Wootleche Krich

Vu Wikipedia

Wootleche Krich ass e Roman a Lëtzebuerger Sprooch vum Jhemp Hoscheit, deen am Oktober 2018 erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?[änneren | Quelltext änneren]

Erzielt ginn d'Erliefnisser vun enger Clique Jugendlecher, am Joer 1965 zu Esch-Uelzecht, an den Erwuessene mat deene se ze dinn hunn.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Wootleche Krich besteet aus verschiddenen Erzielsträng, déi aneneen iwwerginn, sech matenee verbannen an zum Schluss lues a lues entschlësselt ginn. Do sinn d'Elteren, déi am Gaang si sech ze trennen, a wou de Papp beim SREL schafft; do ass en Onbekannten, dee Kanner sexuell belästegt; do ass en Auteur vun anonymme Dreebréiwer, déi onbescholt Leit einfach sou geschéckt kréien. De Roman gëtt d'Atmosphär vun der Mëtt vun den 1960er Joren erëm, mat am Hannergrond dem Kale Krich, der konservativer Gesellschaftsuerdnung an dem klengbiergerlechen Alldag am Minett.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]