Zicavo

Vu Wikipedia
Zicavo
Land Frankräich
Regioun Korsika
Departement Corse-du-Sud
Arrondissement Ajaccio
Kanton Taravo-Ornano
Postcode 20132
Gemengecode 2A359
Koordinaten 41° 54’ 29’’ N
      09° 07’ 51’’ O
Fläch  9 302 ha
Bevëlkerung  237 (1999)

Zicavo ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng op Korsika.

Zicavo läit an engem Bierghank matzen am korsesche Naturpark. Ronderëm sinn en ettlech héich Plaze mat de Spëtzen:

  • Punta d'Alloccia am Osten, 1.597 m
  • Punta di l'Erta am Süden, 1.368 m
  • Punta Veracaccia am Westen, 1.243 m
  • Punta di Bucchino am Norden, 1.176 m.

De Mont Incudine ass mat 2.136 m déi héchst Plaz.

Duerch d'Gemeng leeft de GR 20.

D'Haiser an der Gemeng sinn zum groussen Deel aus Granit-Haasteng gebaut, mat stenge Parten, deenen hir Schlëssele sculptéiert sinn.

Kuckeswäertes sinn déi traditionell Hierdenhäiser, an déi al Brécke vu Vecchiajo, Vergaro, Mulinelli a Muchiello.

D'Himmelfaartskierch ass am neoklassesche Stil gebaut.

Am Regionalpark ass de Staatsbësch vu Coscione bemierkenswäert, grad sou wéi de Bichebësch vun Incudine. Des Weidere gëtt et do och grouss Käschtebëscher.

Zicavo ass d'Heemecht vun der Famill Abbatucci, déi Frankräich am 18. Joerhonnert dräi Genereel gestallt huet, dorënner de Jean Charles Abbatucci a säi Papp de Jacques Pierre Abbatucci.