X (Soziaalt Netzwierk)

Vu Wikipedia
De Logo vum fréieren Déngscht Twitter (lénks) an den neie Logo vun X

X, viru Juli 2023 Twitter, ass e soziaalt Netzwierk an e Mikroblogging-Déngscht um Internet.

Am Juli 2023 krut Twitter (vum Engleschen twitter, iwwersat mat Gezwitschers, Gepäifs, Geschnadders) am Kader vun engem Rebranding den neien Numm X. Den Déngscht gehéiert der US-amerikanescher Firma X Corp. (virdrun Twitter Inc.).

Leit déi kee Benotzerkont hunn, kënnen den Déngscht just ganz restriktiv benotzen, d. h. datt s'e limitéierten Accès op déi eenzel Beiträg (Tweets genannt) hunn. Déi, déi e Kont hunn, kënnen Texter mat bis zu 280 Zeechen (4000 Zeechen an der Bezuelversioun), grad wéi Biller a Videoe publizéieren.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Déngscht gouf am Mäerz 2006 ënner dem Numm twttr (vun twitter, ouni d'Vokaler) gegrënnt a war séier op der ganzer Welt populär. Den éischten Tweet gouf den 21. Mäerz 2006 vum Matgrënner Jack Dorsey mam Inhalt “just setting up my twttr.” verschéckt. Uganks gouf Twitter als SMS-baséiert Plattform entwéckelt, wat och d'Limitt vun deemools 140 Zeechen pro Tweet erkläert. Am Hierscht 2006 gouf den Déngscht en Deel vun der Mammegesellschaft Obvious, ier den Jack Dorsey, de Biz Stone an den Evan Williamsam am Abrëll 2007 Twitter Inc. als eng eege Gesellschaft gegrënnt hunn.

Twitter ass konstant gewuess an eleng am Joer 2010 hunn sech ronn 100 Milliounen nei Benotzer registréiert.

Vun Abrëll 2010 u konnt Twitter iwwer eng App op Smartphonen an Tablette benotzt ginn.

Enn Oktober 2022 huet den Elon Musk Aktien am Wäert vu 44 Milliarden US-Dollar vun Twitter kaaft a gouf domat Proprietär vum Mikroblogging-Déngscht. Geschwënn duerno huet hien d'Hallschent vun de Mataarbechter entlooss an eng ganz Rëtsch finanzstaark Annonceuren hunn sech vun der Plattform zeréckgezunn. Twitter hat zu deem Moment och ëmmer nees mat technesche Problemer ze kämpfen. De Musk huet ugekënnegt, Twitter zu enger Plattform ze maachen, wou jidderee poste kéint wat e wéilt an datt Tweets déi et mat der Wourecht net ganz eescht huelen, net méi speziell markéiert géifen. Op der anerer Säit huet hie Benotzerkonte an deenen hie kritiséiert oder parodéiert gouf, geläscht. Aner Konten, déi virdru wéinst der Verbreedung vu falschen Informatioune blockéiert goufen, huet hien nees fräigeschalt.

Am Juli 2023 ass de legendäre bloe Vull (ursprénglech „Larry“ genannt) mam neie Logo ersat ginn; et handelt sech dobäi ëm d'Duerstellung vum Unicode-Zeechen 𝕏 (mathematesche grousse Buschtaf X mat engem duebele Stréch, U+1D54F). Dëse Rebranding sollt en éischte Schrëtt si vun enger Visioun vum Musk, déi scho méi laang bestoung. De sozialen Déngscht sollt an Zukunft zu enger Allzweck-App weiderentwéckelt ginn, mat där een Text-, Biller-, Video- an Audiocontenuen erstelle kann an iwwer déi een och bezuelen oder aner Online-Servicer benotze kann.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: X (Soziaalt Netzwierk) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]