Zolwer Knappbléiser

Vu Wikipedia

D'Zolwer Knappbléiser sinn eng lëtzebuergesch Museksgrupp vun Zolwer. Si sinn déi eenzeg Formatioun zu Lëtzebuerg, déi sech zanter hirer Grënnung quasi exklusiv der béimesch-mährescher Blosmusek verschriwwen hunn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Zolwer Knappbléiser hu sech aus The Knappblazers entwéckelt a goufen am September 1965 op Initiativ vum Alfred Bettendorff gegrënnt, deen dunn den éischten Dirigent vum Ensembel gouf. Den éischten offiziellen Optrëtt hate si am Oktober 1965, um Kiermesméindeg zu Zolwer. Déi 14 Museker hunn an den 10 éischte Jore eng 200 Concerten uechtert d'Land an och am Ausland gespillt.

2013 ass den Erny Irrthum, ee vun de Grënnungsmemberen, musikalesche Leeder vun den Zolwer Knappbléiser.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Zolwer Musek