Zännbiischt

Vu Wikipedia
Dräi Zännbiischten.
Eng elektresch Zännbiischt.

Eng Zännbiischt ass en Instrument fir d'Zänn ze botzen an ze fleegen. De Still ass ergonomesch der Anatomie vum Mond ugepasst. Et gëtt Zännbiischte mat ënnerschiddleche Gréissten a Formen an och ënnerschiddlech haarde Buuschten (déi gewéinlech aus Nylon sinn).

Ëmmer méi Verbreedung fannen och elektresch Zännbiischten, déi gewéinlech e ronne Kapp hunn, dee rotéiert oder oszilléiert. De Still ass méi déck wéi bei einfachen Zännbiischten, well dodran e Motor an en Akkumulator installéiert sinn. Den Akku gëtt duerch Induktioun op engem Stänner opgelueden. D'Biischte kann een erofhuelen an ersetzen, wa s'al sinn.