. Am schlechste Fall deemno ni e Link setzen, da brauch ee sech iwwer all déi Vläichte wéinstens de Kapp net ze zerbriechen.
Ons Mataarbechter sinn do vill besser drun, déi wësse wéinsten wat de Lieser net intresséiert, a gi systematesch verschidde Saachen entlinken. Se wëssen souguer wat de Lieser super intresséiert a setzen an deem Artikel wou se grad verschiddenes entlinkt hunn, en anere Link fir d'Zweet, an eng Zeil just hanner dem éischte Link dran.
Der erlaabt mer vläicht, datt ech mengen mäi Verstand stéing (oder och vläicht engem anere säin).
Meng Fro ass elo, no ech mengen deem sechsten oder siwenten Talk an deem Sënn zënnter 2006: Wat ass bis elo qualitativ fir d'Wiki bei deem Gepiddels a Getalks iwwer Wikilinken erauskomm, oder wat soll derbäi erauskommen, ausser reegelméisseg Zäit mat deene selwechte Gespréicher ze verléieren. Les Meloures 10:53, 10. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Et deet mer Leed, mee ech sinn net zënter 2006 dobäi an hunn deemno näischt vun all deenen „Talke“ matkritt. Allerdéngs ass et wéi dem Pecalux säin Zitat weist absolut eendaiteg, datt et net sënnvoll ass an enger Oplëschtung vu Filmen all Joer ze verlinken. Wat mat „... a setzen an deem Artikel wou se grad verschiddenes entlinkt hunn, en anere Link fir d'Zweet, an eng Zeil just hanner dem éischte Link dran.“ genau gemengt ass, weess ech net, mee wann Zweifelsfäll optrieden, muss een doriwwer diskutéieren an eng Léisung fannen, an déi Léisung och zougänglech maachen, zum Beispill andeems ee se op Wikipedia:Artikel/Linken setzt, wou bis elo nëmme steet wéi een e Link schreift, awer net wéini. Well ech mengen net, datt een, éint en eng u sech kleng Ännerung duerchféiert, sämtlech Diskussiounen an Archiver duerchsiche geet, fir secher ze sinn, datt en duerch seng Ännerung net éigendengem op de Fouss trëppelt.
--Volvox 16:10, 10. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Op der franséischer Wikipedia gëtt et och esou eng Fauschtregel déi seet wéi Datumme solle verlinkt ginn. --Pecalux 18:20, 10. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien
Ech hunn emol hei just epuer Saachen opgezielt, wéi ech se aus der Vergaangenheet vun den Talken an Ërennerung hunn, an déi bezeie sech op d'Linken am Allgemengen. Fir mech sinn Datumslinken och Linke wéi déi aner, an an enger Enzyklopedie wou Linke solle bestoen, wëll ech keng Diskussioun iwwer dat Dénge féieren wat anerer als Vläicht uginn. Dat ass a bleift ee Vläicht an am Prinzip huet dat an enger Enzyklopedie an a sengem Ausleeungen näischt verluer. Mä jiddweree soll maache wéi e wëllt. Ech stelle mer just d'Fro op et vill Sënn mécht fir systematesch elo alles z'entlinken a vill Aarbecht doranner z'investéieren. Ech maache mer op jiddwer Fall léiwer d'Méi fir am positive Sënn déi Saachen opzesichen déi net verlinkt sinn, et si missten, wéi déi aner z'eliminéieren déi et vläicht net onbedingt misste sinn. Les Meloures 20:12, 10. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech gesinn, datt eis Meenungen wat d'Datumslinke betrëfft grondverschidde sinn. Mee ech sinn absolut d'accord, datt ee seng Energie och op anere Plazen investéiere kann. Dohier loossen ech an Zukunft einfach d'Fangere vun Entlinkungen a beschäftege mech mat manner kontroverse Saachen.
--Volvox 20:41, 10. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Fro un de Les Meloures am Zesummenhank mat dëser Diskussioun: Firwat gouf meng Interventioun vum 10.12.2010 19:20 op dëser Diskussiounssäit einfach geläscht? Ech verlaangen eng plausibel Erklärung, awer net iwwer Telefon oder E-mail. --Pecalux 18:22, 12. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Äntwert,
Dat hunn ech bestëmmt net express gemaach, ech hat en och iwwerhaapt net gesinn, an et war mer och net opgefall datt eppes verschwonne war. Ech huelen un datt de Message beim Ofspäichere verluer gaangen ass, wéi dat alt schonns emol de Fall war. Vläicht hat ech och d'Diskussiounssäit ze laang op éier ech g'äntwert hunn, sou datt sech do eppes iwwerschnidden huet. Ech krut awer och kee Versiounskonflikt gemellt. Ech hunn de Message emol erëm op déi Plaz higesat wou en higehéiert.
Op jiddwer Fall merci fir d'Informatioun iwwer déi franséisch Säit.
Les Meloures 21:21, 12. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
PS. Wann ech bei de Fransouse kucken dann hunn déi an de Schauspillerartikelen hir Datumme verlinkt. Déi sinn allerdéngs esou verlinkt: [[1966 am Cinema|1966]] Mir kéinten ons vläicht Gedanke maache fir esou Säiten unzeleeën. Dat géif vläicht méi Sënn maache fir d'Zukunft vun der Wiki, wéi sech elo Aarbecht ze maachen an all d'Datummen entlinken ze goen. Les Meloures 21:37, 12. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech acceptéieren d'Erklärung gären. Zum Thema: Et ass a priori och net meng Meenung fir elo Mordikus all Datummen entlinken ze goen. Ech mengen éischter dass een am Kader vun enger objektiver Diskussiounsronn vun e puer engagéierte Wiki-Editeuren ronnerëm e ronnen Dësch kinnt e Konsens fannen, an deen an eisen Editkonventiounen festhalen. --Pecalux 08:45, 13. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Gutt Iddi. Les Meloures 09:48, 13. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
D'accord mam Les Meloures a Pecalux

-- Johnny Chicago 20:56, 13. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Fënster "Spendenopruff"[Quelltext änneren]

Moien,

Ass eventuell en do deen an der Fënster vum "Spendenopruff" de Knäppchen "Jetzt lesen" duerch e Knäppchen "Elo liesen" ersetze kéint?--Fliedermaus 08:19, 15. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech gi mol kucke wou dee verstoppt ass. En ass scho vläicht iwwersat, mä nach net iwwerholl. Dat gesi mer dann. Les Meloures 11:12, 15. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Ech mengen ech hunn erausfonnt wourun dat läit (sinn awer net absolut sécher): D'Säit mat der lëtzebuergescher Versioun vum Spendenopruff ass nach net fäerdeg iwwersat an dann huelen d'Amerikaner als Sprooch par défaut déi däitsch Versioun. --Robby 18:32, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Ass fäerdeg a gouf proposéiert fir publizéiert ze ginn. Les Meloures 10:31, 19. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Voyage pittoresque dans le GD de Luxembourg[Quelltext änneren]

Pour Info: all d'Biller aus dem Buch

Voyage pittoresque à travers le Grand-Duché de Luxembourg. Édition originale de N. Reuter & Cie. ; V. Hoffmann, 1834, Luxembourg.

fënnt een op der Commons ënnert follgender Kategorie: http://commons.wikimedia.org/wiki/Category:Voyage_pittoresque_dans_le_GD_de_Luxembourg,_1834. E Merci un de Cayambe bei der Hëllef, fir se op der Commons ze kategoriséieren. --Christian Ries 08:18, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Moien
Wéi ech gesinn ass et méi einfach d'Biller op commons ze kategorieséiere wéi op der lb Wiki. Les Meloures 08:26, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Et soll ee jo keng Biller op déi lb-Wiki setzen, mä op d'Commons... --Christian Ries 09:23, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
An duerfir ass et da verbuede fir en eng Kategorie op der lb:Wik ze ginn ??? Oder wéi soll ech dat verstoen.??? Les Meloures 12:01, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Firwat soll dës Dikussioun gutt sinn? Oder huet schonn erëm een deen aneren an de Frack getrëppelt. Hu mir hei mat klenge Kanner ze dinn? Schummt Iech!!! Loosst iech dach net dauernd esou provozéieren a provozéiert och net dauernd. Domatt blaméiert Dir net nëmmen d'lb:Wikipedia mä och Iech selwer. Wann een deen anere net riche kann, da richt einfach net. --Pecalux 12:14, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech wosst net, dat d'Biller, déi op Commons stinn, zousätzlech op der lb-Wiki kategoriséiert ginn. Dat kann een och erklärt kréien, amplaz hei iwwer ironesch Bemierkungen indirekt Virwërf gemaach ze kréien, wat, do ginn ech dem Pecalux Recht, zu sënnlosen Diskussioune féiert. Si erënneren un Zäiten, wéi de Benotzer Cornischong mat deene meeschte Benotzer esou gefuer ass. Ech fänken un dees midd ze ginn. --Christian Ries 16:29, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]
Moien,
Ech si bis elo sytematesch bei de Biller déi vu Commons iwwerholl goufen, hannendru gelaf fir se ze kategoriséieren. Soss fällt alles sou zimmlech alles op, just dat anscheinend net. Engesdaags kritt een deeës da sat, an da kann et emol virkommen datt ee sech am Toun vergräift.
Déi Tounlag huet anengems dermatter ze dinn datt an der lescht en etlech Biller vum C.R. a supergrouss Formater op d'Säite gesat ginn, an déi vun anere Benotzer dann op Timbersgréisst reduzéiert ginn. Wann dat an engem seriöse Kontext geschitt, ass dat och ann der Rei, an hech hunn näischt dergéint awer esou net. Ech huelen op jiddwer Fall an deem Fall meng Fotoen aus dem Artikel eraus.
Les Meloures 17:05, 18. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Bonjour,

déi zwou Kategorien Kategorie:Anglikanismus an Kategorie:Anglikanesch Relioun schénge mir sech zweemol ob déi selwecht Saach ze bezéien. Ech sinn der Meenung datt et sech hei ëm en Doublon handelt an datt eng vun den zwou Kategorie geläscht ka ginn (natierlech eréischt nodeems dat hiren Inhalt an déi aner Kategorie eriwwergeholl ginn ass). mat beschte Gréiss --Robby 18:58, 26. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]

Salut och,
Ass gemaach an d'Relioun gëtt geläscht. Les Meloures 20:08, 26. Dez. 2010 (UTC)[äntweren]