Zbigniew Brzezinski

Vu Wikipedia
Zbigniew Brzezinski
Gebuertsnumm Zbigniew Kazimierz Brzeziński
Gebuer 28. Mäerz 1928
Warschau
Gestuerwen 26. Mee 2017
Falls Church
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit USA
Aktivitéit Geopolitiker, Politolog, Pedagog, Universitéitsprofesser, Auteur, Kritiker
Partei Demokratesch Partei
Member vun Council on Foreign Relations, American Academy of Arts and Sciences

Den Zbigniew Kazimierz Brzeziński, gebuer den 28. Mäerz 1928 zu Warschau, a gestuerwen de 26. Mee 2017 zu Falls Church, Virginia, war e polnesch-US-amerikanesche Politikwëssenschaftler.

HIe war vun 1966 bis 1968 Conseiller vum Lyndon B. Johnson a vun 1977 bis 1981 den Nationale Sécherheetsberoder vum US-President Jimmy Carter. Hie war Professer fir US-amerikanesch Aussepolitik op der Johns Hopkins University zu Washington, D.C., Conseiller am Center for Strategic and International Studies (CSIS) zu Washington, an Auteur vun enger ganzer Rëtsch vu politeschen Analysen, z. B. iwwer den Totalitarismus.

Hie stoung der Theorie vum Unilateralismus no, d. h. datt nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun d'USA als eenzeg Weltmuecht iwwreg wieren, a sech deementspriechend ze behuelen hätten, datt dat esou bleift.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Between two ages: America´s Role in the Technetronic Era. The Viking Press, New York 1970, ISBN 0-14-004314-4.
  • Power and Principle: Memoirs of the National Security Adviser 1977–1981. Farrar, New York 1983.
  • The Grand Failure: The Birth and Death of Communism in the Twentieth Century. Ch. Scribner, New York 1989, ISBN 0-684-19034-6 (deutsch: Das gescheiterte Experiment: Der Untergang des kommunistischen Systems. Ueberreuter-Sachbuch, Wien 1989, ISBN 3-8000-3320-8).
  • Out of Control: Global Turmoil on the Eve of the 21st Century. Charles Scribner’s Sons, New York 1993, ISBN 0-684-19630-1.
  • The Grand Chessboard: American Primacy and Its Geostrategic Imperatives. Basic Books, New York 1997, ISBN 0-465-02725-3
  • The Choice: Global Domination or Global Leadership. Basic Books, New York 2004, ISBN 0-465-00801-1.
  • Strategic Vision: America and the Crisis of Global Power. Basic Books, New York 2012, ISBN 978-0-465-02954-9.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zbigniew Brzezinski – Biller, Videoen oder Audiodateien