Op den Inhalt sprangen

Yann Annichiarico

Vu Wikipedia
Yann Annichiarico
Gebuer 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Droits d'auteur Wierker sinn duerch Droits d'auteur geschützt

De Yann Annichiarico, gebuer 1983 an der Stad Lëtzebuerg,[1][2] ass e lëtzebuergesche Kënschtler.

Hien huet op der École nationale supérieure des beaux-arts de Lyon Konscht studéiert.[2]

2012 huet hie bei der "Making Of"-Ausstellung vum Casino Luxembourg matgemaach, an deem d'Aarbechte vun Nowuesstalenter gewise goufen.[2]

2015 huet hien d'Wierker Le musée du transitoire, Les cheveux du baron de munchhausen a Les amoureux du meudon am Salon vum Cercle artistique de Luxembourg ausgestallt an dofir de Prix Révélation gewonnen.[1]

Am Mäerz 2018 war de Yann Annichiarico ee vu véier Kënschtler, déi fir de Luxembourg Encouragement for Artists Prize nominéiert waren[3]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 tageblatt.lu: Yann Annicchiarico ausgezeichnet (3. November 2015)
  2. 2,0 2,1 2,2 wort.lu: Prix Révélation vergeben: "Sturm und Drang" des Yann Annicchiarico (5. November 2015)
  3. artworkcircle.lu: LEAP – The Luxembourg Encouragement for Artists Prize 2018 annonce ses candidats (8. Mäerz 2018)