Wikipedia Diskussioun:Fotoen, déi eis nach feelen

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Opbau vun der Billerlëscht[Quelltext änneren]

"Speziell Wënsch (Biller, déi ee brauch, awer net selwer maache kann)" stinn net uewen ënnert deenen, déi feelen. Bei deenen . déi feelen, geet et ëm Biller, bei deenen den Artikel schon existéiert, a wou den Auteur nach e bestëmmte Bild brauch.

Bei de spezielle Wënsch, geet et ëm Biller, Kaarten, Micro- a Macroopnamen, astronomesch Fotoen, Pläng oder Grondrësser, also Saachen, dé net jiddferee maache kann, a wou den Auteur den Artikel villäicht nëmme plangt, en ouni dat speziellt Bild awer guer net schreift. Fir déi bei feelen ze setzen wir net ubruecht. Oder gesinn ech dat ze speziell? --Cornischong 08:25, 10 Abr 2005 (UTC)

Zu de Griewer: Ech weess net wou se sinn. Dem Voigt säint misst jo bei enger Mauer sinn. --Cornischong 08:27, 10 Abr 2005 (UTC)

Gutt gesinn ;-) Mee d'Mauer ass laang... Enfin, ech kucken dann emol.
Bäi deene spezielle Wënsch, hmmm, deng Meenung léisst sech speziell vertrieden. Et ass just, datt bis elo nach kee sech dru gestéiert huet, datt ënnert de Fotoen, déi eis nach feelen, och d'Superjhemp-Titelbiller: Scan Albumen 1-5 stinn - an do gëtt et och nach keen Artikel. A firwat soll ee just en Artikel schreiwen, wann een eng Foto dofir huet, esou eng Foto ka jo ëmmer nach nokommen? En plus huet deen Titel "Speziell Wënsch (Biller, déi ee brauch, awer net selwer maache kann)" net onbedingt erklärt, datt do Billerwënsch hikéime sollten, wou et den Artikel nach net gëtt - soss hätt ech mäi Wonsch fir Superjhemp-Titelbiller jo dorënner gesat... --Otets 13:40, 10 Abr 2005 (UTC)

Superjhemp-Titelbiller: Scan Albumen 1-5 ... villéicht eng domm Fro, mais wei fannen ech dann d'Bild vum Album X, wa schon ee Bild existéiert, mais nach keen Artikel? --Pasbal 17:53, 3 Februar 2006 (UTC)

Wéi s de um Datum gesäiss, bass de hei bei de Läichen am Keller gelannt. :-) --Cornischong 19:08, 3 Februar 2006 (UTC)

Ech entsënne mech datt bis elo keng Titelbiller eropgeluede goufe wann nach keen Artikel zum Album gëtt. Wat aner Biller ugeet: d'Alexandra an ech hunn op eise Usersäite Wartesäll fir esou Biller ageriicht, déi nach op hiren Artikel woarden. --Otets 19:41, 3 Februar 2006 (UTC)

Ënnert wat fir enger Lizenz hu mer dann déi Comic-Titelbiller-Scans? Fair Use, wat et bäi eis net gëtt? Den Droit de citation? Oder hate Leiner an Czuga bäi ärem Meeting esou Rechter zougesot? --Otets 19:16, 10 Abr 2005 (UTC)

Cornischong, informéier Leiner an Czuga doriwwer, datt hir Superjhemp-Titebiller hei op der Wikipedia "zitéiert" ginn. Dat ass jo u sech eng gutt Reklamm fir si. A wa se sech net mellen, dann ass dat wéinstens eng Toleranz, déi zwar fir d'Zukunft näicht bedeit, mee e wichtegt Argument fir d'Vergaangenheet ka sinn. --Otets 21:24, 10 Abr 2005 (UTC)

A wéi soll ech dat maachen? Ech kenne weder hir Adress, Bluttgrupp, Handysnummer, Mail-Adress, Kalzongsmark, an zuguer net den Numm vun der Schwéiermammen hirem Yorkshire. --Cornischong 21:47, 10 Abr 2005 (UTC)

Sorry, hat déi mat anere verwiesselt, bäi deenen s de Yorkshire-Numm kenns. Ben, da musse mer warden, bis datt se erëm iergendwou Ënnerschrëfte verdeele ginn... --Otets 22:43, 10 Abr 2005 (UTC)

Politiker-Portraiten[Quelltext änneren]

Et gëtt eng Rëtsch Biller vu Politiker um Site vun der Regierung, déi fir privat Zwecker fräi kopéiert kënne ginn. Esou Biller kënne mär also och hei op d'Wiki setze, just d'Lizenz ass dann net GFDL, mee eng méi restriktiv. Mee dat ass egal, d'GFDL ass jo just fir Texter obligatoresch, awer net fir Biller (cf. d'Nachméirikaner hunn dacks Biller ënnert Fair use, wat jo och méi restriktiv wéi GFDL ass). --Otets 19:32, 16 Abr 2005 (UTC)

De follgenden Text gouf vun der Artikelsäit op d'Diskussiounssäit geréckelt

Léif Benotzer vu Wikipedia
Maacht iech keng Suerge wéinst e puer Biller déi nach net do sinn. Et gëtt d'Wikipedia warscheinlech nach wa mär alleguerten net méi do sinn. All Dag kommen nei Fotosapparater an den Handel, an et gëtt och ëmmer erëm een dee seng Fotoe well op d'Wiki setzen. Ech hunn der selwer nach e puer honnert, mee leider feelt nach den Artikel derzou. Ech wëll och net en Artikel mat enger Foto oder mat engem Bild ufänken an der Hoffnung datt déi aner de Rescht maachen. Bis dohinner: Hieft Gedold. Les Meloures 23:38, 24. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Wann een eis dat éischter gesot hätt!!
Ahhhh. Dat geet erof wéi Ueleg. Da maache mer eis keng Suerge méi wéinst e puer Artikelen, déi nach net do sinn. Et gëtt d'Wikipedia warscheinlech nach wa mär alleguerten net méi do sinn. All Dag kommen nei Computeren an den Handel, an et gëtt och ëmmer erëm een dee seng Artikele wëll op d'Wiki setzen. Ech hunn der selwer nach e puer Honnert am Kapp, mee leider feelt nach den Text an d'Foto derzou. Ech wëll och net en Artikel mat engem Text oder mat enger Këscht ufänken an der Hoffnung datt déi aner de Rescht maachen. Bis dohinner: Hieft Gedold. --Cornischong 00:00, 25. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Et wäert dann an Zukunft weidergoe wéi béim Piano (Zitat Cornischong: 16:14, 20. Nov. 2008 Cornischong ) (hei wäert et goe wéi beim "Piano") Les Meloures 00:08, 25. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]
Wikiprinzip
Een deen eng Foto huet soll se eroplueden oder net.
Een deen an Artikel well schreiwen soll e schreiwen oder net.
Dat eent vun deem aneren ofhängeg ze maachen ass eng verkorkste Mentalitéit, déi net dem Wikiprinzip entsprécht.

Les Meloures 00:21, 25. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Hieft Gedold ? Wouhi solle mer déi dann hiewen, Här Les Meloures? ^^ Wèi ech nach (vill) méi jonk war, sot eise Paschtouer och ëmmer, hutt Gedold, eiser Här kënnt geschwënn. De gudde Mann as scho laaaang doud an eiser Här as nach ëmmer net komm. Mëttlerweil get och de Bestand vun de gudde Katholiken lues a lues fleeten, an HIEN weist sech nach ëmmer net. Däin Opruff an Éiren an och an HIM säin Ouer. Wa mir eis op déi verloossen, déi hannert eis komme (sollen), geet et eis wéi mat eiser Här. Da waarde mär op e Wonner. An der Tëscht machen ech mär da méng Wonner léiwer selwer, da brauch ech mech op keen ze verloossen, deen net hannert mär kënnt an dat net mécht, wat ech net gemaach hun, well ech zevill Gedold hat.
E Bild ouni Text oder/an en Text ouni Bild as eppes ewéi e Beret, pardon, wéi eng Kaap ouni Stuerz. ;) --Azeton 04:23, 25. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Un den Här Azeton,
Souwäit wéi ech bis elo eraus fonnt hunn, gouf den Imperativ vum Verb Hunn zweemol bis elo an der lb:Wiki gebraucht. Fir d'éischt Hei den 21. Mäerz 2006, vum Benotzer Cornischong, (hief Gedold), fir d'zweet Hei den 19. Juli 2006 vum Benotzer Cornischong, a fir d'lescht elo an dëser Diskussioun.
Et handelt sech an deenen zwéin éischte Fäll ëm d'zweet Persoun Eenzuel am Imperativ, an am leschte Fall ëm d'zweet Persoun Méizuel am Imperativ vum Verb hunn. Nozekucken am Artikel Imperativ, deen iwwerenee stëmmt mat der Säit 38 an LES VERBES LUXEMBOURGEOIS - D'LËTZEBUERGER VERBEN.
Wann hei Leit korrekt Lëtzebuergesch ze schreiwen, ass et vläicht net onbedéngt ubruecht fir domatter den Uz ze dreiwen. Ënner konstruktiv matschaffe verstinn ech eppes aneschters. Wat de Paschtouer zu Hannerhëpperdang gesot huet, huet an esou Diskusiounen och näischt verluer, an op Är Wonner op der Wikipedia waarde mer gären.
Zu dem heite Saz: ::E Bild ouni Text oder/an en Text ouni Bild as eppes ewéi e Beret, pardon, wéi eng Kaap ouni Stuerz, kann ech just drop verweisen datt een Artikel normalerweis soll mat engem Text esou wéi et Hei erklärt gëtt ufänken, och wann dat net ëmmer esou agehale gëtt, mee dofir musst der Iech un een anere Benotzer wenden, an net u méch.
Les Meloures 16:58, 26. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Gemeng Munneref[Quelltext änneren]

Hallo zusammen, ich suche nach einer Abbildung der Statue Le Centaure in der Orangerie im Garten des Thermalbades von Gemeng Munneref für den Artikel de:Cipri Adolf Bermann. Gruß und Danke, --Flominator 09:36, 27. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]

Ass geschitt. -- Pecalux 10:40, 27. Mäe. 2010 (UTC)[äntweren]