Yuppi

Vu Wikipedia

De Yuppi ass e fiktive Personnage a Form vun engem anthropomorphe Kaktus, dee vun der lëtzebuergescher Supermarchés-Chaîne Cactus fir Publicitéitszwecker agesat gëtt.

E gouf 1987 vum Belsch Jean-Pierre Legrain op Demande vum Marketingchef vum Cactus geschaf, a gouf bei enger Astérix-Ausstellung, - déi éischt lëtzebuergesch Iwwersetzung vun engem Astérixband ("Dem Astérix säi Jong") koum bei Cactus éditions eraus -, fir d'éischt publizéiert.

Zum Asaz kënnt de Yuppi an de Reklamme fir dëse Supermarché, mä et gëtt en och op enger Hellewull derivéiert Produiten, wéi Broschüre fir Kanner, Molbicher, Porte-clefen, Kaarten, Glieser, asw. Et gëtt doriwwer eraus Yuppi-Trickfilmer, Haartgummi- a Plüsch-Yuppien.

En ass den Nofollger vum Kakty deen de Roger Leiner 1983 entworf hat.