Zweet Véierkeeserjoer

Vu Wikipedia

Als Zweet Véierkeeserjoer gëtt d'Joer 193 no Christus bezeechent. Heiansdo gëtt och d'Bezeechnung Fënnefkeeserjoer benotzt. An deem Joer goufen – no der Ermuerdung vum Commodus den 31. Dezember 192 – véier Männer zum Keeser ausgeruff. Dat waren:

de Septimius Severus

Schliisslech konnt de Septimius Severus sech definitiv duerchsetzen. Hien huet d'Dynastie vun de Severer gegrënnt an huet sech (fiktiv) als den Adoptivbouf vum Mark Aurel (de Papp vum Commodus) duergestallt, fir un d'Traditioun vun den Adoptivkeeseren unzeknäppen.

De fënnefte Pretendent, de Clodius Albinus, huet sech mam Titel vun engem Caesar an der Aussiicht op d'Nofolleg vum Septimius Severus zefriddestelle gelooss. Hien huet sech eréischt 195 zum Géigekeeser ausruffe geloss, wéi de Septimius Severus däitlech z'erkenne ginn huet, dat hie seng Bouwen, de Caracalla an de Geta, als Nofollger gewënscht huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich.