Wikipedia:WikiProjet 10 Joer

Vu Wikipedia
Geplangte Logo

Op dëser Projetssäit gëtt diskutéiert, wat ee kéint maachen, fir op den 10. Anniversaire vun der lb-Wiki an de Medien opmierksam ze maachen, resp. wat soss ronderëm dee ronnen Datum gemaach ka ginn. Detailer iwwer d'Entwécklung vun eiser lb.wiki fannt der am Artikel Wikipedia:Geschicht

Zäitpunkt[Quelltext änneren]

Den Zinneke hat um Staminee proposéiert: Moien, ech giff virschloen, de Logo wärend 2 Méint (15. Juli bis 15. September z.B.) auszetauschen. Ech hat kuerz mam Robby geschwat, hie renseignéiert sech wéi dat geet.

Perséinlech mengen ech, mer sollten onbedéngt och ganze September de Logo austauschen. Nom 15. September fänkt den normalen Alldag (och an der Presse) erëm un. Et soll a mengen An jo net drëm goen, just e Summerlach ze fëllen. --Sultan Edijingo (Diskussioun) 08:53, 19. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]

Ech krut vun der Zäitschrëft forum proposéiert, en Artikel iwwer d'lb Wiki ze schreiwen. Wann ech bis en Text hunn, setzen ech en heihinner, fir en no beschter Wiki-Manéier kollektiv ze 'tunen'. --Zinneke (Diskussioun) 21:51, 11. Jun. 2014 (UTC)[äntweren]

Pressecommuniqué[Quelltext änneren]

Bereede mer e Pressecommuniqué vir, dee mer un d'ganz Presse verschécken?

Presskontakter[Quelltext änneren]