Wood-Effekt

Vu Wikipedia
Beispill vum Wood-Effekt op enger digitaler Infraroutopnam

De Wood-Effekt ass e Phenomeen vun der Infraroutfotografie an ass no sengem Entdecker, dem Robert Williams Wood, benannt.[1]

De Chlorophyll erschéngt am noen Infrarout stralend wäiss, well en am infraroude Beräich transparent ass a sou d'Liicht vum Waasser, dat an der Planz enthalen ass, reflektéiert ka ginn. Zu engem klengen Deel hänkt den Effekt och mat der Fluoreszenz vum Chlorophyll zesummen, dee kuerzwellegt Liicht staark absorbéiert a mat enger Wellelängt am infraroude Beräich erëm ofgëtt.

Fir Planzen ass dësen Effekt iwwerliewenswichteg, well eng ze héich Opnam vun der Infraroutstralung vun der Sonn zum Doud duerch Iwwerhëtzung féiere géif.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Medical and Scientific Photography - Prof. Williams, Robin & Williams, Gigi - Pioneers of Invisible Radiation Photography - https://web.archive.org/web/20061112155531/http://msp.rmit.edu.au/Article_04/06.html