Émile Schaaff

Vu Wikipedia
Émile Schaaff
Gebuer 5. Februar 1868
Gestuerwen onbekannt
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den André Émile Schaaff (Schaaf), gebuer de 5. Februar 1868 zu Iechternacherbréck[1] a gestuerwen den 9. Dezember 1930 zu Iechternach[2], war en Iechternacher Gierwer a Gemengepolitiker.

Seng Eltere waren de Jacques Schaaff an d'Catherine Weides. Hie selwer war Jonggesell.[1]

De 27. September 1899 ass den Émile Schaaff, dee do schonn am Gemengerot war, Member vun der lokaler Schoulkommissioun ginn.[3]

Hie war Buergermeeschter vun Iechternach vum 8. Januar 1918 (Datum vun der Nominatioun) bis den 30. Dezember 1924.[1]

Den Émile Schaaff war Member vum Festkommitee vum Willibrordus-Bauveräin, dee sech ëm d'Dekoratioun vun de Stroossen a Plaze gekëmmert huet, déi um Wee vun de Reliquie vum hellege Willibrord, déi de 4. Juni 1906 aus der Parkierch an d'Basilika iwwerdroe goufen, louchen.[4]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Liste des maires respectivement bourgmestres de la ville d'Echternach. Archives de la Ville d'Echternach.
  2. Luxemburger Wort 1930-12-11, Nr. 343, S. 5 (Doudesannonce).
  3. Luxemburger Wort 1899, Nr. 272 (29. September), S. 3
  4. Luxemburger Wort 1906, Nr. 95 (5. Abrëll), S. 3