Zolwer Musek

Vu Wikipedia

Et war 1907, wéi d'Zolwer Musek als Fanfare gegrënnt gouf. Eréischt an den Drëssegerjore gouf aus der Fanfare eng Harmonie.

D'Harmonie[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1938 huet d'Zolwer Musek zu Dikkerech un hirem 1. Ugda-Concours deelgeholl. 1947 huet si sech zu Mamer um Concours an déi zweet Divisioun B gespillt. Déi Zäit ware se zu 50. Tëscht 1947 an 1967 war d'Zolwer Harmonie bei dräizéng Concourse mat dobäi. An d'Division Supérieure koume se 1967 am Concours zu Bieles.

Landbekannt goufen d'Zolwer Knappbléiser, déi 1959 um Zolwer Zeltfest hiren éischten Optrëtt als The Knappblazers haten.

Fir d'Memberszuel eropzeschrauwen a fir eng besser Integratioun vun de jonke Musikanten z'erméiglechen, huet d'Harmonie am November 1974 eng Jugendmusek gegrënnt.

Ënner dem Jean-Claude Braun feiert d'Zolwer Harmonie gréisser Erfolleger: si klammen 2001 um UGDA-Concours an déi héchst Divisioun, d'Division nationale an huelen duerno un enger Rei Musiksconcoursen a Musiksfestivaler zu Lëtzebuerg an am Ausland deel (2005 um Flicorno d'Oro zu Riva del Garda, 2007 um internationale UGDA-Concours zu Esch/Uelzecht, 2008 um Mid Europe Festival zu Schladming an 2012 um internationale Blosmusekfestival zu Berlin).

D'Jugendmusek an d'First Band[änneren | Quelltext änneren]

D'Harmonie des Jeunes Soleuvre gouf op Virschlag vum deemolegen Dirigent, dem Jean-Pierre Braun, bannent der Harmonie als Jugendgrupp gegrënnt. Op déi Manéier konnt d'Zolwer Musek eng gutt organiséiert Jugendaarbecht leeschten, an d'Zuel vun hire Membere kontinuéierlech an d'Luucht schrauwen. Am Laf vun de Joren ass den Niveau vun der Jugendmusek allerdéngs sou geklommen, dat am Fréijoer 2001 d'First Band hiren éischten Optrëtt hat. An der First Band kënnen zanterhier déi ganz jonk Musikanten hir éischt musikalesch Schrëtt maachen. Zanter September 2011 ass den Eric Engel Dirigent vun der Jugendmusek a vun der First Band.

Dirigenten[änneren | Quelltext änneren]

5 Dirigenten hu vun 1936 un d'Musek gefouert:

  • Jean Schmit (1936-1966)
  • Jean-Pierre Braun (1966-1987)
  • Armand Meis (1987-1991)
  • Jean-Claude Braun (1991-2013)
  • Serge Kettenmeyer (2013 -)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]