Op den Inhalt sprangen

Zakynthos

Vu Wikipedia
Zakynthos
Geographie
Land Griicheland
Koordinaten 37°48'N, 20°45'O
Fläch 405,55 km²
Küstelängt 123 km
Verwaltung
Demographie
Awunner 41.180
Awunnerdatum 2021
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC+2, UTC+3

Zakynthos (neigriichesch Ζάκυνθος; italieenesch Zante; am Altertum Hýria) ass mat enger Fläch vun ongeféier 410 km² no Korfu a Kephalonia déi drëttgréisst a südlechst Insel vun de ioneschen Inselen. Si huet ongeféier 38.000 Awunner an ass haut d'Prefektur Zakynthos. D'Haaptstad ass d'Stad mat deem selwechten Numm Zakynthos, gëtt awer meeschtens Chora genannt.

Zakynthos gouf vill Joerhonnerte vun de Venezier dirigéiert déi d'Insel "Fior di Levante" (Blumm vum Osten) genannt hunn. D' Awunner nennen d'Insel "Zante".

Déieren op der Insel

[änneren | Quelltext änneren]

Mierschildkröten (Caretta caretta)

[änneren | Quelltext änneren]

Déi Onecht Karettschildkröt (Caretta caretta) leeft d'Gefor fir auszestierwen. Si kënnt hir Eeër op d'Plagen am Süde vun der Insel leeën. Fir datt se net ze vill solle gestéiert ginn, sinn d'Plagen an der Brutzäit owes zou, an déi Plaze wou se hir Eeër geluecht hu gi mat Gittere protegéiert. Op dëse Plage sinn och keng motoriséiert Waassersportaarten zougelooss.

Gemeng Gemengenummer Sëtz Postcode
Alykes 1601 Alykes 290 90
Arkadi 1602 Vanato 291 00
Artemisio 1603 Macherado 290 92
Elata 1604 Volimes 290 91
Zakynthos 1605 Zakynthos 291 00
Lagana 1606 Lagana 290 92

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Shipwreck Bay
  • Blo Grotte beim Kap Skinari
  • Limni Keriou
  • Marathonisi
 Commons: Zakynthos – Biller, Videoen oder Audiodateien