Wikipedia Diskussioun:WikiProjet Comics

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Et deet mer leed, mä wann dat, wat hei gebuede gëtt Universitéitsniveau ass, da sinn ech den Einstein. Ass d'Wikipedia wierklech lo d'Spillplaz vu Lëtzebuerger Universitären déi hir eege Sprooch net kënnen an déi am Lycée mol net geléiert hunn en hallefweegs korrekten Aufsatz ze schreiwen. --109.128.38.0 11:05, 17. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]


Seit weini gedd am Lëtzebuerger Schoulsytsem, dann déi sougenannten "eege Sprooch" geléiert? Also ech haat kee Lëtzebeueg an der Schoul an schreiwen ed sou wei ech ed am Alldaag eben madkréien. Amplaatz dech hei sou opzereegen, keinnsde io mad dengen sou gudden Letz. Kenntnisser deene Studenten einfach nemmen Hëllefen an Tipps ginn, waat mei hëllefreich wier wei daat dooten waat du vu der gess. Merci --2001:7e8:c82c:4900:e040:d962:27be:1ca2
Gudde Moien och, fir mol einfach bei der Héiflechkeet ze bleiwen,
No enger Hällewull vu Verbesserungen (an et ass nach net fäerdeg), muss ech leider feststellen datt et net nëmmen un der Schreifweis happert (wat nach ze verstoe wier), mä datt am grousse Ganzen déi Studente jo anscheinend sou schreiwe wéi se schwätzen. Dat wier jo och nach an der Rei, wa se hir Sprooch wéinstens richteg schwätze géifen. Wann een allerdéngs no sechs Joer Lycée nach net weess datt Substantiver grouss geschriwwe ginn, a wann een nodeems ee vun ale Mataarbechter op d'Boboen higewise gouf, et net fäerdeg bréngt säi Gekrozels mol nëmmen eng hallef Kéier z'iwwerliesen, wann ee kee Lemma ka richteg schreiwen, wann een net weess water Prepositioune bei Uertschafte gebraucht ginn, wann een de Spellchecker net benotzt, obschonn een drop higewise gouf, wa widerhuelt gesot gëtt w.e.g keng Interwikien oder Interlinken an Texter, an et ginn der awer ëmmer nees dragesat, da grenzt dat u Stompsënn an dann huet dat guer näischt méi dermat ze dinn ob een an der Schoul Lëtzebuergesch geléiert huet oder net. Dovun ofgesinn hunn déi aner Mataarbechter hei, wéinstens all déi a mengem Alter (69), och ni Lëtzebuergesch an der Schoul geléiert, awer déi jonk Leit (wéi z.B. méi Bouf) haten all an hirer Lycéeszäit en etlech Lëtzebuergesch-Stonnen. Wann dann eng léif IP mengt déi aner Mataarbechter missten hei d'Botzfra ze spillen, da kann ech nëmme soen datt déi dat souwisou de ganzen Zäit an dat schonn zanter en etlech Joer maachen, a se brauchen net vun enger IP déi nach kee Pond Mataarbecht geliwwert huet, drop higewisen ze ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 12:28, 30. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]
Gudde Mëtteg, also mir maachen de Projet am Kader vun engem Cours op der Uni, ergo geet dat jo virun allem mol déi Leit eppes un déi eppes mat dem Cours ze dinn hunn. Ech verstinn och net wisou een sech mat 69 Liewensjoer muss als moralesch Instanz opspillen an hei iwwert aner Leit hirzéie muss. Iwwert d'Grammaire kann ee jo nach diskutéieren. Mee och do kann ee jo wuel sachlech bleiwen a muss net direkt ënnert d'Gürtellinie goen. Ausserdem sinn déi Artikelen jo nach net fäerdeg an et gëtt nach dru geschafft. Wann Dir Spass drun hutt Artikelen iwwer Mangaen a Comics ze verbesseren da muss Dir dat maachen, mee et misst een sech villäicht selwer mol hannerfroen bevirun een sech hei grouss opspillt.
Moien, eng Ënnerschrëft wier vläicht ubruecht fir ze wësse mat weem e schwätzt. Ech kann Iech och mat rouegem Gewësse soen datt ech hei net nëmme meng Meenung vertrieden. Dovun ofgesinn mécht et mir guer kee Spaass sou Artikelen ze verbesseren, mä als Admin a laangjärege Matarbechter op der Wikipedia gesinn ech et bësselchen als eng Flicht un, fir dat Geschreifs mol sou ze verbesseren datt et eenegermoosen an eng Enzyklopedie passt. Ech brauch mech dofir guer ze hannerfroen an ech spille mech och net grouss op. Alles wat uewendriwwer steet sinn einfach Tatsaachen. Et ass och net meng Schold wann dee Projet vläicht net korrekt encadréiert ass a wann déi Studenten net drop opmierksam gemaach goufen datt e Minumum vu Schreifweis erfuerdert ass, a wa se sech mol net déi puer kleng Rotschéi déi se am Laf vun der Zäit kréien zu Häerz huelen. Wann der Iech d'Veriounsvergläicher ukuckt da gesitt Dir vläicht watereng Monsteraarbecht dat ass, a meng Fro ass dann zum Schluss déi heiten: "Wie soss mengt Dir dann, soll déi Artikele verbesseren (ob nach dru geschafft gëtt oder net), wann et net déi al Wikipedianer sinn. Ech hu bis lo op jiddwerfall nach kee bemierkt. Wann net gewosst wier datt et am Kader vu sou engem Projet wier da wier scho villes erausgeflunn.

Datt et ergo jo virun allem mol déi Leit eppes ugeet déi eppes mat dem Cours ze dinn hunn, ass keen Argument op der Wikipedia a scho guer net wann déi Leit déi et wéi et schéngt eppes ugeet, sech net drëms bekëmmeren. Mer haten an hunn nach sou Projete lafen, awer do bekëmmert den Tuteur sech alt wéinstens ëm seng Kandidaten. Näischt fir ongutt, mä d'Wikipedia ass nun eben eng Enzyklopedie (wann och net déi bescht), an dofir soll se och sou an der Rei gehale ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 14:56, 30. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]

D'Studenten kruten wärend engem Cours (1.5 Stonn) eng Aféierung an Wikipedia. Ech kann mech als Enseignant net méi an d'Schreiwen vun de Studenten amëschen. Vir si gehéieren déi heiten Diskussiounen zum Léierprozess. Dat alles wat si schreiwen net perfekt ass, schéngt mer normal. Grondsätzlech géif ech froen, hinnen all an dem Projet eng Chance ze ginn. Niewent e puer vläicht problemateschen Fäll, goufen an deene leschte puer Wochen och vill interessant Contributiounen geschriwwen. Corto lu (Diskussioun) 06:25, 31. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]
An dann hann ech och nach eng Fro zu Interwikien oder Interlinken am Text. Firwaat ass dat net erwenscht? Corto lu (Diskussioun) 06:44, 31. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]
Moie Corto lu
D'Approche vum Projet gouf scho verstanen. Et wier awer vläicht gutt gewiescht wann d'Wikipedianer eng besser Ufanksinformatioun kritt hätten dann hätt de Projet anescht a besser kënnen opgebaut ginn.
Et si leider e puer Elementer drënner, do freet ee sech wéi déi doheem schwätzen. D'Argument vum Lëtzebuergesch an der Schoul léieren oder net, ass do zweetrangeg. D'Studente kënne sech mol deen heiten Artikel ukucken. Dee gouf vun engem russesche Student ugeluecht, deen ni a sengem Liewen zu Lëtzebuerg war, a virun engem Joer nach kee Wuert Lëtzebuergesch geschriwwen huet. E kann et och warscheinlech net schwätzen awer seng Schreifweis ass zu 95 % propper. Et fällt och op datt déi meescht sech net richteg derfir intresséieren soss géife se sech mol aner Artikelen ukucken a sech dorun orientéieren, da bräichte se net mat onnëtzem Firlefanz z'operéieren. A wéi gesot et sinn der dann och e puer derbäi déi sinn sou obtus wéi en 180° Wénkel, well se no en etlech Informatiounen trotzdeem mat hiren Tricke weiderfueren. Wann et net als Projet bekannt wier, da wiere se schonn e Strapp gespaart. Well et eeben e Schoulprojet ass an zu hirer Aarbecht gehéiert, musse se och hei mat de Kriticke liewen (an draus léieren) sou wéi dat am richtege Liewen an och an der Schoul ass.
Wat Är Fro vun den Interwilinken ugeet, sou ass dat sou, datt dat an all Wikipedia d'selwecht gemaach gëtt. Eng Wikipedia an enger Sprooch ass dofir do, fir Explikatiounen an där Sprooch ze ginn an net fir op Artikelen a Wikipediaen an anere Sprooche weiderzeleeden. Sou Linke gesi jo am Text blo aus, an da mengt de Lieser hie géif do eng weider Informatioun am där Sprooch kréien. Wann en dann drop klickt, da lant en op enger Säit an enger friemer Sprooch. Dat ass net den Zweck vun der Saach. Wann e mengt et misst ee sou e Link derbäisetzen da soll een dat als Referenz oder Nott maachen an och d'Sproochenzeechen derbäisetzen, sou datt de Liser wees a waterenger Sprooch déi Referenz oder Nott ass, an dann decidéiere kann ob e se wëllt liesen oder net (jee nodeem ob en déi Sprooch versteet oder net). e ganz speziellen Artist derbäi ass een deen Interwikien op Commons-Biller-Kategorien abaut. Nodeems déi e puermol erausgeholl goufen, ass et deem jonke Mënsch mol nach net fir 5 Su an de Geescht komm, fir einfach déi Biller op der respektiver Plaz an den Artikel anzebauen. Et ass scho komesch datt se all komplizéiert Tricke kennen, an dobäi dat Einfacht a Praktescht einfach vergiessen.
An der Hoffnung datt d'Kriticke vu Wikipedia (an d'Versiounsvergläicher vun den Artikelen) Iech och an Ärer Appreciatioun weiderhëllefe kënnen, wënschen d'Wikipedianer Iech an de Studenten e schéint Neitjäerchen. --Les Meloures (Diskussioun) 07:27, 31. Dez. 2018 (UTC)[äntweren]

Merci un all d'Wikipedianer, déi dëst Joer d'Studenten vum Bachelor en Cultures Européennes an hirem Cours 'Histoire de bulles' begleet hunn.Corto lu (Diskussioun) 07:28, 30. Dez. 2019 (UTC)[äntweren]