Zincourt

Vu Wikipedia
Zincourt
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton Bruyères
Koordinaten 48° 18’ 32’’ N
      06° 26’ 25’’ O
Fläch  447 ha
Bevëlkerung  92 (2014)
Lokalisatioun vu Zincourt am Département Vosges an a Frankräich

Zincourt ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.

Zincourt läit um Westrand vum Bëschmassiv Bois des Evreux an um Zesummelaf vun der Cuite an der Biniouze déi duerno um Lieu-dit Pont de Pierre westlech vu Pallegney an den Durbion lafen.

D'Uertschaft ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Departementale D12.

D'Awunner vu Zincourt sinn d'Zincurtiens.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch vum hellege Felix zu Zincourt
  • Zu Zincourt goufe Krazen aus der Alstäinzäit fonnt.
  • Aus der Réimerzäit si Reschter vum Kiem Langres-Stroossbuerg, a vun engem Balneum ze gesinn.
  • De Barong Virgile Demarche, deen e Vassal vum Herzog vu Loutrenge war, hat am Zentrum vum Duerf e Schlass, de Château Demarche opgeriicht. Hien hat och e ronne Sprangbur baue gelooss, deen haut nach op der Kiercheplaz steet.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Ernimmenwäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Cascade de la Pisse
  • En Ecomusée iwwer Brennerei
  • Den Darry Cowl hat eng Zäit seng zweet Residenz zu Zincourt.

Kuckt och[Quelltext änneren]


Commons: Zincourt – Biller, Videoen oder Audiodateien